Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Coque on Ice

 
Coque on Ice
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    22.11.2008
  • Gekuckt:
    31898
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    1/8
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    2000x400
  • Späicherplaz:
    644 KB
  • Originaldatum:
    2008:11:22 10:50:46
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Stativ, Groverlasfilter

Fir anzesetzen: [pg_img=31881]
Kommentar vum Fotograf:
Eischten Schnéi fir 2008. :-)
Also séier Phototäsch paaken, déi 400m vun mir bis bei d'Coque goen.
Dee klenge Bierg erop, Stativ opgeriicht ...
arwa 22.11.2008 - 12:45
TOP fannen ëch dei
och d^Stëmmong kënnt gudd riwer !

as iwwregens nët déen eichten Schnei, am Januar/Februar asw..... hate mir ës och schon bigsmile
ChLo 22.11.2008 - 13:12
Merci Armand.
Deen Schnéi haat ech schon ganz vergiés smile
wave 22.11.2008 - 14:05
Wierklech sau schéin!
ChLo 22.11.2008 - 17:07
Merci wave. smile
OK-Photography 22.11.2008 - 14:38
hehe kennt mer iergendswei bekannt fier.....;D
Coqueclassique


do wou meng no riets kippt kippt deng no lenks an do wou bei mir gring as as et bei dir waiss....hmmm bigsmile
zimlech gudd festgehaal (ech hun na een steck mei ennen dropgeholl) mee wees na nik op ma den duusteren Himmel am Verglach zum hellen Buedem gefellt...closed_eye

ps: bei mir waren et emmerhin ronn 55km bis dohinner hehehe tongue
ChLo 22.11.2008 - 17:09
Merci Oli,

Jo, fir mech war ett bessi méi no. smile
Mam Kippen war schwéier. Ech hun se op d'Héichheiser ausgeriicht, hun mir mol geduecht do missten se jo baal riicht bauen. smile
OK-Photography 22.11.2008 - 17:33
hehe jops!GENAU dnemlcht wier joh o langweilesch geweescht...tonguep

mam Horizont haat ech o den Hick kritt...hun se geriischt an bessi retuscheiert (am Ekk) an dun gemeierkt dass et na emmer nik duergung...hun mech awa um Horizont allgemeng orienteiert...closed_eye
big-basti 22.11.2008 - 16:16
Hehe mir kennt se och bekannt fir bigsmile

Site vun der Coque.


Ouni Schaiss.. wi ech de moien opgestan sin an dat dobaussen gesin hun, hun ech mer su geduercht : wéi géing dat wuel uewen bei der Coque ausgesin... an tadaaa, kaum sinch doheem, gesin ech hei su eng Foto op PG bigsmile wéi ech mer et virgestallt hun smile

mbG, Sebastian
ChLo 22.11.2008 - 17:12
Merci Sebastian,

Am Summer, wann alles greng as gefällt se mir awer nach besser, dann brauch een keng Händschen fir ze photographéieren, wann een bessi méi lang am gang as. smile
Maimonides 22.11.2008 - 16:24
Ech fannen se och TOP:
d'Architektur vun der Coque gët durch de Schnéi ënnerstrach. Dat ass mol eppës Neies.
Dat Ganzt ërënnert ë bëssen un eng Lithographie.
D'Faarwen si cool ouni kaal ze sin.
Eckig gët een an d'Bild erageféiert (bei di "ronn" Coque), an (vun deenen eckigen Tiirm) ërëm ronn eraus.
Datt se, effektiv, lénks hänkt stéiert mech bei dëser Foto (gelungener Weis) kee Fatz.
Wi gesoot: TOP Foto
ChLo 22.11.2008 - 17:15
Merci fir d'Analyse.
Ett as eng flott Platz fir Photoen ze machen do op der klenger Kopp, och an déi aner Richtung huet een eng gudd Vue. Mee d'Architektur an d'Form vun der Coque lueden natiirlëch zum Bléck an déi Richtung an.

Christian.
Jean-Jos 22.11.2008 - 22:32
well done,
déi heite muss ee wierklech uklicken, et as derwäert!
ChLo 23.11.2008 - 08:36
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 527 Gäscht online