bei dir doheem hehe
Jo ech woust de Sonndeg net wat ech sollt machen, an sin einfach droplasgefuer ... a bei dir doheem ukomm.
ech kann der awer soen dat se ganz schéin am gange sin an dénger Kummer ze raumen. Se schléefen do zu zeg Léit , Tonnen Koffer aus dènger Kichen eraus, ... ech gléwen net, dat én do nach lang kachen kann ((
Jojo, ech wees. Et waren och Sprayer um wierk déi iwerall hier scheiss Taggen hannerloss hun an et hun e puer Jugendlecher zwee Mol do Feier gemeet. Sou dass déi meschten Platzen leider elo oninteressant gin sin fir ze fotograféieren. D'Paart ass vun den Pompjeen opgebrach gin fir den Brand an den Büroen an am Schaltraum ze läschen. Souwiesou kennt den Schlackenoofbau vum Cloos emmer méi no, an irgendwann get se souwiesou eweggerappt well déi Zentral op engem Verméigen Schlacken steht.
Se ass just voll Asbest an déi Zigeiner déi sech do amuséieren alles auserneen ze huelen werten wuel op kurz oder lang hieren gesondheetlechen Schued dovun droen. Ech denken dass et den Mittal irgendwou souwiesou arrangéiert. Dann brauchen wéinstens keng Leit vun him krank ze gin.... Schued just fir deen Patrimoine deen alt erem verschwennt. Awer mir hun en jo op Foto. Daat ass schon vill Wert.
mer blutt bei esou eppes einfach nemmen d'Häerz ! Ech wärt och nie verstoen, ewéi "verschidde" Léit, einfach Alles wat se fannen, nemmen welle kapott schloen, an dann och nach hiere Spass drun hun.
Du hues et ower gesot, op d'mannst bleiwen e puer Erennereungen
ob sie daat och nach gären hätten, wann dei aaner daat selwescht bei hinnen dohéem geife maachen
obwuel, ech denken eichter, do get ët neicht futti ze schloën !!
hei as alles gesoot ... super !
eech froen allt erem weis de se verschaft hues, as et photomatix oder alles PS ?
hun nach net am kapp ween wei schaft hei !
färdeg Filteren = Photomatix ?
Bein, also ech fannen et mei einfach am PS wei am Photomatix !
Muss onbedingt dem Shantideva sein Workshop eng keier matmachen, wann en nach eng keier as !
Mais daat doten as tip top !
den Mirgain haat Recht, vous pouvez vraiment TOUT faire avec Photoshop !
färdech Filteren war ironesch, op en Kommentar dén ech mol krit hun, gemengt
Meng Biller, sin an extrem Situatiounen wéi des hei, emmer aus dréi Belichtungen gemach (-2 ; 0 ; 2 Blendenwerter ) besser 1/4 ,korrekt, an 4 fach Zéit .
dorno gin se (méchtens) mat Photomatix verrechent, wat awer nemmen derzou dingt én enzelt Bild ze kréien. De Recht as Photoshop mat nët ! vill gefilters