Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Saint Laurent D´Aigouze

 
Saint Laurent D´Aigouze
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.06.2008
  • Gekuckt:
    74416
  • Favoriten:
    8 (Wen?)
  • Kommentarer:
    64
  • Beliichtungszäit:
    1/1000
  • Blend:
    f/5.3
  • Brennwäit:
    105 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x813
  • Späicherplaz:
    622 KB
  • Originaldatum:
    2008:06:07 11:54:13
  • Fotoapparat:
    NIKON D300
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=27960]
Kommentar vum Fotograf:
Teschent den Paerd befannen sech Steieren. Duerch d´Stroossen vum Duerf geet an d´Arena wou sie awer net embruecht gin.
arwa 16.06.2008 - 21:44
top - top an nach eng keier top - - an allen Hisiichten

gefällt mir immmmens gudd, (daat wées du schon smile))...)
Keup 16.06.2008 - 21:51
Merci Armand, endlech hun ech erem eng Photo hin kritt dei bessen gefällt daat freet mech
Mojoo 16.06.2008 - 21:47
Excellent.
Keup 16.06.2008 - 21:52
closed_eye merci fir deen feinen Komment an d´Bewertung falls se vun dir war.
Olivier 16.06.2008 - 21:59
Wou ech lo den numm gelies hun vun denger foto, haett ech direkt gegleewt et wir eng mode foto vum (Yves)- Saint Laurent... eng geniel foto... extreem gudd verschafft... top...

Eng gudd foto zenter laangem hai op PG an mengn aaen...
Keup 16.06.2008 - 22:42
Merci merci. Ech sin zwar den Yves mee na laang keen Saint Laurent. Wier zwar top well dann haett ech bestemmt eng Rollei oder esou en Geschiir.
arwa 17.06.2008 - 08:09
virun allem wärs du lo schon 2 Wochen doud an daat denken ëch, wier awer nët sou gudd unhappy(
gloda 16.06.2008 - 22:13
Bombastech.
Ech sin fierwelzeg: Hues de d'Gréngtéin désaturéiert?
Keup 16.06.2008 - 22:44
Hmmmmm ass schweier ze erklären wei ech dei veraarbecht hun. Ech schaffen am PS emmer zimmlech spontan well ech vill ze leieren hun probeieren ech villes aus. Mee greng hun ech komplett eraus geholl an an giel an orange vill erof gesat. Den Rescht wees ech leider och net mei alles.
alma 16.06.2008 - 22:18
gefällt mir och ganz gut, besonesch faarf kompositioun fanen ech super
Keup 16.06.2008 - 22:45
Merci alma freet mech
big-basti 16.06.2008 - 22:48
gigantesch ! deen farwtoun, einfach supper smile
Keup 16.06.2008 - 22:51
Merci merci sin wierklech verwonnert well ech schon laang keng gudd kritiken mei krut.
arwa 17.06.2008 - 08:10
den Van Gogh krut och lang keng gudd Kritiken mei smile)
kuck dir mol d'Preisser vu sengen Biller un..........
OK-Photography 16.06.2008 - 23:31
WOW!!
beliischtung, schärft, faarwspill, opbau (dPärd spretzen no baussen, gesait immens aus!) ergh bon...ALLES passt!
gefellt mer wierklech immens gudd!! *clap* smile
Keup 17.06.2008 - 10:24
Dann hoffen ech mol daess et net meng lescht war dei iwwerzeegt. Ech waert mech awer drun gin. Scheinen Daag BlackPanther
OK-Photography 17.06.2008 - 12:32
bigsmile hun na enka een Bleck an deng Gallerie geworf an....et as nik dei EISCHT wu mech ierzeescht hott!! tongue hun also do Vertrauen fir dZukunft... :p
dir o+rock on...Keup! tongueTHX smile
Keup 17.06.2008 - 13:03
Majo dann hoffen ech daess et och sou bleiwt an heinendsdo na eppes guddes vun mir nokennt closed_eye
JADE 17.06.2008 - 01:46
oh boaaaaaaah ... wéi geposed ...
kuckt deenen hier Gesiichter, eent méi schéin wéi daat aanert, also vun den Ausdréck hier closed_eye)

den Cadrage AN d'Perspektive (!!) ... an dann natierlech déi Faarwbearbechtung
an dann hier Sabot'en , déi viicht, baal all an der Luucht ... ech mengen du hues genau déi richteg 100stel Sekonn getraff

wierklech erstaunlech gutt, gutt, gutt (den erstaunlech ass nët negativ, ne)

klicken ass nach besser

Edit:
ech kommen nach eng Kéier zeréck ...
an dann den "muchacho" oder deen Gringo, oder wéi och ëmmer déi heeschen, deen Tom-Cruise-like do, also deen am flottsten vun der Band smile genau an der Mëtt, oder baal, als "Leader" ...
tjooo einfach Top ... ech mengen wierklech ... eng Sekonn méi spéit an ët wier nët méi daat selwescht
Keup 17.06.2008 - 10:40
Majo dei Jongen an Meedercher (selten) heeschen Gardian. Desen Transport vun den Steieren an d´Arena heescht Abrivado. D´Steieren geseit een leider net. (Just Patten) Hun zwar na eng Photo vun hannen wou een se geseit mee dei ass net sou gudd.

