ech hät den buedem eventuel geriicht ! also e bessen mei an den nivreau gezun, weinst der rennung keinns de et och filleicht mat enger objectivkorrectur hin kreien !
erennert mech un den bill gates, wees net wisou !!!
Wéi wier dat da gin, wanns du komplizéiert eppes fotgraféiert häss???
"D'Immanenz vum Näischt fënnt hei hir Ausdrocksweis an der Sublimatioun vun der materialiséierter Transparenz vun der Azurtéit vum Ceruléieschen iwwerdeems d'Vertitude vun dem liicht no uewe striewende Saam eng Präsenz vum dem Buedemstänneche markéiert, déi an der Ouattitéit vun den quasi opgeléisten Nuages eng Diagonalitéit mat an d'Spill bréngt. Et gëtt een den Androck net lass, des Foto wier eng Fënster an di grouss, wäit Welt...."
Oder esou: "d Dekliviteit vum Sublimen, an hirer Paralleliteit zum banale Geologischen, bikolor ausgedreckt an der mobiler Potenz vun enger kreativer Gedankewelt dei iwert deem monochrom, immuabelen Alldeiglichen hiren Horizont defineiert, erennert eis drun ze denken dass mir besser haette mat de Feiss um Buedem ze bleiwen an iwert den Himmel ze staunen."
Lass trëpelen.... Ech kann ee Lidd dervunner sangen. Bei ménger Foto "Nach Filmer dran" si schon iwwert 300 Kommentarer erakomm, an et ass nach keen Enn a Siicht.... ;.)
Wéi wier wanns du desen eidelen Näischt als Mauerpabeier géins viirschloen, Fir datt d'Macianer, wi ech, och eng Windous like Vue op den Ecran hun. *harharharhahar*