dorunner geduecht, dat en HighKey net onbedéngt an engem Studio muss gemaach ginn. Fléicht kennt an nächster Zäit iergendeppes an deeër Richtung vu mer.
Wat géings du dervun haale, de cadrage nach e besseb ze äneren? Ech denken do un déi rechts Partie mat där gringer Kabaischen. Ech verstin, datts du déi matgeholl hues, well doduerch och roud a gring an dénger Foto ass, mais wéi wier et, wann een déi géif wegschneiden an de rechtse Bord géing do usetze, wou di dräi Stroumleitungen erof op den Daag gin? Et ass eng Iddi, eng Matière à discussion.
merci Nico, en interessante Link
déi Virschlag hunn ech elo probéiert well en wierklech interessant ass, wat mech dorunner stéiert, ass emol virun allem dat ech do aus dem Format (30x45) erausfalen . Mer gefält an deem Fall de Cadrage net méi, an d'Bild gëtt mer dann och nach, ouni mat de Komplementarfaarwen vun der Kabaischen ze eidel ... et fehlt mer dann eppes am Bild
merci awer vir d'Propositioun )
Genee dat hun ech och geduecht, datt géing geschéien, wann een d'Haische wegléisst. Dofir war et och eng Iddi, vun där ech selwer och net 100% iwwerzeegt war au déart, mais ech wollt se awer mol lassgin.
Et ass net nëmmen e Problem mat der "Komplementar-Faarf" déi da feele géif, mais et géif och nach de komplementar eckegen Volume zu deem ronnen Tank fehlen.
Mir gefält se super,
esou wéi se ass,
Ed.
merci Xaph, hu mësch och driwwer gewonnert dat dat iwwerhaapt geet.
Beim knippsen vun esou "neie" Saachen fäerten ech ëmmer dat den Apparat
net ausgeléist an d'Optik giff
oh ben, daat Stéck Haisschen ass awer den Tëpelchen am Eck!
waat mech stéiert an daer Foto, ass, dass ech nie op d'Idee komm wier se ze maachen ... an daat ass daat waat ët ausmëcht ... esou Saachen ze gesin an och adequat cadréieren ze kënnen
hehe, den rechteckegen Tëppelchen am Eck, dat gefält mer, an kann nëmmen vun der kommen
merci Jade, an ënnert eis, et ass net schwéier soss kéint ech et net maachen Den Trick ech verroden en elo, en 8mm Wéitwenkel an an d'Landschaft knippsen .... dorno doheem an a rou, kanns de der gemittlech deng Dozen Biller erauscroppen