Flott getitelt!
Bien vu! Mat genuch Zeechnung banne vun der Piramid.
Den Architekt vun der 'pyramide inversée' ass eis hei zu Lëtzebuerg natiirlech gutt bekannt, déi aner Architekte vum Louvre dierften dene meeschte Leit (mir inklusiv) onbekannt sin, ech hu mer dofir erlaabt e link bäizesetzen, deen op si hiweist: Architectes du Louvre
Genau dat do, Jean-Jos, di Méi di een sich awer dann nach mëcht fir Eppes kucken ze goën, an dat dann och nach mat ze deelen, dat ass dat fir wat dëse Site esou "wertvoll" kéint sin.
Am Plaaz Palaver e sokratischen Dialog, ouni dat technischt ze vergeessen.
Ech soën dir also Merci well's du mir op meng Foto geäntwert hues, mais ech soën dir awer haaptsächlich Merci wells du dir d'Méi gemaach hues eis e ganz flotte Site ze proposéieren.