Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Nissan GT-R

 
Nissan GT-R
cc
Speziell Rechter gëllen fir dës Foto. Se steet ënnert enger Creative Commons Lizenz:
Paternité - Pas d'Utilisation Commerciale - Pas de Modification 3.0 Luxembourg
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    24.11.2009
  • Gekuckt:
    31784
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    31
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    47 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.66666666667 EV
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    86 KB
  • Originaldatum:
    2009:11:24 00:27:54
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Dobannen  
Extras:
Hei ass ausnahmweis ganz vill mat Photoshop dru geschafft ginn.

Fir anzesetzen: [pg_img=41002]
Kommentar vum Fotograf:
Vun e Sonnden vun der International Motor Show.
MarcGerard 24.11.2009 - 00:36

flott beliicht hues "de" déi smile
nach mat enger täscheluucht (oder mam handy) op de logo geschoss, an se as räif vir e katalog. am anere fall hätt ech den GTR einfach geschwäezt, well dat wier och flott (fannen ech)
closed_eye
Johny 24.11.2009 - 10:09
De Logo war an der Originalfoto bal guer net ze erkennen, meng Idee war et eigentlech fir et sou ze maachen dass een eben grad de Logo och ganz gutt erkennt closed_eye
mikE 25.11.2009 - 16:08
jo, ass well de kapot iwwert de logo zitt an deen mi deif eran ass "wi normal"....

wei hues de dann di beliichtung hinkritt? ass mega!
wei ech do wor, wor alles superhell, iwwerl huet e spot gesteiert...an et wor e waarmt liicht, kee kaalt wei op denger foto...hun ech mol fonnt....

cheers
mike

EDIT:
Hun lo mol an den Extras gesin dass de vill gephotoshopt hues...
Johny 25.11.2009 - 17:54
Ma ech hu scho mol immens kuerz beliicht fir déi Bedingungen soudass et schonn immens däischter war. Am Hannergrond hun ech déi stéirend Saachen einfach mat schwaarz konnten iwwerzeechnen, sou däischter war et do. Déi zwee Spoten mat ënnerschiddlecher Faarwtemperatur hu mech och genervt, dofir hunn ech den Auto selwer hei s/w gemaach, fir dass et no propperem sëlwer ausgesäit. Mierkt een hei guer net, dass eigentlech just de Logo net s/w ass .. closed_eye an dann nach tonneweis Spigelungen / Reflexer wechretouchéiert.
mikE 25.11.2009 - 20:30
lo wous de et sees....wor mer mol net opgefall dass et s/w ass....
Gaga 24.11.2009 - 00:36
aaahh ech hun der schon 4 hei gesin ... den auto as esou geil !
grrr... ok, t'foto:
perspektiv an kadrage as mega, hues de dech un GT orienteiert ? closed_eye
genau wei den auto .. lenks hues de gewollt sou geschnidden oder wor net mei drop ?
Johny 24.11.2009 - 10:03
Ech hat vun Ufank un wëlles soueng Foto ze maachen, vu wou ech elo drop kommen weess ech net sécher smile

Se war leider liicht schief an dofir hun ech se lénks mussen sou schneiden, well beim Dréinen ass bëssen verluer gaang.
McQueen 24.11.2009 - 10:42
Coolen Auto, schéin an Szene gesaat....
Johny 24.11.2009 - 12:08
Merci
jps 24.11.2009 - 10:56
Nët dein ? bigsmile
soss hätte mer awer en Tour dermatt gemach closed_eye
Johny 24.11.2009 - 12:08
Nach net main smile
mikE 25.11.2009 - 16:10
oh, hues de 80.000€ op der Säit? bigsmile

daerf ech dein "Kolleg" sin....ehehehehehee
Johny 25.11.2009 - 17:51
Nee am Moment nom Kaf vun engem Appartement sinn ech wait ewech vun 80.000 op der Säit hunn smile
mikE 25.11.2009 - 20:29
lol, gleewen ech der closed_eye
suraki 24.11.2009 - 12:05
hei stéiert mech just déi hell Reflexer am Dach,
an déi ongléichméisseg Linn vum Capot.
Johny 24.11.2009 - 12:07
Ouni déi puer Reflexer (ech hun der schonn immens vill eraus gemaach) erkennt ee guer net méi dass dat Déngen en Daach huet, géifs du dat besser fannen ... ?

