Dann mol hei eng aaner Foto vum selwechten Shooting, allerdéngs hun ech baigeléiert beim Verarbechten. Mee ech sin mer secher, dass der nach Feeler fannt, sidd roueg streng :)
also ech wees net wieklech vill derzou ze soen.. as eng gudd foto, mee mir perseinlech gefällt d beliichtung vum gesiicht net...an den wutz um nora senger hand steiert bessi.. (streng genuch? )
Jap, brav *eizi*
Majo daat mam Armband haat ech leider eréicht um PC gemierkt an dun haat ech awer keng Loscht deen wech ze retouchéieren, den Bléck fällt jo usech am ufank direkt op d'Aen an dann fällt den Armband net su op, hues awa Recht, mech huet en och gestéiert.
Waats de lo vun der Beliichtung net gudd fenns kann ech leider lo net erroden, mee kéinst de jo flait na eng Kéier erläuteren? Ass daat eent Aen ze donkel?
Nach ze warm? Bei der aanerer war jo wierklech iwwerdriwen, haat deen Moment keen Aen fir soueppes, mee haat awa lo gefill se wier kaal genuch. Sin der nach hei dei daat denken?
Ha, een weideren deen sech mam Nora amüseiert! Lo net falsch verstoen
Fannen d'pose usech guernet sou schlecht! Just dem Nora sain Laachen kennt mir vill ze vill ongesaat riwer, wierkt bessi vill onnatirlech.. An daat di lenks sait ze donkel as, steiert och: mol mat engem reflektor probeieren?! An den Hoer kiins du io villaicht am photoshop na mei glanz verpassen, si kommen iergentwei matt riwer..
Souwait ech mech erenneren haat ech deemols keen Reflektor ur Verfügung. D'Hoer hun ech well en bessen verglanzt, awer wollt net zefill maan, well ech wees dass ech an Vergaangenheet oft mat verschiddenen Funktiounen iwwerdriwen hun. Wann ech des Foto na eng Kéier géng maan, géif ech wahrscheinlech en Sport hannert den Kapp setzen vir deen propper vum Hannergrond ze trennen an mat engem Reflektor op der lénkser Sait schaffen, huelen un, dass deen och als Nierweneffekt Hoer bessen méi glänzen léisst.