Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Stockholm

 
Stockholm
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    01.11.2008
  • Gekuckt:
    26822
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/180
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    32 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1986x486
  • Späicherplaz:
    670 KB
  • Originaldatum:
    2008:09:05 13:51:20
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Allgemeng »» Panorama
2. Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=31418]
Kommentar vum Fotograf:
E Panorama vun Stockholm.
Freihänneg photographéiert am am Photoshop Elements zesummen gestiched.
arwa 01.11.2008 - 11:25
wonnerbaren Pano, gefällt mir immens gudd (Skandinavien souweisou smile...)

Faarwen, cadrage, Quali - a mengen Aaën - Top !
ChLo 01.11.2008 - 11:42
Merci Armand,

Stockholm haat mir als Stadt och super gefall, ett as vun allem do, souguer Natur mat engem Freiliicht Musé.
Nicon07 01.11.2008 - 11:37
Do sin ech ganz dem arwa sénger Meenung. Et as eng ausgeglachen Opdeelung vun de senkrechte Linnen an dem dräifach Schwonk an der Waagerechten. Dann as di Regel vun der 3 hei méifach respektéiert. 3 "Stadinselen", 3 Haapttiirm. 3 Interesseiebenen: Himmel, Haiser, Hafebaséng, an di 3 Elementer Loft, Steng, Waasser sin och an engem gudde Verhältnis zueneen. An am Grousse kann ee sou richteg flott durch d'Bild spadséiere goen. Di Kraaner weisen all no rechts a gin d'Richtung un. Dat läscht as elo net grad däi verdingscht, mais et as wi d'Belounung vun der Situatioun fir déng Iddi, hei ee Pano ze maachen. Schéin! *****
ChLo 01.11.2008 - 11:49
Merci Nico fir den Analys.
Beim Opbau haat ech zwar op d'Symetrie (mat den Tierm) opgepasst, fir dat ett sou ausgeseit, wéi wann lenks an rechts gespiegelt wären. Op dreier Regel mat Himmel am Land/Waasser, dem Horizont am Goldenschnatt haat ech och gekuckt.
Mee daat d'Kranen, d'(Bléck)Richtung ungin, war mir nach net opgefall. smile

arwa 01.11.2008 - 11:53
war mir schon opgefall,
mais, ëch kann keng sou eng gudd , virun allem, détailleiert Analys ofginn, wei den Nico smile)
Mochel 01.11.2008 - 14:18
kann mech denen aneren nemmen uschleissen fannen den Panorama ganz flott as der goud gelongen
Shantideva 01.11.2008 - 15:03
Daat denken ech och! Ganz flott!
NikonD80 01.11.2008 - 16:37
e schéine Panorama, ët ass alles doriwer gesot gin....
OK-Photography 02.11.2008 - 16:14
wow!gesait baal wei gemoolt aus...coolbesonnech mat dem Himmel
fannen en un sech tiptop mee fron mech wei en wuel ausgesin hett wansde amplaatz fun 32mm bessi mei no gaangen wiers (45mm?) sou verleiert sech neemlch en Deel fun der Wierkung an dem zimlech dominanten Himmel...weesnik...
trotzdem en ganz respektabelt resultat!! smile
ChLo 02.11.2008 - 16:29
Ech wollt net méi no run, well ech den "dramateschen" Himmel sou wollt drop hun. Dann wär den Horizont och méi an d'Mëtt komm an ech denken daat wär nët sou gudd gin.
OK-Photography 02.11.2008 - 16:32
jop do hossde allerdings och Recht...den Himmel as schons derwärt...hun ma schons oft sou Wolekken gewönscht wann ech mol nees nemmen ons Letzebeuesch Zopp dropp haat...cool

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 525 Gäscht online