eng tuut? du meedchen! :P beim urbexen muss de knaschteg gin soss miirkt jo keen waats de geleescht hues de shanti soll jo anscheinend suguer futtis boxen maachen beim urbexen gett rumouert
zur foto: ass unsech ging ech mengen e gudden usaatz do, du hues op allefall net de problem deen ech emmer haat, ech hun mer zevill gedanken beim shooten schon iwwer den postprocessing gemaach, sou dass main sujet verluer gaang ass... waat mech awer un der bea stéiert ass deen ausgefriessenen himmel... hun ech och öfters bei den fensteren an de gebaier, et soll laut shanti eng reng saach vun tonemapping sin, an ech sin do och nach emmer um probéieren. En luew muss ech der hei awer ausschwetzen well ech fannen dass den waitwenkel intressant agesaat gin ass: uewen net zevill verzerrt an ennen awer schéin laang gezunn jojo 11mm ass eppes schéines!
ps. fällt mer nach op, méi kleng blend beim urbexen ech gin prinzipiell ni enner 7.1 (an daat suguer nemmen an extrem fäll) befannen mech meeschtens zwescht 11 an 16, hues jo sws en stativ dobai also! Daat gett deem ganzen nach mei schärft en tout!
Oh, den m-otiv ass jo eng richteg "Tata". Eng "Tuut" :P ?!?!?
Vergiess dann och net d'Feuchttücher matzehuelen, hihihihi
Majo, zur Foto: Hmmm, du hues do Müll fotograféiert. Daat ass net sou richteg waat ech mir ennert Urbex virstellen. D'Veraarbeschtung ass mir och ze stark fir desen Sujet, awer daat ass ADG. Mais bon, daat war jo een eischten Versuch... (an dann och nach ouni Tuut, matzen am Dreck. )
Merci awer dass du mech e bessi lachen gedoen hues. Déi lescht Deeg appreciéieren ech daat immens.
et ass amfong net urbex an awer erem urbex wanns de mech frees iegentwei erzielt daat do awer seng eegen geschicht, mee ech verston awer wisous de sees dat et net daat ass waats de der drenner fiirstells an sin amfong och där meenung... nenne mer et MüllEX?
Daat gief jo nach fehlen dass se do Fotoen vun de Leit weisen. Awer et ass schon super dass du bei Wikipedia eng Kéier erangelusst hues fir dir d'Definitioun unzekucken. Well déi mansten Leit machen daat haut nach an dofir hun ech vir domat opzehalen. Well genau daat waat hei steht och hei zu Lëtzebuerg passéiert ass:
"Malheureusement, la scène belge de l'exploration fait naître en son sein une nouvelle tendance : "l'urbex poubelle". En effet, de nouvelles personnes se lancent dans le style "urbex" sans aucune connaissance des lieux, aucun bagage photographique et ils diffusent les adresses de lieux abandonnés mais préservés sur la toile d'internet. Cet effet est mauvais car cela engendre une dégradation exponentielle de l'image des vrais photographes. L'exploration urbaine se mue en "urbex poubelle" qui est l'avalemment d'un concept artistique de qualité par des gens n'ayant aucune affinité avec le concept photographique. L'urbex est l'antithèse de la véritable exploration urbaine qui allie qualité photographique et respect des lieux visités."
Awer domat hues du hei neischt ze din. Verstéih mech net falsch. Ech war mir grad mol erem déi neitsten Definitioun kucken an do hun ech gesin dass den Artikel genau em desen Punkt, den mir d'Flemm agedriwen huet, erweidert gin ass.
also ech hun ziemlech vill domadder ze din...Daat ass jo genau waat Ech gemaach hun "Urbex duerch den Drèck gezun"
Ech benotzten Fachbegreffer, an am fong sin Ech e Fachidiot...
Ech verstinn firwaat's du d'flëmm hues...déémools haat Ech infographie geléiert an och gudd geschafft an der werbebranch, dun huet den PC sech démokratiséiert, an all Hännes matt PS waar op emol Grafiker...Ech haat och de Kéis wann ech 10 logo's propositounen gemaach hun, fir eng ofsoo ze kréien an dann si selwer eppes gebastellt hun am Corel ...
