Uegel fannen ech seler richteg cool. Et gin, ewéis de schons ernimt hues, och immens flott a méi modern Stècker, déi én op dém barbaresch schwéieren Instrument (am double Senn) , do kann spillen. De Jeff spillt enner anerem Piano, mé eng Uegel gif ech trotzdém net dogém verdroen .
deng eicht as flott, déi zwét top !
Do kéint Nostalgie a mir op. Ech gesi mech nach no dem Kollisch Freides Mëttes op Eppeldréck düse mam Bus op den Ducksall an der Kiirch bei den Hommels Carlo (leider ze vill fréi vun iis gaangen) an do méch strebend beméihen, ouni awer d'Erléisung ze fannen. Dat kéint dervu, wann een réischt op 6e mam Piano ufänkt fir dann no 3 Joer op d'Uergel iwwer ze suedelen, an dann no weideren 3 Joer virum Choix ze stoen: Uni oder Musek. Ech gesi méch nach am Zuch op der Douane zu Zoufftgen den Douanieren erklären, firwat ech de packwon monopoliséiert hat. Dorops hin hun ech et si gelooss, d'Uergel mat op Strosbuerg ze huelen, an och d'Uergelspill als solcht.
Dat hei ass, wi su oft, Eppes wat an dat passt wat a mengem Profil steet: "Fotograféiert am léiwsten: Alles wat interessant kéint sin". Och wann et keng super Fotoë sin.
Deng "autobiografisch" Äntwërt gefällt mir also extra.
Merci, Nico.
Genau! Eng Foto muss interessant sin an eng geschicht erzielen, oder aanerer derzou bréngen, hir Geschicht nei ze entdecken. Do spillt et dann net ëmmer eng Roll, ob d'Foto super ass. Si duerf et awer roueg sin. Di hei si jo och net schlecht.
Daat nennen ech zoufall, mee du hues hei och eng saach fotographéiert mat deër ech quasi all Daag ze dinn hunn. Spillen zenter 4 Joer Uergel, allerdings net des Uegel op der Foto.
Ech spillen eischters Piano wei Uergel, obschons ech dat ni geleiert hun. 5 Jahr Solfege hun ech gemaach, an 1 Jahr Harmonie. Geleiert hun ech Gei, an en 2. Preis krut ech och.
Wat lo d AF ubelaangt, do hun ech keng Lizens, hun och nie gefunkt, mais vill gelauschtert. An d Antennebibel ("ROTHAMMELS Antennenbuch", 11. Auflage) hun ech och gelies.