dat kennt dann fläit vun der ganz oppener Blend, wuar op 1.4, ech gesin dat och elo direkt net, wou mengsde dann? Ass opschiddefall naischt um computer gebrlurrt oder sou...
merci
sin mer net sou secher. wanns de se op flickr haes keint ech der notes drop maachen. ech fannen d'straicher lenks vun senger rietser hand (kamera lenks) e bessen ooflenkend. mee vlaicht kennt et och dovunner dass d'vignette relativ staark as an duerfier den rand mei kontrast schengt ze hun...
Jo dat wollt ech och grad soen. Du hues baussen bessen méi Kontrast durch den Vignetting an d'Déiftenschärft as och lenks bessen op der Heck an dat léist dann zesummen do den Rand méi scharf wirken wéi d'Mëtt. Dofir hues du deen Androck.
Mee wanns de awer den Sujet unkucks dann fällt dat net op.
Mir gefalen déi Faarwen, déi ech - grad wéi d'Format an e bëssen d'Onschäerft (ausser um Haaptsujet hei) - vu Polaroid-Fotoen an Erënnerung hun.
Doriwwer eraus fannen ech dem Roxanne säi Gang a séng Haltung, séng zouen Aen indeed déi vum 'daydreamer': ech fannen déi Foto spannend, och wa se 'just for fun' as !
hun eng polaroid-kamera an e film, mee di 2 schénge net zesummen ze funktionéieren...hun dowéint leider nach nie polaroids gemat! Géif awer gäer. Freet mech dat se der gefällt!
Also Gesiicht hues de jo mol gutt ausgeliicht kritt. Schlo mech net fir des Fro, mee hues de do bessen am Raw-Editor opgehellt?
Deng Whitebalance huet mech am Ufank gestéiert, mee dest as einfach en Bild wat een mol muss op sech wirken lossen, an kennt d'Stëmmung och eriwer.
Du hues en quadratescht Format gewielt awer keen symetreschen Kadrage gemach. Ech mengen dat irritéiert mech bessen.
Et as vill an der Foto dran, an et as secher keng standard
Foto déi engem op den éichten Bléck gefällt oder net gefällt. Et muss een sech bessen domader beschäftegen.
Hun villes dru gemat, wees awer netmei wat alles, mee si ass mei hell wéi ech se ursprenglesch geholl hun dat ass richteg! Wees net op et noutwenneg ass bei quadrateschen Fotoen emmer e symetreschen Kadrage ze hun. Di mech och schwéier ze Kadréieren wan ech net direkt dat véiereckegt Bild gesin :/ kann den Apprat zwar op 4:5 crop stellen, dat ass no drun mee nach net ganz. Dofir hun ech mer elo e 6x6 zougeluet deen ech scho gaaanz laang well
Sin awer frou dats de dech mat der Foto auserneen gesat hues, d'ass menger Meenung no dat wat een hei och muss maachen, well op den éichte Bléck wirkt se aanescht win wann een e bessen drop agaangen ass...
Merci fir dai Kommentar, sorry fir déi spéit äntwert! (rem)