Extras: 3x Pocketwizard, 2x Canon Speedlight.
Den Hannergrond as en Teppech.
Fir anzesetzen: [pg_img=43516]
Kommentar vum Fotograf:
PAD 299/365
Mäin neit Messer fir an de Scouten. (Heckler & Koch 14300S) Ech sin net sou ganz zefridden mat der Foto well ech et net hikrut ze weisen wéi schaarf et as zur gläicher Zäit wéi d'Form vum Messer ze weisen. Iddien?
Eng spontan Iddi ouni dat schon mol probéiert ze hun: vläicht kanns du d'Schneid vum Messer vun ënnen zousätzlich sou beliichten, dat do Reflexiounen entstinn, mat enger Täscheluucht zum Beispill. Dat géif d'Schäerft ënnersträichen...
Ouni d'Messer ze kennen, géif ech mengen, d'Kléng wir ge(sand)strahlt an dofir matt. Dat gëtt bei bësse méi "martialische" Messeren vill gemeet. Dat gëlt awer sécher nët fir d'Schneid, déi misst blénken, wann Luucht drop fällt.
ech mengen och, vlaicht eng luucht vun ennen oder vun hannen. oder du keins eng foto probeieren wou d'messer op enger glaasplak lait oder soss eppes waat reflekteiert fier mei dimensiounen ze weisen mat der reflektioun.
ob alle fall gefaellt mer dei kaal atmosphere...
Dat wier eng Iddi. Ech hun nämlech gestruewelt fir zum engen genuch Däifteschärft ze kréien, an zum aneren net eng Vue ze hun déi einfach senkrecht zum Verlaf vum Messer as. Dat géif dann awer e bësse Perspektiv dran bréngen.
Gefällt mer ganz gut vun der schärft hier an och den Hannergrond passt hei spuer. Ech mengen och, wei den Dr, datts de et mol mat enger Spiegelung keins probeiren mee da geet deen Hannergrond natierlech verluer.
Irgend eng staark awer punktuell Luut dei vun hannen dropliicht an dei just ennen liicht déasseiert, daß eng art Hellegenschein ob dei ennescht seit kennt, evtl och just ob engem Deel...
Dodranner evtl nach een * gesaat, mee deen net gemoolt wirkt...
Ech weess, gloda,
a war och laang an de Scouten:
mir hun déi Zäit dee Problem do
grad esou géréiert well mir wossten
dass daat, éventuell, géif toléréiert gin.