Hei een Bild aus dem Mellerdall (Vugelsmillen). Ech stong matt den Feiss an dem Stativ am Waasser. Ech muss zouginn, dass ech zwee oder drei der gieler Blieder matt der Hand op den Steen vier riets geluecht hun...
Sorry wann der iech duerch een Bild ouni Kommentar getreppelt gefillt hutt. Mee et faellt mer net emmer eppes Interessantes an fir ze schreiwen. An dann schreiwen ech leiwer naischt...
wanns de deen eenzegen wiers, brauchs dech net ze entschellegen, mais ech schreiwen rare epes bei eng foto wou naischt steht
schon alleng WOU, WAAT sin jo awer netzlech infoen !
bei deser as et elo net onbedingt neidech ze erklären waat een wollt duerstellen, mais et gin tonnen fotoen dei vill verschaft gin sin, an da steht emol net do waat een wollt bezwecken, oder wei een sech ugeluecht huet, wann ech einfach nemmen fotoen well kucken gin ech op google bilder an .... hei sollen jo trotzdem fotographen sech austauschen !
ech mengen du / jiddereen well jo och kommentairen kreien, dann muss een selwer mol mam schreiwen ufänken !
soss wierkt et esou dohinnergeheit ... hei kuckt an friesst !
as meng mehnung, mais huel et net perseinlech, ech misst et oft schreiwen, well daat kennt emmer mei oft fier !
bon zur foto ... ech fannen se tip top, propper verschaft, schein laangzeitbeliichtung fum wasser, an dei blieder sin tip top do !
eng foto dei ganz mengem gout entsprecht, ....
op jiddefall hues de der net fier naischt naass feiss geholl !
Ech wées net wâat éen nach vill hei hätt sollen schreiwen,
et ass erklärt wou et ass, an dat mat de Blieder nach e bëssen nogehollef gouw, wâat muss éen dann nach méi wëssen.
Op alle Fall eng schéin schaarf Hierschtopnahm mat där richteger Dynamik am Waasser,
Gefällt..!!
Just dâat mat der Auerzait gléewen ech net sou richteg,