Jo do kann een schons eng immens Gallerie opmaan mat esou Fotoen well eis Knipsien - beim Vollek als "Kontrolleren" bekannt - weisen oft genuch där entgleisten Destinatiounen op FaceBook. Do kommen déi komeschst Saachen hei ans do eraus, esou dass een denke kéint den Zuch géif éischter Richtung Ougadougou oder Timbuktu foueren, wéi hei am Land. Kee Wonner dass eis auslännesch Matbierger all Eisebunner dann uquatschen mat "Äsch??? Ääääsch???" a groussen Aan, wann se wellen op Esch foueren. Esch un der schéiner Uelzecht natirlech, net op Esch un der nach méi schéiner Sauer