Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Message in a Bottle

 
Message in a Bottle
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.05.2010
  • Gekuckt:
    126791
  • Favoriten:
    11 (Wen?)
  • Kommentarer:
    26
  • Beliichtungszäit:
    1/8000
  • Blend:
    f/3.5
  • Brennwäit:
    20 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    2x580EX duerch Prabelli
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x533
  • Späicherplaz:
    97 KB
  • Originaldatum:
    20100418
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5DMkII
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Canon EF 17-35 2.8L
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Nujee, déi Fläsch huet jo iergendwéi missen eidel gin... *hick*.

Fir anzesetzen: [pg_img=45629]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hu gëscht 60 DINA4 Säiten Essay agereescht. Also deen wou ech ënnert anerem recherchéiert hun während ech a Bermuda war. Lo kann ech dann och ufänken d'Fotoe vun do emol ze verschaffen. Eng éischt Rëtsch as um Blog: http://gloda.net/20100522-bermuda

Ech géif mech iwwer Feedback freen, notemment iwwert den neien Gallerie-System deen ech wëlles hun an Zukunft um Blog ze gebrauchen.

Och vun Bermuda:
Ocean View
Ray 22.05.2010 - 22:01
Flott flott smile
jperm 23.05.2010 - 00:24
ganz scheinsmile
arwa 23.05.2010 - 09:07
einfach awer - Top !


geif narwëll de Moment gären u sou enger Plage leien smile
Kaabes 23.05.2010 - 11:33
eng herrlech Foto smile, an eng super Serie ob dengem I-Site.
MB-Photos 23.05.2010 - 12:13
Idee mat der Fläschenpost fannen ech super sou wei deng aner Fotoen um Blog, bei dem Sunset feelt et mer vieleicht bessen un Kontrast kann awer un mengem Bildschirm leien.
gloda 23.05.2010 - 12:25
Entweder du mechs de Geck wat den Sonnenënnergang ugeet, an deem Fallbigsmile, jo ech hun iwwerdriwwen. Oder du mengs et eescht an du brauchs wierklech en neien Bildschirm :/
MB-Photos 23.05.2010 - 21:03
bigsmile
Jean-Jos 23.05.2010 - 15:47
Flott an d'Bild gesaat a gutt mat der Déifteschäerft geschafft.
Mir gefällt se.
Däi neie Galerie-System ass nët iwwel: et huet een eng gutt Iwwersiicht an et gesäit een op den éischte Bléck wat een eventuel verdéiwe wëll ...
gtaddei1 23.05.2010 - 17:18
Excellent
m-otiv 23.05.2010 - 20:38
fannen ech gutt Gloda...excellent souguer...hues du mam blur e bessi nogehollef?
gloda 23.05.2010 - 21:05
Nee, dat as vum 3.5 an minimal Fokusdistanz.
Johny 23.05.2010 - 21:25
Ech wëll déi als Wallpaper, ELO! smile Wierklech genial, de flou ass grad richteg esou, d'Harmonie an der ganzer Foto passt, d'Vignette ass dat eenzegt wou ech lo géing soen, déi kéint bessen manner staark sinn.
gloda 23.05.2010 - 21:46
Ok Chef. smile
(Vignette hun ech keng dobäi gemaach. Fir dat vum Objektiv elo am Nachhinein eraus zehuelen as mer awer lo zevill gepiddels.)
Johny 23.05.2010 - 21:51
OK, ech hat gefaart dass et eng original Vignette ass ... closed_eye

//EDIT: an merci fir den neie Wallpaper bigsmile
Jean-Jos 23.05.2010 - 21:51
smile
Merci Johny fir déi gutt Iddi.
gloda 24.05.2010 - 00:03
Oh, cool, merci fir d'Votes. Am Concours wou ech se agereescht hat wuar se just op der 53. Plaatz.
Shantideva 24.05.2010 - 07:53
Vill Opwand (2X580EX durch Prabelli, wuel am Highsync-Mode, op der Plage - U are nuts) fir eng wuelverdengten Wochenfoto. Ech gratuléieren! (Déi an der Mett mam Aquarium gefällt mir awer besser bigsmile)
gi87 24.05.2010 - 21:08
Einfach Genial !! Super Aarbescht !
Tomz 25.05.2010 - 01:15
Super Foto, Respekt closed_eye
Kwitchibo 25.05.2010 - 14:39
iLIKE
McQueen 25.05.2010 - 15:11
Kommentar enner extra ass gudd smile
Super Iddi an super Foto.
Gaga 26.05.2010 - 01:53
!Dës Foto ass net méi am System!
nini 27.05.2010 - 23:18
gefällt mer ;o)
suraki 06.01.2011 - 19:54
beim wulle goen entdeckt closed_eye
ze schreiwe brauch ech hei néicht,
WorldTraveler 05.03.2011 - 10:50
Den Fliiger fir op bermuda ass mega deier! Ganz schéin Photo! smile
gloda 05.03.2011 - 11:13
Niewesaison smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 234 Gäscht online