Di do fannen ech och ganz gudd. An ech sin net der Meenung, datt se de Sujet vum Contest verfehlt. Freed maachen heescht jo net automatesch sange, sprangen an danzen a smilie-mlissech drakucken. Liesen as eng stëll Freed, quasi intim, an hei get di Freed durch den zärtléchen Touch vum Fanger um Pabeier ausgedréckt. Gell du, marischen!
ech hu jo och net wollte soen dass onbedengt e clown haanert dem buch misst setzen
...mee di pose mam fanger iwwerzeecht mech net vun freed...well dat heescht meechtens, dass ee midd as, oder een de fanger brauch fier ze wesse wu een drun as (kennt jo mol fier dass een sech and er zeil iert), oder fier oofzeschreiwen.. soit, dat si lo lauter perseinlech sachen di ech mat dem geste verbannen dofier man ech lo net direkt den lien zur freed
Fannen ech och, an am Résumé: mam Fanger liest een nët, à moins dass d'Schrëft "Braille" wier.
"Lecture tactile" gëtt ët nëmmen an der Blanneschrëft.
Vileicht kënnt vun dohir dee klenge "Malaise" ?
Deng Approsch ass méi einfach an léisst doduerch Plaatz fir z'interprétéieren. Däin subtil ausgewieltenen Schärftenverlaaf reduzéiert genee do wou en soll an mecht d'Stärkt vun denger Prise aus, ausserdem spillt di dezent Téinung nach eng Haaptroll. D'Zesummenspill vun denen Fakteuren an denen wou ech elo nach vergiess hun () maachen dats de uewen op der Träpchen stees. Gratulatiounen.
REGARDS 'n CHEERS
MUZ
Gefällt mir ganz gud. Tip top! (obwuel ech zoustëmme muss dass den Thema vum Contest nët offensichtlech ass - fir mech als Liesraat schon, mee nët fir jiddereen).
Ech fannen dass d'Foto ganz gudd gin ass (de fanger do gehéiert mir ) mee ech denken dass et iwerhapt schweier ass eng Foto ze machen wou een wieklech gesäit dass d'Liesen grad Spass mecht. Liesen mecht am allgemengen selten "Spass" et ass eichter eng Leidenschaft wann ech daat mol sou soll son, eng angenehm, roueg Beschäftegung, dofir geif ech son dass den Titel vum Contest och bessen schlecht gewielt war. Dogeint gouf et schon aner Titelen vun Contest'er dei ganz kloer ze verstoen waren wei "Makrophotographie" an trotzdem waren vill Fotoen dobai dei absolut naicht mat Makrophotographie ze din haten, och ganz uewen bei den gewielten Fotoen.