Daat passt och, stemmt. Waat mir beim Urbex (een Begreff den ech mol net méi well fir meng Fotoen uwenden) sou schued fannen ass dass déi Konscht sech selwer zerstéiert huet. Et ass een gudd Beispill fir eng allgemeng Tatsach: Daat waat den Menschen gefällt, an daat waat si gären hun, daat zerstéieren si och.
Am Ufank hun sech déi Leit déi sou Fotoen gemeet hun international gekannt. Ech sin nach emmer am Kontakt mat denen Urbexer aus den Ufankszeiten, an déi sou guer ennert der Belge am Wikipedia zitéiert gin. Mir hun eis strikt un een "Kodex" gehaalen fir d'Platzen virun der Zerstéierung ze preservéieren (take only pictures and leave only footprints). Haut kréien ech just nach déi ganzen Zeiten virgeworf ech gief "Geheimniskrämerei" bedreiwen an et wier grotesk sou eng Platz "geheim ze halen". Ech hun nogekuckt wéi hei um PG eng Kéier een groussen Urbex-Meeting organiséiert gin ass. Daat hat mir (an net nemmen mir) déi Zeit e bessi d'Herz gebrach. Ech wousst dass vun do un d'Zeiten vun der Terre Rouge an der CT gezielt waren. An genau sou ass et gangen. Haut wees all Mensch wou déi Platzen sin, an dementsprechend geseit et do och aus.
Op der aanerer Seit huet déi Fotografie durch déi Iwerflutung hei um PG och hieren Charme verluer. An net nemmen hei. Elo bleiwt mir neischt aanescht iwereg wéi mir een aneren Sujet ze sichen fir daat auszedrecken waat ech fillen.
Awer irgendwéi kennt daat der Sach mat denger Geschicht iwert d'Infographie ganz no.
Majo daat freet mech dass ech iech zum laachen brengen
meng kompo gouf hei ganz mam fouss zesummen gerannt...
Daat mam himmel Ben, hun ech esou nogemoolt... Do waar een super bloen himmel, deen bei dem müll net gepasst huet... Daat mam halo hun ech mettlerweil baal am grëf...
Feuchttücher ass eng top iddi
"Urbex" kënnt vum lateinischen "urbs". An daat heescht "Staad".
Eng Urbexfoto am Bësch, heescht esouvill wi eng Strandfoto aus den Alpen.
"Urbex" ass nët onbëdéngt DRI. Ëgëdréint scho guer nët.
also wéi ech et verstaan hun...ass wann een eng staadt exploréiert an fotoen hëllt...ass urbex...
Di méschten DRI (all souguer) déi ech gemaach hun, hun naischt matt urbex ze din, daat hun och nie behaapt
dës foto ass am rollingergronn (nët am bësch, Val St André fir genee ze sin) an d'plaatz hun ech beim spazéieren (oder exploréieren) entdèckt...dofir hun ech se als URBEX bezéschent...mä waat wées Ech ...Eng strand foto an den Alpen...daat wier jo entlech emol eppes neies, wéi emmer nëmmen bierger
U sëch gëfällt së mir, deng Foto. Wann awer am Hannergronn, zb, iergend een anonyme Building wär, dann hätt si e réellen "urbex"-Kontext. Esou gesäit een nët dass dëst méiglicherweis schonn ë Faubourg ass, oder eng Datscha war....
Haptsach eng Tuut du Sissi do , fro mol den Donpoli wei mär zu Hussigny waren, do war et deelweils beyond good and evil bei deenen Plaatzen wou mär dro rondremgeturnt sin
nee, maan de Geck
ps: punkto Tuut, dofir sin ech frou dass meng D5000 sou en tollen Klapécran huet, während aaner Leit sech am dreck wänzelen, knippsen ech deen Mom per LV monter drop lass