Wéieng Linn genee um Capo mengs de?
suraki 24.11.2009 - 12:22
d'Reflexer , .. né just de Liichtpunkt Punkt an der Mëtt vum Dach mengen ech, eventuell réits uewen , dé méi langen Lichtreflex e bessen ofgonkelen, an em Gotteswëllen net ganz ewechmachen smile Et as jo am schwarzen nach genuch dran !
d'Linn um Capo, (déi an d'Lucht geht, ennechten Drëttel) geht wahrscheinlech, wengs der Perspektiv net anecht.
Irgentwéi stéiert et mech awer, ouni wellen ze meckeren smile
suraki 25.11.2009 - 16:17
hu mech wuel geiert ..
Johny 25.11.2009 - 17:51
wéi lo ? smile
suraki 25.11.2009 - 18:05
et huet kén aneren méi eppes derzou geschriwen, da sin ech wuel en énzegen dén dat esou geséit smile

U sech trauen ech mech elo och nët méi ze schréiwen, dat ech selver! d'Luucht lènks nët esou knapp geschnidden hät. Se léft an d'Rumm wat ech nët esou gut fannen, do fehlt mer irgentwéi dat klitzeklëngt Stëck gro Rum vum Scheinwerfer.

Et as awer schwéier ze beurtélen, well ech selwer d'Original net gesin hun,
an dorno gut schwëtzen (schreiwen) as smile)
Johny 25.11.2009 - 18:22
Ech ginn der absolut Recht mat der Luucht, mee ech hat elo an engem Kommentar enzwech scho geschriwwen: Se war liicht schif, an schonn knapp geschnidden, an dun beim riicht réckelen ass se soujust ugeschnidde ginn :/
suraki 25.11.2009 - 18:34
lo gesin ech et och, beim Gaga ... Dat as de nodél wann en Foto gut
as a vill Kommentaren huet. d'Iwersich geht e besse verluer, en et iwerséit én dén en oder aneren Kommentar (sorry Gaga .. smile )
gloda 24.11.2009 - 12:19
War et déi do mam Gielstach? Schéngt jo geklappt ze hun.
Johny 24.11.2009 - 12:27
Dat war am fong vum Logo riets, an well den aneren vun de Faarwen awer net gutt war, egal wéi ech probéiert hun an och sws net sou schaarf wéi ech e wollt, hun ech en aneren geholl dee besser gerode war tongue An der Originalfoto huet een de Logo nämlech guer net erkannt, war geplangt dass ech en herno asetzen wärt.
Pelz 24.11.2009 - 17:53
Ohei, du wars an menger Garage smile
Maimonides 24.11.2009 - 21:15
Mol 1 Kéier eng schéin Auto'sfoto, obschons een iwerhaapt keen Auto gesäit. Gefällt mir super.
Johny 25.11.2009 - 10:52
Wat ass dat dann wat ee gesäit? smile
Maimonides 25.11.2009 - 20:13
Dat wat ee gesäit ass op jidde Fall keen Auto. Mir 2 wössen awer ganz genau dass dat een Auto ass, obschonns mir hei kee gesin. Dëst gëhéiert an de Sujet vun dër Réductioun: wéi weit kann ë Sujet réduzéiert gin fir dass een ën trotzdem nach als solchen erkanne kann, a wat fir eng Spézifizitéiten mussen duerfir respektéiert gin ?
ludiol 25.11.2009 - 07:07
gudd geschafft, wann en bedenkt dass daat op enger Expo war
Johny 25.11.2009 - 10:52
Merci smile
Gaga 25.11.2009 - 16:36
[url=http://www.youtube.com/watch?v=YXFSVoVqhYw]TOP GEAR REVIEW[/URL]

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 619 Gäscht online