Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

E Yogi zu Lumbini

 
E Yogi zu Lumbini
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (09.01.2011). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    09.01.2011
  • Gekuckt:
    21162
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    55
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f6.3
  • Brennwäit:
    34 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    570 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Canon 5 DMK2
  • Programm:
    AV
  • Objektiv:
    24-70 f2.8
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=52104]
Kommentar vum Fotograf:
De Raja Yoga huet 8 Niveau oder Pfaden
Yama, Niyama, Asana, Pranayama, Pratyahara, Dharana, Dhyana and Samadhi.
DEi sinn an den Yoga Sutras beschriwen an hauptsaechlech dei vum Patanjali ginn an Konsideratioun geholl.
Dei rischtech ferwent Yogi'en stahlen eng onnhémlech "Eppes" aus.
Et ass e bessi daat och waat mir am Mount Athos oder an den verschidden Klosteren eramm fannen (Den Hata Yoga ass ersaat mat Aarbescht, De MAntra duerch gesaeng asw asw...) an do kritt én och eppes onwahrscheinlech starkes matt wann én bei hinnen setzt.
Jeanny 09.01.2011 - 16:54
däi Bléck, bal onheemlech
wonnerbar fotograféiert a bea.
gtaddei1 09.01.2011 - 17:02
Merci Jeanny
De Bleck dreckt alles aus
suraki 09.01.2011 - 16:56
s... flott dat doten,
se ass awer leider esou schaarf dat et scho bal wéi deet,
Gennaro ech wées dat s se am groussen gutt ass !! closed_eye
gtaddei1 09.01.2011 - 17:04
Am groussen ass dei gudd wann ech se printen awer net wann ech se Chemesch "zeien" loossen.
D'Schaerft ass mol net gepusht , ech mengen daat kennt vun der Verarbeschtung duerch én SW Lyer wou ech just nemmen de Skizz behaalen.
Wann én dourno daat nach weider kontrasteiert dann get et én senn vun schaerft dei an wirklech keng ass.
Schluck 09.01.2011 - 16:59
Freck ... huet dein Sensor bei dem Bléck keng offkritt ? Ganz flott an am klengen wierklech schon bal ze scharf
gtaddei1 09.01.2011 - 17:05
Ech mengen net dat dei ze scharf ass well ech gesinn net dei klassesch Digital Effekter vun der Iwerschaerfung bei 200%
Schluck 09.01.2011 - 17:13
Soot jo bal ... technech gesin ass se bëstemmt net iwwerschaerft
gtaddei1 09.01.2011 - 17:14
Mmmh dir sidd awer schon zu 2 wou dei mir daat soot... mool kucken iech ze befriddeschen
Schluck 09.01.2011 - 17:17
Ech geif soen dass ët d'Grass ass waat zevill ass ... Lenkt awer zevill vum Sujet of
gtaddei1 09.01.2011 - 17:20
Jo daat ass meiglech , de selweschten Problem haat den JC och.
Mool kucken villeicht mat engem Vignettage ?
Nagarjuna 09.01.2011 - 17:23
Jo, ech hunn se mol op Eis geluecht bis mir eppes afält. Awer wanns du déi gréng an giel téin méi saturéierts, dann gesäit d'Gras schon besser aus. Awer et ass nach emmer eppes wat stéiert... Ech kommen och net drop. Villäicht wier se mat enger Oppenblend besser ginn, allzäit meng Versioun...
gtaddei1 09.01.2011 - 17:27
Jo ... et ass net evident ... Et gett nemmen eng Solutioun dei wirklech epes brengt ... De gange eropp treppelen an sie bei sech dohém besichen goen
Nagarjuna 09.01.2011 - 17:29
smile Eng Idee... Ech wäert mir dat zu Häerz huelen... bigsmile
gtaddei1 09.01.2011 - 17:30
Jo ech och smile
gtaddei1 09.01.2011 - 17:44
Voilà e bessi aneschters
Zora 09.01.2011 - 17:11
Posch ungehaalen, an d'Schlappen ausgedoen, flottclosed_eye
gtaddei1 09.01.2011 - 17:15
Merci Zora
Wann én d'Posch unhaellt an d'Schlappen ausdét ????... Dat gesait net schlecht aus ... muss mir dat mol eng keier op enger Foto duerstellen! smile