Eng Sikonn mei speit an se waren laanscht oder ech iwwerannt closed_eye

Du has den eischten Kommentar geschriwwen deen ech hei je krut an elo och na deen längsten. Merci Jade
Polinger 17.06.2008 - 07:12
Onheeeemlech, daat erennert mech IMMENS un sou en Bild, waat mer an der Konschtgeschicht duerchgeholl hun, resp. eng Konschtrichtung... o.O : super Moment festgehaal, an wirklech GéNIAL Veraarbeschtung.... o.O ech sin baff... an daat ass daat génialt un deser Säit: et fennt een des öfteren sou Konschtwierker wei daat dooten! Dre Daumen Hoch für Keup =D =D =D
Keup 17.06.2008 - 10:27
Merci Polinger. Wees schon net mei waat soen bei deenen gudden Kommentaren. closed_eye Sin paff. So bass du deen Poly deen ech kennen ?
arwa 17.06.2008 - 08:12
kommen och nach eng keier zreck : " ëch sin iwwerzeegt, mat där Foto kanns du Geld verdingen !! "
Keup 17.06.2008 - 10:02
Ooh Geld verdengen wees ech zwar net. Mee schein ze heieren ass et awer.
Sou weit hun ech am Fong net geduet. Ech wollt nemmen eenmol hei eng Topfoto hun mee daat ass jo net mei meiglech. closed_eye Villeicht haett dei hei et jo duerch d´Jury gepackt
arwa 17.06.2008 - 14:24
meng Stëmm häs de kritt unhappy)) (freiher ! )

a propos Geld,

virun ë puer Déeg huet e Buddie vu mir eng eigentlech ganz normal Foto vum - Mont St. Michel - ofkaaft krit, an Zukunft ze gesinn op enger DVD - la France, vu du ciel - !
Preis = 150 Öro , pas mal, oder ?

ps. hei, wann éen de Steier wëllt gesinn smile.....

http://www.fotocommunity.de/pc/pc/pcat/110717/disp...
Dan 17.06.2008 - 09:16
Ech sin och total begeeschtert!
Daat do ass immens impressionant!!!
Keup 17.06.2008 - 10:22
Haett et net erwaart. Sin deck frouh
mmphotos 17.06.2008 - 10:21
Einfach nemmen genial. Bei där Foto passt einfach ALLES
Keup 17.06.2008 - 13:06
Muchos Gracias mmphotos
klex 17.06.2008 - 10:48
Gesait schon baal onwiirklech aus, wi gemool, well et su perfekt ass smile super festgehaal!
Keup 17.06.2008 - 13:08
Perkekt ass fir mech nie iergend eppes. Mee wann et schon an d Geigend kennt dann sin ech zefridden closed_eye
Scheinen Bonjour vun Diddleng op Diddleng.
steel 17.06.2008 - 11:47
gefaelt mer gutt!
Keup 18.06.2008 - 09:35
gracias steel
Klatzkapp 18.06.2008 - 17:47
ganz flott gefälltsmile
Keup 21.06.2008 - 16:42
TY Klatzkapp
xda 20.06.2008 - 22:00
Cool Foto Chef smile Du bass jo zimlech oft an der Verkanz smile
arwa 21.06.2008 - 10:05
do war ëch nach nie, an der Verkanz ?!
Keup 21.06.2008 - 16:41
Oh et ass en mini kleng Dierfchen an der petite Camargue no bei Aigues Mortes an net weit ewech vun Montpellier. Mir gefällt dei Geigend
arwa 22.06.2008 - 09:27
btw. ëch wées scho, wou daat as, ët sollt eigentlëch en klengen Joke sin, bezgl. Verkanz, wei xde geschriwwen hat ;-()
Keup 22.06.2008 - 11:16
ah ok dann hat ech falsch verstaan
arwa 22.06.2008 - 11:31
ech gesinn, du kenns mëch nach nët smile)
xda 22.06.2008 - 16:56
Ahh smile jo sorry, mä sin mei am Preiseland doheem ... Huet wuel schon ofgefierwt. Hei wir daat wuel Urlaub smile mein franz. ass zimlech agerascht ... Also Verkanz = Vakanz smile
Keup 21.06.2008 - 16:42
Oh ech sin na net oft genug an der Vakanz closed_eye Gin am August nach emol dohinner Merci xda
xda 22.06.2008 - 16:57
Huel mech mat. smile
Keup 20.07.2008 - 19:25
Sin na net oft genug an der Vakanz. Sin frouh wann ech am August nees gin. Merci xda
chucky 20.07.2008 - 17:15
Cool foto x) Net wait weg vun Montpellier? cooool, doo war ech schoN bigsmile
Keup 20.07.2008 - 19:26
Nee ass net weit vun Montpell. ewech. Sou ongefeier 30km. closed_eye Mir gefaellt et do
mOnsterbUg 12.09.2008 - 11:20
Also an mengen Aan ass dat heiten eng vun dengen beschten Fotoen. Dynamik vum Reiden kennt esou richteg erwier, an du mengs all Geblak elo fueren dei iwert dech. Doduerch dass du den Hannergrond entfierwt hues gin d'Reider vil mei plastesch (flott). Leider ass der an der Mött e klenge Fehler passeiert (den Zuschauer teschent den zwe Reider hätt och kinnten entfierwt gin) Dat steiert awer nött zevill, wann en ett nött wees. D'Hellegketskorrekturen un den Reider hiere Kätonguep sin fier mein gout villaicht e bessi ze hell, mais e wei gesout alles eng affaire de gout.
Keup 12.09.2008 - 11:27
Gudd gekuckt mOnsterbUg, deen an der Mett teschent den Reider war mir wierklech net opgefall an elo steiert mech och. Majo dei Saach mat den hellen Gesiichter ass villeicht eng Saach vun Bildschiirmanstellung oder Gout well mir fällt elo direkt neicht do op.

