genial !
dei gesiichter ! mega-expressiounen !
aal leit hun fier mech einfach dei faszineierenst Austrahlungen,
ech gesin sou gesiichter emmer wei een Buch, wou een Freet, Misère oder och eng schweier Zeit draus liesen kann !
et gesait sou aus wei wann dei 5t "Stammplaatz"-Frenndin geiff fehlen, heir Plaatz get (wei emmer) freigehaalen, an se denkt no, wou keinnt et dann sin !
Oder filleicht haaten dei 4 eng hetzeg Diskusioun an sin elo "motzeg" dofier daat lach an der mett ?!?
ma genee esou wor et. dei ganz riets haat sech mat der an der Mett...dei doropshin genervt heem gaang ass....daat war am Fong de Grond firwaat mer do eng Paus gemaach hun...fir der Szene no ze kukken
Ech géif mengen daat wären dann emol 100 Punkten fir de Gaga !
Ass interessant d'Leit emol eng Foto interpretéieren ze loossen, an dann duerno eréischt ze soen waat lass war. Esou kann een dann kucken wen am noosten drun war
awer wierklech!
hei kann een esouvill dran liesen (an erfannen ) ...
- all Extremitéit daerf sech nët ouni déi aaner Extremitéit erhiewen, soss ... kaboom
- jo arwa, déi 2. Donna denkt villäicht och wéivill sie ausgin huet den Moien um Maart oder waat sie muer kachen soll oder op sie den Gas ausgemach huet oder ween dann do vis-à-vis hannert den hallefzouen Storen eng Kaméidiräich Siesta hällt ...
sie ass ganz an Gedanken woubäi déi aaner 3 op eppes opmierksam gin sin waat sie stützeg mëcht
an ... hier Zéiwen an Been erzielen och Geschichten (déi 2 Donna'en riets)
Paukl, häss du sie posen gedoen, häss du daat nie hinkritt ...