Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

1 UP

 
1 UP
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.03.2010
  • Gekuckt:
    31219
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    23
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    679x1000
  • Späicherplaz:
    495 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
    Nikon D300
  • Programm:
  • Objektiv:
    Tokina 11-16 f/2.8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=43723]
Kommentar vum Fotograf:
an der Hoffnung op den nexten Tour :D
Gaga 16.03.2010 - 22:50
op deen warden ech och unhappy
as schon sou laang hier !
flott deen detail !mais ennen hätt ech t'traap ganz drop geholl ... as jo den haaptsujet !
deBaemm 16.03.2010 - 22:51
daat mat der traap ass su eng saach... ech fannen sou huet se eppes vun "onendlechkeet" an ech leed de blekc einfach voll duech d ganz bild! majo da renns de einfach next keier mat duech d geigend closed_eye
Gaga 16.03.2010 - 22:56
gaeren .. !
ps : mein bop huet mech emmer vernannt wann ech t'been oofgeschnidden hun ! unhappy
deBaemm 16.03.2010 - 22:57
ben, eng persoun soll jo och net onendlech laang wiirken tongue
Gaga 16.03.2010 - 22:59
hmmm, daat stemmt och erem ! mais an deem fall hätt ech t'feeschten net drop geholl !
deBaemm 16.03.2010 - 22:59
ass jo scho gudd gin der recht tongue closed_eye gesin dain punkt awa effektiv!
dentom 17.03.2010 - 02:20
Mengen hei ginn ech dem gaga recht. Fannen et och e bessen schued datt Traap so oofgeschnidden ass mee vun der Beliichtung, Kontrast a Stemmung hier fannen ech se awer tiptop. Vielleicht hätt et och geklappt wanns de fier d' Onendlechkeet duerzestellen den Ufank vun dem Glenner (do wou et riischt eroofgeet) ewechgelooss hess. Verstees de waat ech mengen?
xaph32 17.03.2010 - 08:17
ech schon closed_eye dat mat der trap ass richteg
deBaemm 17.03.2010 - 10:50
| closed_eye
|
V
deBaemm 17.03.2010 - 10:49
ech mengen ech wees wous de mengs, jo wier effektiv eng alternativ gewiecht! mir bréichten hei su en System fiir saachen op fotoen ze taggen, daat wier mi einfach oft fiir su saachen ze erklären closed_eye
dentom 17.03.2010 - 10:51
jop stemmt, sou wei bei flickr. mee ka mer vierstellen datt sou en System net wierklech ze bauen ass.
deBaemm 17.03.2010 - 10:58
absolut d'accord closed_eye mee cool wier et bigsmile
Mexx 16.03.2010 - 22:51
Ech wir op allefall dobai closed_eye Mai stativ ass haut ukomm muss ech ma siche goen oder sou closed_eye Mee d Foto gefällt mer, just den Halo uewen lengs ass net su mai gout. An dofir dats du su en fanatiker bass wat riicht linnen ugeet, gin ech bei der foto do irgendwei ent eenz wou ech soll hikucken, irgendwei hun ech den Drang firum bildschirm mei no riets ze goen fir dat dei trap net su schiief ass cool
deBaemm 16.03.2010 - 22:52
halo?? du mengs meng schein ausgebrannte fensteren? :p
gtaddei1 16.03.2010 - 23:50
Flott baal perfekt... Mais geifste nett d'Perspektivfehleren korrigeieren?
Den TS wär hai natiirlesch super... mé dén ass S..daier... mais de Fotomarket mecht d'Affär och.
D^Traap wär nett schlecht ganz dropp gewiescht (cf Gaga)
De regard géét emmer an dei mei aidel Plaatz dofir géét en Laanscht Traap op de Gang an ungezunn vun der Fenster dei op de Point Magique steet.

Jo dei Plaatz ass nach lang nett einfach ze knippsen ... mé e ganz grousse mérite ... dei dooten ass nach vun kengem geméét ginn.
Perseinlesch vue natiirlesch
deBaemm 17.03.2010 - 10:52
ech soen der merci. Jo et ass alt déi eiweg CT diskussioun, mee eng keier muss een jo do gewiet sin, an et war leider ze speit fiir bis iwwert d Grenz well do wollten mer och nach hin closed_eye
m-otiv 17.03.2010 - 00:18
Ech fannen den hdr super gelongen, en ass natiierleg an gur net iwerdriwen, suptil mä eficasse.
deBaemm 17.03.2010 - 10:53
merci, freet mech!
Jeanny 17.03.2010 - 06:59
ganz flott verschafft
deBaemm 17.03.2010 - 10:53
dir och merci Jeanny
ludiol 17.03.2010 - 07:13
Ech gesin, d'CT ass nach emmer beléiwt.
Di Leederen sin emmer rem interessant, si si am Prinzip all d'Selwecht, an dach sin se all verschidden.

Mir ass se perséinlech e bessen ze flou, mee daat ass meng Meenung

ech hun eng ähnlech, di muss ech och mol nach roplueden. Hehehe. D'CT ass baal wi den Eifelturm. Deen ass och schons oft fotograféiert gin
deBaemm 17.03.2010 - 10:57
Beléiwt an beléiwt ass zwee'erlee closed_eye Wann's de de ganzen Metten an den Haiser ennerwee wars an nach Zäit bleiwt fiir an en Industriegebai, an et awer ze speit ass fiir bis hannert d'Grenz ass d'CT ideal. An leider net einfach plaatzen ouni Tags ze fannen... Dobai waren dann och nach di aner Leit déi ech mathaat di nach deelweis iwwerhaapt net do waren, hun mer eis halt geduet gin mer mol kucken closed_eye

Zum Flou: Bon ech war bei enger Bleng vun 16, hun d'Foto mam Camera Raw, Lightroom an Highpass nogeschärft, ech wéisst net wéi ech nach sollt flou rauskréin closed_eye wou genee ass se der ze flou?
ludiol 18.03.2010 - 21:36
Ech haat d'Impressioun wi wann alles waat vu lenks vun der Sonn (Fenster) beliicht ass, liicht flou ass. Ech muss awer och soen dass ech d'Foto eng Kéier am CS3 opgmaach hun an do d'Foto definitif scharf ass an den Flou praktesch weg ass (et kann also och den Firefox sin). Alt rem eppes bäigeléiert.


(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 499 Gäscht online