suraki 11.01.2009 - 20:12
hei steht zwar schon alles, an se as net nei,
ech muss awer och hei drenne schreiwen dat
dest Bild sauflott.
Keup 11.01.2009 - 20:15
Merci suraki. Kommantaren dei mei speit kommen sin na besser well dann wees ech daess na iergendeen se no laanger Zeit kucken geet an gudd fennt. closed_eye
Maimonides 25.01.2009 - 23:54
Di do hat ech mol nach guer net gesin.
Eng vun deenen scheinste Fotoen op PG.
Keup 26.01.2009 - 00:22
Ulla daat ass dach mol en Kompliment. Villmols merci.
Jean-Jos 14.09.2009 - 19:17
Félicitatiounen: ech hun lo grad an däerer neier COLORFOTO gesin, datt dës Foto an hiirer Portfolio-Rubrik op enger halwer Säit ofgedréckt gouf!
Keup 15.09.2009 - 10:38
Merci Jean-Jos. Du hues awer en gudden Bleck an Verhalt daess de gesin hues daess et meng ass. War iwwerascht daess se dran gesat hun an och na sou grouss. Just den Numm hun se falsch geschriwwen. Egal closed_eye
Jean-Jos 27.07.2011 - 22:59
Great pic! Ech hu se lo grad beim 'Durechbliederen' méi zoufälleg nees erëm gesin a si nach ëmmer begeeschtert!
Keup 28.07.2011 - 11:22
Ech muss mol nees eng Kéier dohinner zereck. Merci Jean-Jos. Motivéiert mech mol erem unzerappen.
Poly 14.09.2009 - 19:43
schléisse mech un, hu richteg Loscht meng nei ze iwerschaffen, mä un dat Resultat do wäert ech net kommen,esou eng Opnam ass wierklech net einfach, well déi donneren an e puer Sekonnen laanscht, an d'leit sprangen och nach virun en,
just eng kleng fro ween ass do zwëschen dem mam rouden Hiem, en Zuschauer oder e Reider?
Saintes- maries de la mer
Keup 15.09.2009 - 10:49
Majo hun na puer sou Photoen vun deem Daag. Also fir se gudd ze huelen sin ech net an d Gewulls bei d Leit gaang mee op eng Course Camarguaise an engem Mini-Duerf (Saint-Laurent d´Aigouze) Do kennen ech mech saugudd aus an Touristen sin dann ausser mir net vill do. Ech stoung an enger Keier an se sin hun ganz kuerz virun mier ofgebeit.
Ausser bessen Angscht daess se net gebremmst kreien hat ech keen Hinderniss. Zu Saintes Maries de la Mer ass dest mengen ech onmeigelech duerch dei vill Leit.
Poly 15.09.2009 - 13:21
merci fir den tip smile
Keup 15.09.2009 - 13:56
An bei der Beliichtungsmiessung geif ech keng Matrixmessung huelen mee Spot-Miessung oder Mettbetounten soss gin d Reider ze deischter.

Keen Prob.
Keup 15.09.2009 - 10:50
PS dei Persoun ass en Zuschauer.
gtaddei1 19.02.2010 - 19:41
emmer één superthema
Keup 21.02.2010 - 22:45
TY freet mech. closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 416 Gäscht online