Zora 09.01.2011 - 17:19
Poschen sin cool closed_eye
gtaddei1 09.01.2011 - 17:21
An d'Schong haalen warm... smile
Ech fannen den Zusammenhang nach net
Zora 09.01.2011 - 17:23
Also dei dooten Schong zwuar net closed_eye
gtaddei1 09.01.2011 - 17:25
Oké hunn elo verstaanen ... Waat ech awer op der Leitung kenn setzen smile smile
Zora 09.01.2011 - 17:27
Hehe, hun daat och heinsdo, mengen daat huet all Menschsmile
gtaddei1 09.01.2011 - 17:30
Dat ass secher ... et dierf én just net dropp verweilen, also um Rouer
Nagarjuna 09.01.2011 - 17:21
Den do ass awer dem Buddha (wuel als Reincarnatioun vum Vishnu, well hien Hindu ass) eng kleng Visite ofhalen gaangen. Lumbini ass wirklech eng friddlech Géigend, oder besser Pilgerplaz. Net sou opgesicht an fesselnd wéi Bodhgaya, awer trotzdem ganz schéin.
Zu der Foto: Mat der Schäerft ginn ech deenen aneren Recht. Dat fällt virun allem duerch déi liicht wäiss Ligne laanscht him sengem rietsen Aarm (Modelperspektiv) op. Soss fannen ech se ganz gutt gelongen. Virun allem ass d'Gesiicht bei deenen schwéieren Liichtverhältnisser ganz gutt siichtbar.... besser vun vir wéi vun der Säit. smile
gtaddei1 09.01.2011 - 17:23
Du iwersaits awer glat nie eppes ... ech hunn un dei Linn baal eng halleff stonn gewurschtelt fir dei earaus ze kreien ...
Also daat mat der Schaerft sidd dir elo zu 3 ... muss eo dann nach e bessi dorunner wurschtelen goen soss muss ech dei frech maachen
Merci villmols
Nagarjuna 09.01.2011 - 17:26
Ech denken besser frech maachen, falls du schon d'Layeren schon verschmëlzt hues. Fir déi Ligne ewech ze kréien kriss du vill Aarbecht denken ech.
suraki 09.01.2011 - 17:26
jo, dëcken ech den Arm mam Fanger of as se "bal" closed_eye gut.
en klengen blur mat enger Mask an et ass eng Wochefoto!
gtaddei1 09.01.2011 - 17:29
Frech machen ... mmh et det mir awer e bessi Léd awer et ass néidesch wengstens eng nei ze probeieren.
Ed, de Blur oder Glow ... dann ass dess och fir de Schierm gudd
suraki 09.01.2011 - 17:34
ech selwer hunn ëmmer zwou Versiounen, eng vir ze drécken an eng e bëssen aneschters verschafft , fir um Schierm hei ze weisen smile Béides zesummen geet ganz schwéier.
gtaddei1 09.01.2011 - 17:36
Wés daat , me bon ... et ass emmer esou eng Saach vun der Zait
gtaddei1 09.01.2011 - 17:44
Besser?
suraki 09.01.2011 - 17:59
jo, ech fannen se esou e besser smile
sylvie 09.01.2011 - 19:38
Deen Yogi huet wirklech en onheemlechen Bléck, ganz impressiounant, ganz schéin verschafft , gefällt mer ganz gudd smile
gtaddei1 09.01.2011 - 19:46
Merci Sylvie ...
Et war eng relativ haard Luucht (relativ frei am Nomettesch) , voll an der Sonn. Daat ass weider keen Problem fir de Personnage me mei fir den Environnement. Na ja fir d'Naechst Keier wés én dat besser.
sylvie 09.01.2011 - 19:49
ech fannen se an allen Hinsichten gelongen . Et kann een sech leider net ëmmer raussichen mat der Zeit am Dag fir ze knipsen.
gtaddei1 09.01.2011 - 19:55
Daat ass abslut wouer , mé Hai um Site ginn et KorinteKacker dei och nach recht hunn ... do muss alles op de mm stemmen an esou sinn ech och e bessi (e bessi betounen ech)
Jo , d'Stemmung stemmt awer irgendwei an de Message ass do ,,,, De Yogi ... den schons poseiert, awer hien behaellt sein ganz mysteriosen Blëck ... an enger Welt wou alles sech em d'Geld dreint , do wou de NON MAterialismus gouer keng Plaatz mei huet, do setzt hien do ganz einfach ouni Schlappen an mat senger Poche , an hien waard bis neischt mei do ass . Hie well ganz einfach neischt mei jut nach am NEISCHTEN verweilen ... waehrend mir ALLES wëllen an emmer mei bis mir Platzen
