Gefällt mer! Huet flott farwen an den banannenwoonkennt dodurch och flott zur geltung! Eenzegen ennerungsfirschlaag wier, se e besschen mei enk ze cadreiaren!
Leider, fannen ech dat nét esou gut. Explikatioun:
schneiden ech z.B. riets (wou ët zouginn e bessen monoton ausgesäit) 2 cm of da sinn do d'Rieder vum Wagon ewech an de Banannewoon steet voll um Bor. Idem fir lénks.
Ech fannen d'Kompositioun relativ ofwiesslungsräich mat dem groe Waggon als Konterpaart zu méngem Killwon.
Dës Foto ass opgebaut laut der "Rule of Thirds" a war geduecht fir Railpictures.net (ech hun déi super Regel nach ëmmer nët ganz ofgeschlëckt weil ech kee Fan vun esou starre Regele sin!), wat heescht datt den Haapt-Sujet nët soll an d'Mëtt sondern méi säitlech placéiert gin !
Ech gin dem Alko an dem Sënn Recht, dat ech et géif flott fannen, wann bis un déi 4 Bildränner just Wagon'en ze gesi wiren. D'Foto kriit domat eng ganz aner Wiirkung an ech fannen, dat de Bananewagon nach méi "en évidence" gesat géif. Sou als Exot an engem onendliche Gewulls vu rouden.
Mee och sou fannen ech se ganz flott, zumools déi kräftig rout Faarwen!
Vum Prinzip hier sin ech mat Iech zwéin schons d'accord, mä leider ass ët hei nët esou gutt unzewenden. Déi Wagon'en ronderëm sin och nët einheetlech genuch.
Mä Haaptsaach as awer, wann se Iech gefällt !