Muahaha du hues wëlles ofzerappen op DPC oder wat? Décke Gas.
4-7 schléissen ech aus, déi heiten gefällt mer gudd, mee den Nummer 1 an dénger Galerie mat den Schung as den HUMMER! Déi muss just nach bësse verschafft gin fir dass méi Luucht op den Model fällt, Shadow/Highlight as nach ëmmer legal also géif ech dovun profitéieren. An eventuell SW. An se kippt
Mol net, éischter dass se uewen ze enk kadréiert as. Ech mengen dat och virwat ech déi hei mëttlerweil léiwer hun, an och well se nëmmen eng Linn huet, net zwou déi alle béid d'Opmierksamkeet op sech lenken.
obwuel Thema jo grat Linnen as, an net den Model? Tendéieren zur am Moment fir dein éischten Choix, wàll den spontanen Effekt as beim Voting ganz wichteg. Déi mescht kuken Foto jo nemmen 5-10sekonnen.
Ech wees wats de mengs. Ech sin awer ëmmer méi der Mehnung dass déi hei méi den Boom! Effekt huet:
-D'Linn fänkt breet un an get méi schmuel, et get een eragezun
-D'Linn fänkt baussen un an geet ëmmer weider no bannen bis bei den Model. An der anerer Foto fänkt d'Linn méi an der Mëtt un (d?Glenner selwer verschwënt duerch d'Reflektiounen), also net do wou d'Aan warscheinlech usetzt, dann schwéngt se no baussen, an dann eréischt nees eran.
-Wann ech mer d'Bild mat den Schung ukucken, geet mäin Aan vun engem Schung bei den aneren an dann bei den Model. Dh et as eng super Manéier den Bléck eranzezéien, mee déi Bewegung steet an Konkurrenz mat der Linn vum Glenner.
-Déi hei Foto widderhëlt d'Haaptlinn nach emol am Schiet. Déi aner Foto ënnerbrëcht se duerch d'Seilen déi am Buedem gespigelt gin.
-D'Linn an der Schung Foto leet den Bléck zack duerch den Model erduerch. Wéinst dem Rimm geet d'Aan do duerch wéi duerch Botter an kënnt un der anerer Säit vun der Foto un. Bei der hei Foto as d'Pose vum Model anescht, et as wéi en Stopschëld. Den Bléck schwéngt sech d'Schëller erop an bleiwt am Gesiit, wat zimmlech no um Gëllenen Schnatt läit, hänken. Idealerweis hätt den Model d'Broscht nach ë bëssen erausgestreckt fir dass den Réck eng schéi geschwongen Linn gemaach hätt.
Nondikass, wann ech souvill iwwer den William Faulkner ze zielen wéisst wier mäin Essay schon laang fäerdeg.