sylvie 09.01.2011 - 20:01
Jo, ech gin der vollkommen recht wats de sees, mee änneren kënnen mer leider naischt . Dach zefridden sin mat deem wat mer hun, an dat ass méi wie genuch
gtaddei1 09.01.2011 - 20:53
Oh ech well neischt aenneren just nemmen soen dass mir awer eppes verpassen ...
Zora 09.01.2011 - 20:02
@Korintekackerbigsmile
gtaddei1 09.01.2011 - 20:54
Me dei hunn Recht daat ass eben daat schlemmst !
ZerberuZ 09.01.2011 - 20:06
D' bild ass wierklech gudd, zumols well deen do setzt an dech mat sengem zaarten, awer trozdem fierworfsvollem bleck duerchbuert,
en wierkt surreal an daer beliichtung .. wei en hellegen bild kennt en mer fier oofgesaat vum hannergrond als geif en net dozougeheieren ...
gtaddei1 09.01.2011 - 20:58
Dein Komment ass Super ... ech haalen mir dén och , ...
Am Fong , fir eierlech ze sinn, ass genau daat waat ech wollt . DE Problem ass op daat och esou duerch kennt. Op daat elo wichtesch ass oder och net d.h. op daat esou duerch kennt... mengen nett daat esou maassgebend ass. D'Verschaffung muss jo eppes mei brengen , doud secher nett aus der DFoto én Eycatcher maachen , just nemmen mein Gefill also daat wat ech an dem Personnage do stiechen, graphesch representeiren.
Merci villmols
ZerberuZ 09.01.2011 - 22:19
villmols gaer geschidd, et ass emmer schweier engem en gefill vun engem moment iwert en bild matzedeelen, deen wou d'bild kuckt muss och en gewessenen 'state of mind' hun an empfaenglech sin fier esou emotiounen an situatiounen an se och verstoen.
an daat mat den korintekacker gefaellt mer doduerch nach mei besser bigsmile
gtaddei1 09.01.2011 - 22:29
Geanu daat , et ass schrecklech schweier. Et ginn Fotografen , zemools dei vun elo, dei sech an der Konzept Fotografie ausdrecken, maachen Fotoen mat enger onwaarscheinlecher Charge vun Symbolik . De Cadrage ass esouguer oft Pueril , d'farwen oft onkontrasteiert awer schrecklech equilibreiert, D'Qualiteit vum PostProcessing ... sie geifen d'foto um Photogen refuseiert kreien. Mé dei hunn eng Kapaziteit fir ier Biller esou gudd schwaetzen ze doen. Oft ass eng ganz Welt an 8-10 Fotoen erzielt.
Den State of Mind... absolut ... wann én Frou opgeluecht ass dann kommenteiert én Frou Fotoen an emmgedreint. Mé do ass et awer wichtesch d'Foto oder én tableau oder esouguer einfach eng Landschaft ze observeieren ouni se ze interpreteieren ... an warden op daat Bild dir dann och eppes zou sét. Daat och ass schrecklech schweier, well dann waer och all Foto , Tableau asw gudd.
Daat ass eng schweier Questioun ... ass d'Subjektiviteit massgebend , sollen mir d'Objektiviteit absolut sichen an dems mir eng Foto jugeieren (aist oder dei vun anerer)? Bo ... keng Anung...
Mir machen einfach esou weider
ZerberuZ 09.01.2011 - 22:51
Also daat waat op photogen accepteiert an refuseiert get doriwer kann een eiweg streiden smile ech geif eischter soen dass den problem am groussen ass dass d'lait permanent leiwer eng perfekt teschnesch foto oofliweren wei eng emotioun ze weisen, an eppes wellen duerstellen, ass wahrscheinlech mei einfach ze wessen dass een mat photoshop den grain kann eraus huelen, wei dass een och duerch eng net perfekt foto am senn vun der technik en gudd bild kann maachen. mais do kommen mer op daat eiwegt thema weini ass eng foto gudd, an daat ass subjektive duerch d'liewnserfahrung, emotiounen an d'wessen vum eenzelnen betrachter.
elo mol genuch mat philosophie smile
gtaddei1 09.01.2011 - 23:40
Daat ass philosophie mee no menger meenung ass daat och technik
OK-Photography 12.01.2011 - 20:42
en strahlt eng ganz besonnech AURA aus..... XD

