Extras: Moofe Gel
Gescannten Kaartespill
Photoshop 3D
Manfrotto 005B Nano lightstands
Fir anzesetzen: [pg_img=52344]
Kommentar vum Fotograf:
Vun engem Casino (James Bond / Gambit) Shooting mam Chris Willmott, an der School of Arts um University of Kent campus. Méi vum Shoot um Blog: http://gloda.net/20110109-casino. Unauthorized Access
YEAH!!
bis op den Eck ennen lenks gefällt des mer direkt FILL besser wei nr.1!! (hm den rouden Ass wierkt allgemeng e bessi ugeknabbert?)
dynamesch Perspektiv an alles anecht waat eng Glodafoto muss hun - i really do like!
Dat eenzegt wat mer hei negativ (naja... éischter manner positiv ) opgefall ass, ass dat d'Käerten net 3dimensional wierken. Hues de déi selwer am Ps gebastelt oder fotograféiert?
Oh! Super! Do hat ech eppes verpasst. Wonnerbar. Just e bëssi ongewinnt fir d'Ae sou vill Déiftenschäerft ze hunn. Et gierf mech interesséieren wéi se wierkt wann d'Kaarten ganz vir e bëssi onscharf wieren.
Ech wollt dat probéieren. Photoshop 3D huet eng Onschärft-Funktioun. Mä ech hu gemengt ech misst 3D direkt mat hi-res TIFF Fichiere probéieren. Just dat do huet 3 Stonne lang gerendert Dofir hat ech dono keng Loscht méi
Kuck och den Arm. D'Hand ass scharf, d'Handgelenk net, den Rescht awer nees. Dat ass en Composite vun 2 Fotoen, also wat s de sees ass ganz richteg.
Dat mam Aarm an Handgelenk (virun allem Jackett beim Handgelenk) war mir och opgefall awer et huet mech net sou gestéiert dass ech mir doriwwer Gedanken gemeet hätt. Well den Bléck vun den Kaarten op d'Gesiicht geleet gëtt, an ëmgedréint, an d'Fangeren jo bei den Kaarten schaarf sinn. Ech hunn awer net souwäit iwwerluecht dass et 2 Fotoen kéinten sinn. Ech war dovun ausgaangen dass et een Crop wier, fir dass et méiglech wier vun den Fangeren bis zum Gesiicht schaarf ze hunn. (also Hyperfocal op den Fangeren an vun 2 bis 3 Meter Entfernung)