Oh freck, Respekt daats de do esou Photoen gemaacht hues... Ech hu mech mol net getraut meng Spiggelreflex matzehuelen.
Flott Photo. D'Schrëft gefällt mir net esou... affaire de gout.
D'Fielsen an d'Bewegung vum Waasser gefalen mir hei ganz gudd, leider hues de d'Bild uewen vill ze enk cadréiert wâat leider guer net harmonesch wirkt.
Do häss de vill méi draus kënne machen, schued...!!
leider huet do, wou deen Fiels am Hannergrond ophällt nees een weideren Fiels nach mei hannendrun rem ugefaang ... iirgendzwousch hun ech missen schneiden also hun ech do gecroppt wou deen drëtten Fiels dann bis an d'Bild komm ass.
Ech wollt net riskeieren dass meng Kamera naas gëtt soss hätt ech kënnen sur place mei mat der Perspektive ausprobeieren ... do suutz ech jiddefalls schon mat den Kneien am Waasser
widderhuelen och, den fiels uewen ze vill ofgeschnidden, a mat der Schrëft mengt én fir eng Postkaart aus dem Steëner, allerdéngs den ënneschten deel mat der well fannen ech gelongen