Teschnech wierklech propper, mol eng Keier wou net komplett iwwerdriwwen get! Just bei daer eichter haes de vleit kennen en bessen mei Kontrast dranloossen.
Also ech maachen un sech emmer 3-5 Beliichtungen vier en HDR, haenkt vum Kontrast an den iwwerstrahlten Detailer of.
Gefällt mir gudd...ech hun och eng d300s an maachen emmer autobkt matt 9 biller....doheem maachen ech en tri fir den ganzen histogram wärter ze hun...also wann der ze daischter oder ze iwerbeliicht dan fleien se...all dei di plus minus waerter an der selwechter range hun, fleien och...en moyen bleiwen mir emmer 5-6 biller...probeieren e mettelwaert ze fannen mam spotmetering an dann -4 bis plus 4 fir secher ganz gamm drop ze hun....puristen maachen daat manuel, mossen den daischtersten punkt an den hälsten an huelen eng foto all zweeten stop...hoffen daat helleft...kann sin dass d'puristen versioun elo kontroverseiert get..wäll ech dei net uwänden, kann dir net mei ze där versioun soen
Villmols merci fier deen hellefreichen Kommentar!
Ech man och emmer mam Bracketing 9 Biller an normalerweis huelen ech dat 9. Bild raus, well een baal nemmen nach weiss drop geseit.
Merci awer nach eng Keier fier d'Info!
Eng HDR get mat 3 bis unendlech ... et muss én dei Fotoen huelen dei én brauch fir d'Ganz Gamme drann ze hunn... ech hunn mat 2 IL ennerschéd missen schon bis 13 goen an verschidden Okasiounen an anner nemmen 3 sinn deck douer gangen ... also et hängt einfach vun der Luucht of... deng wier bestemmt mat 3 douer gangen ...
3 oder 5 oder 9 asw sinn Auto Bracketing , daat mescht nemmen de Shutter futti ... an oft sinn vill Fotoen unnetzlesch ...
meng 5 Groschen zu deser sach
vergiess net deng HDR ze schärfen ... well do stecht de ganze Secret ... esu wei an den Kontraster ... Soss kriss du emmer eng Platt Foto dei net der Waert ass.
En plus oppassen op d'Saturatioun... Am PS de Hue erofsetzen vun der Dominanter Fuerw oder einfach d'Vibrance am Caera raw erofsetzen...
Ech hoffen dass ech net Chinesesch schwätzen...
De Shanti huet jo super Couren fir d'Federatioun ginn
Ech mengen du hues alles gesot Gennaro. Fir éischt Versich fannen ech dës Biller schon wierklech gutt getonemapped. Keen Mickey-Mouse-HDR, weis du et ëmmer nenns. Awer d'Stativ ass een absoluten 'must' wann een vill mat HDR schafft. Ech bewonneren seng roueg Hand an d'Aarbecht vum Photomatix fir dat och iwwerteneen ze lee. Well et wackelt een jo awer ëmmer e bëssi. Ouni Stativ bleift engem wierklech näischt anescht iwwreg wéi den Bracketing zu benotzen, wat awer keng immens gutt Léisung ass.
Ech hunn d'Slideshow vun dem Workshop, awer ech weess net op dat dem Charel eppes hëlleft, wann do keng Erklärung dobäi ass. Am Forum get et een Tread iwwert Bicher. Do sinn e puer interessant Bicher dobäi déi mir vill gehollef hunn.
Effektiv en ganz natiirlechen Look. Mee bei den zwee mëttleren (den Poul mam Droot and d'Landschaft) gesin ech net firwaat een do iwerhaapt mat HDR schaffe sollt. Daat misst dach an engen eenzeger Opnahm ze maache sin? Esou vill Kontrast schéngt do net gewiescht ze sin, oder?
Jo, do hues du och recht (wat dei 2 mettelst betrefft). Ech hunn einfach mol drop lass geschoss an dei bessen mei interessant Saachen fotografeiert.
Haat mer bei dem Poul e besse mei erwaard, wat d'Flechten uginn, fier do e Schimmeren rauszehuelen, mee deem war awer net de Fall.