wees awer nik op dei mer sougudd gefaalen well cool
gtaddei1 13.01.2011 - 00:28
Saugudd ass Jo net neidesch! Du hues dess mol allzeiten gekuckt an gedanken driwer gemeet, daat ass Jo schon net schlecht.
OK-Photography 13.01.2011 - 01:04
sOu gudd.... closed_eye

-->mech stéiert dass dLuucht onecht wierkt....firunallem den lenksen Arm as "suspect" - et gesait baal aus wei een Halo...mee sin mer net secher bei der Opléisung....

an och dAan gesin mer opgehellt aus...waat insgesammt een eischter onrealistechten Androck hannerléisst

den mengermeenung no net néideg as, well den Portrait och ouni Retouche schon gelongen as! smile
Poly 16.01.2011 - 00:28
buah, wei konnt ech déi iwwersinn, zemools mat esou "ellelaang" comments, ech gesinn du kriss déi selwecht Bemierkungen gemaach wei ech och, an zwar mat der Schäerft, ech fannen dat se an dem heiten Fäll zum schaarfesmile Bléck passt.
éierlech gesot, mer ass se wierklech gutt esou,villäicht hunn ech och keen esou en LED Ecran,
du si leit déi sech deier Objektiver an Apparater kafen fir alles schaarf ze kréien, an hanneno kréien se gesot et wier däers gudden ze vill smile
dat eenzegt wat ech bësse schued fannen dat ass den Hannergrond, de passt iergendwéi net zum Sujet :-(
villäicht kanns de do nach eppes maachen smile
gtaddei1 16.01.2011 - 12:10
Dess foto an Verarbeschtung huet fir Kontroversen gesuergt. Daat huelen ech jo an Kaaf.
D'Schaerft ass guer net gepusht ginn méeffektivement wierkt dess e bessi iwerschaerft. Ech printen dei mescht vun mengen Fotoen an do muss ech awer d'Textur e bessi prononceieren soss gin dei ze mëll um Papaier.
Den Hannergrond war eben esou, do well ech awer nett vill maachen well mir och weider neischt afaellt.
Merci ech probeiren awer d'Indikatiounen an Kaaf ze huelen
smile
Poly 16.01.2011 - 12:48
hmm a wann et jon nëmmen gestempëls , ofdonkelung oder e spot ass du kriss dat jons hin closed_eye
gtaddei1 16.01.2011 - 13:02
Probeiren mool eppes ewesch ze huelen dohannen
Oder?
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/5359444721/
dr_kim_veis 16.01.2011 - 04:48
maybe a bit too much? e bessen bollywood smile
gtaddei1 16.01.2011 - 12:11
mmmH Jo villeicht ... a bit too much... may be. Ech probeiren och mool eng mei douce etheresch Versioun ze maachen.
Thx very much smile
http://www.flickr.com/photos/gtaddei1/5359444721/ just see

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 602 Gäscht online