As ganz richteg - hätt ech och "sëcher" sou gemach ; mä leeft am DP Challenge ënner Basic Editing - do därf een daat net.
Challenge: Tilted III (Jun. 16th 2010 - Jun. 22nd 2010)
Rules: Basic Editing
Submissions: 127
Voting Deadline: Jun. 29th 2010
Details: Make use of an unusual angle to create design or movement in an otherwise ordinary photo.
mir gefällt déi hei gudd,mat deene flotte Faarwkontrasten
perséinlech hätt ech nach mé gecroppt
ënnen, dass de Buedem ewech wier alénks dat mini Stéck vum 2ten Turm
Paradox aus deem Grond, wäll lénks Sait vum Gebei ob der Foto lénks as an riets Sait vum Gebei op der Foto net riets as méi uewen. Kléngt komplizéiert.
" paradox ", wuertwiertlech iwwersat, heescht: "de Contraire vun der geleefeger Meenung".
An dat ass bei denger super Foto sécher net de Fall. Och wann's du mengs dass deng Erklärung géif komplizéiert kléngen, ass deng Foto ganz einfach.
Jiddereen versteet déi. A well se esou einfach ass, ass se esou schéin.
"Paradox" géif ech an dësem Fall héchstens mat "ongewinnt" iwwersetzen, oder, eventuell, mat "aussergewéinlech"....
Sou lues hues de verstaan; dei geleefef Meenung as nähmlech das bei enger Foto vun engem Gebei dei lenks Sait lenks as an dei riets Sait riets. An dësem Fall awer net. Loosen mer lo awer einfach den Titel vergiessen; sos nennen ech Foto Haus.