Dein HDR gelengt dir ganz gudd. Elo wier et awer interessant den HDR net méi als Sujet vun der Foto ze machen an en vieleicht als Mettel zum Zweck ze benotzen. Hues du d'Foto e bessi gecroppt? Firwaat f/22???
Oh...een Kommentar vum Shanti iwwert een HDR deen emol nët esou negativ as daat freet mech jo wierklech...Du bass jo d'Referenz hei
also ech wees nët op's Du die Débatte matt kritt hues vun mengem aanere Bild Bagger wou's Du och x mol erwännt gouws...mä dein Pefferkär wier do gudd komm.
Jo ass gecroppt gin. f22 wäll Ech Angscht haat Schärft an den Déiften ze verléieren an Ech haat och genuch Luucht.
Daat matt den Kategorien hues vollkommen rèscht...leider kréien Ech beim uploaden elo gesoot, wann eppes Digital Art ass dann keng aaner Kategorie méi wielen als Zweet. Mä vu dass Ech waahrscheinleg emmer méi HDRen wäert maachen, wier et besser se net méi an dèr DRI Kategorie ze sätzen mä eben an der respektiver richteger...
Uh, ech hat se och gesin an eigentlech méi flott font wéi des Foto, awer d'Diskussioun hun ech net verfollegt. Dofir muss ech mir den Owend mol Zeit huelen. Ech sin grad net doheem.
Mat "HDR als Sujet" hun ech gemengt dass ech fannen dass du daat gudd hikritt hues, awer dass d'Technik eischter hei den Sujet vun der Foto ass wéi den Inhalt. Eng Dixi Toilette ass jo elo net een Dramsujet. Mat "Mettel zum Zweck" hat ech eben och gemengt dass du, wells du jo domat gudd eens ges, et gudd kéins bei Situatiounen benotzen wou ganz schwéier Liichtverhältnisser sin fir een Sujet sou duerzestellen wéis du en gesin hues, awer wéi den Sensor et technesch net hikritt.
Zur Blend: Hei wier f/8 vill besser gewiecht. Bei f/22 geseit een jo all Stebskär um Sensor an et verléiert een un Bildqualitéit. Bei Fisheye geht bei sou enger Foto schon f/2.8 deck duer wann den Sujet/Focuspunkt op 3 Meter ass, dann hues du onendlech Déiftenschärft. Hei kanns du daat ganz einfach ausrechnen.
Jo... an schlussendlech hat ech gefroot wéinst dem Crop well ech gesin hun dass d'Linen baal riicht sin an awer een Fisheye benotzt gin ass.
Bei f/2.8 weist en mir 6.43 ft (1.96 m) un, ech hat mech do verrechnet mat den feet/meter. Hues du berückrichtegt dass et sech hei em een Crop vun Nikon handelt? Mais, egal, bei engem Fisheye geht et net em e puer cm.
Ech hun den DofCalcV1 als App um iPhone. Ech wees awer net ob ech deen eppes bezuelt haat. Benotzt hun ech en awer ganz selten. Dofir kritt een irgendwann een Gevill an dann peilt een daat just nach em den Dom.
jo mam crop hues du rèscht....ech huelen den horizont an der mëtt fir dass e riicht ass an dann croppen...ennen oder uewen fir an der règle des tierces ze bleiwen an méi dynaik am bild ze hun... mä merci fir deng typen....schätzen daat wierkleg...hun vill ze léieren
Merci villmools et sin meng éischt Hdren also waar et och em d'teschnik gaang (déi mir esou gudd gefällt, dass ech naicht aanescht méi wäert maan)... Hun awer fier se aanescht unzewänden... Géif Ech nemmen esou flott locations fannen wéi's Du... Et ass mein 1sten trimester an der fotographie an freen mech op mein 1sten d'freijoer fir urbexen ze goen...
Jo, am flottsten ass et wann een déi Technik soft uwend, an am beschten gezielt fir déi Sachen wou den Sensor net méi mathällt. Daat muss net unbedingt Urbex sin. Op allen Platzen wou extrem Liichtkontraster sin helleft et ganz vill. Et freed mech wann ech dir hellefen konnt.