Deng Foto kippt ganz staark (kuck emol den Horizont). Mam Photoshop an e bëssen croppen kriss de daat awer an de Grëff, och wann dobai e bëssen Bildinhalt verluer geet. Soss awer interessant ze kucken well een déi Vue nët esou oft gesait.
Déi Foto kippt net...daat ass d'Erdkrëmmung Née richteg, se kippt, mech stéiert daat allerdengs net,ech hun iwwerhaapt den Hang fir eng Foto schief ze stellen well se oft...net ëmmer méi interessant gett. Daat ass awer just meng Meenung. Merci fir Dain Kommentar.
Eric
Huest du do en Weitwnkel benotzt?? Well wann ech d'Heichspannungsmasten kucken an d'Monument op der Insel schengt se mer aver /- roocht ze sin. kan wierklech en effekt vund er Lens oder weis du sees vund er Erdkremmung sin. Fir mech ass se gudd gin keint flaicht bessen mei kontrast an schaerft drann sin
Lo wous de ët sees hun ech mer déi Saach mat der Skulptur am Rondpoint mol am Photoshop ugekuckt. Tatsächlech ass déi exakt riicht (0° ze dréinen). Doraus schléissen ech dass den Waldmeister se eventuell dorober ausgericht huet. ¨
Dat wier jo och nët falsch, mais (!): dofir misst d'Skulptur méi an der Mëtt vun der Foto stoen. Hei ass se zevill um Bord, wouduerch d'Foto (den Horizont) ganz kromm gëtt. Ech hun së elo mol licht gecropt an richt gedréint (op Amoss).
Jo tiptop deendo , riicht ass se besser. Muss awer och soen dass daat (an daat ass awer elo eng Excuse) am Helikopter net esou easy wor. Deen ass de ganz Zait geflunn an stung nie einfach an der Loft..an ech hung baussen matt de Been.
Och d'Propose fir den Himmel ewegzecroppen ass konstruktiv an mecht Sënn. Merci.
waldi
ech gleewen der gären dass et am Helikopter nët ganz easy war fir d'Kamera roueg ze haalen. Ech sin mer sëcher dass de d'nächst Kéier méi drop oppass, a mam Photoshop léisst sech deen Schéinheetsfehler jo ganz séier korrigéieren