Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

X-Mas and Crossing Lights

 
X-Mas and Crossing Lights
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.10.2009
  • Gekuckt:
    39943
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    30/1 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    15.7 mm
  • ISO:
    160
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1024x702
  • Späicherplaz:
    674 KB
  • Originaldatum:
    2008:11:29 21:31:24
  • Fotoapparat:
    DSC-R1
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Owes / Nuets
2. Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=40194]
Kommentar vum Fotograf:
Barrière zu Rued/Sir: Chreschtdaags-Stemmung mat beliitem Dennebam. D'Luute vun engem Zuch an Auto'en déi duerno d'Schinne passéieren.
deBaemm 21.10.2009 - 22:00
Foto un sech gefällt mer, mee iegenteppes stéiert mech, ech kann der beim beschten Wellen net soen waat, mee iegenteng klappt net, et passt eppes net dohin :/ wann een der nemmlecht meenung ass, probéieren mer ze fannen waat closed_eye Mee unsech wiirklech gudd gemaach an flott dass de dei kräizend Iwwergäng (Strooss, Schinnen) sou mat den Luuchten hinkrus innerhalb vun 30s. Respekt!
Kilroy1313 21.10.2009 - 22:49
Ech sin einfach frou, datt d'Foto ugeholl gin ass.
Vläit spéider mol nach eng Kéier dru schaffen...
Gaga 22.10.2009 - 10:01
fierwaat soll se net ugeholl gin ???
ech fannen se super, evtl. hätt ech se mei kaal gehaal, wanns de se am RAW gemach hues ! resp. um apparat den weissausgleich mei deif gesaat !
Kilroy1313 22.10.2009 - 19:29
Dat hun ech och an engem Forum vu Railpictures.net gelies, wou ech méng Eisebunns-Foto'en normalerweis eroplueden. Am Ament hun ech leider eng Foto-Bearbechtungs-Schaff-Flaute, mä ech muss dat onbedéngt eng Kéier probéieren. closed_eye
waldmeister 22.10.2009 - 09:25
Flott déi Foto do, mir gefällt se immens gutt. Wann hei eppes stéiert dann ass et de Stohlenen Poteau lenks am Bild...daat awer nëmmen fir eppes ze soen.
Kilroy1313 22.10.2009 - 19:26
Poteau ass schons richteg (et/ech well een emmer alles oder vill waisen) géing ech jhust laanscht de Poteau cadréieren géing ménger Meenung ze vill vun der Ambiance verschwannen!
Jeanny 22.10.2009 - 12:53
mir gefällt se och ganz gutt
pitchul 22.10.2009 - 16:04
Eng schein Foto
RockerRoy 29.11.2009 - 17:46
salut mee wei hues du daat megat dass daat alles opt foto kennt an der zeit fun 30 seconnen ?

oder hun ech do eppes falsch verstan?

(sin na blutegen anfänger closed_eye )
Kilroy1313 30.11.2009 - 09:15
Waat ech gemeet hun? Ma nët vill, wéi bei all Nuetsfotoen: eemol de Verschloss op, ass d'Aktioun sech selwer iwwerlooss. Ech hat uersprénglech nët geplangt, datt deen Auto do duerch d'Foto fiert. - Zur Info: Wann ee ± normale Fotoapparat 1/1000 Sekonn ka maachen, da sin 30 Sekonnen wierklech eng laang Zäit: Esoubal wéi d'Barrière zou wor hun ech ausgeléist, duerno koum den Zuch, a ganz um Schluss goung d'Barrière erëm op an den Auto ass lass gefuer. Et wor déi längste automatësch Beliichtungszäit bei dësem Apparat - nët manuell, soss hätt ech nämlech nom Zuch de Verschloss zougemeet! closed_eye
RockerRoy 30.11.2009 - 13:07
wees du dann op een bei enger eos 450d de verschloss manuel kann betätegen?
Kilroy1313 30.11.2009 - 14:14
Ech si kee Canon-Fan a kennen also nët vill vun deenen Apparater, dat sollt normalerweis um Wielrad en "M" sin, ët gin allerdéngs Modeller, déi dat nët hun (heiansdo eben och eng Präisfro...!), soss mol duerch d'Bedienungsanleitung kucken. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
2 Benotzer an 441 Gäscht online