Fir main Gout FILL ze enk kadreiert!ausserdem as se sugur nom klikn nik WIERKLECH scharf (get zwar besser an Richtung Aan mee fehlt ma do na eng grimmel) an se as no um Iwerbeliischt bei der Schness...
huiui...mengn den enken Kadrage as awa daat waat mech am meeschten steiert...
Wat d'Scharft fun menger Foto ugeet sot ech jo dass et gewollt war! Dass dat natierlech net jiderengem gefällt wor mir bewost! Dat selwecht bezitt sech op den enken Kadrage. Wat d'Schness ungeet muss ech soen dass mein Deierchen wierklech sou eng hell Schness huet an ech och probeiert hun net zevill un der Foto ze bearbechten! Trotzdem soen ech dir merci fir deng Reaktioun!
D'Perpektiv déis de gewielt hues get dem ganzen Kierper déi selwecht Opmierksamkeet, demno wier et besser wann den ganzen Kierper schaarf wier amplatz nëmmen den Kapp. Déierefotoen sin och meeschtens méi flott wann d'Ëmgebung en bëssen bei d'Déier passt. Dat as net onbedéngt do wou et am einfachsten as d'Foto ze maachen (an dësem Fall en Stuffendësch o.ä.?)
Merci fir deng Kritik. Ech huelen et positiv op an probeieren et den nächsten keier fleit besser ze machen! Ech muss awer soen dass ech des Foto net gestallt hun an dass och den ganzen Kierper gewollt net drop an scharf Fotografeiert as! (Ech hat mein Deierschen frei an der Stuff laafen an et huet sech enert den Kanape geluecht fir ze schlofen!)