iwwerzeecht net.. sorry.. mee siche verkrampft no eppes guddem an deem bild.
dat ass net béis gemengt.... huet dat net als beleidegung oder esou un. du kanns doraus nëmme léieren. eng schéi foto ass net gläichgestalt mat "eppes schéines fotograféieren". a wanns de eis verréits wéi 't foto entstanen ass, da kënne mer der och soen, wats de déi nächsde kéier kanns besser man
Nee sorry, mir gefaellt se och net. d'Beliichtung ass schlceht gewielt, iwwerall sinn Schieder, virun allem honderem d'Aan. An d'Pose, losse mer net driwwer schwaetzen.
ech haett den hannergrond mei onscharf gemeet, d fraemensch gebueden an enger mei fierdeelhafter positioun sech ze stellen (flait nemmen schräg den uewerkierper, mais op allen fall net hannen den ennerdeel mat etc,..)
besser wier och gewierscht d foto fun ennen erop an net emgedreint, an waat d motive unbelangt do steet et mer net zou eppes driwwer ze soen...
Ech fannen d foto zimlech fuerchtbar, gesait aus wei een schnappschoss esou an net wei eng schein foto,..
Mais wann et dech berouegt ech sin och keen Meeschter an fotoen machen
Dat as den Grond wisou ech main Gléck nie mat "Nu" oder Aktfotoen versichen wärt.
Zu der Opnahm selwer: Géif ech nemmen gudd een Motiv fannen wisou dat Bild hei ze fannen as.
ALso a verschiddenen Punkten muss ech dem gogo Recht gin: Hannergrond wier besser méi floux gewiercht - Posi passt mir och net esou richteg, dobai fannen ech dass d'Photo vun ze no geholl as (vlait e bessi méi Waitwénkel hätt Wonner bewierkt) an awer och d'Faarw selwer - schomol eppes vun "Sepia-Filter" héieren?
Wann et sech hei wierklech em eng Art "Aktfoto" soll handelen fannen ech dass d'Gesiit zevill am zentrum steet, bei Aktfotoen as et jo éischter charaktéristech dass den Kierper a sénger voller Esthetik am Mëttelpunkt steet.
Ech kann just hoffen dass ech net méi allzeoft op esou Opnahmen hei treffen
Aktfotoen koennt der mier schecken
(hoffen dass meng frendin daat net liest )
wei den guardian gesoot huet, sepiafilter, bessi mei weggezoomt, kapp an een goldenen schnettpunkt setzen, mais op allen fall net mei grouss an zentral, kierperbetount opnahm, flait mat anner Sachen schaffen nahc,.. Kerzen Deko,... schleier etc...
sin do net den expert, mais am internet fenns de secher nach fill anner professionell Biller wous de dech do ebssi kanns inspireiren an iddien sichen,...
ech well dech net ugreifen odersou, mee ech fannen di foto einfach *bäh*
also ech hu weder eppes geint dech nach geint dei model, net dass daat elo falsch verstaanen get. mee ech kann neischt gut dru fannen...et stemmt iergentwi neischt iwwert eneen, dee schierd am gesiit..su eppes solt ee vermeiden, fir lo nemen een beispill ze gin.
gefällt mer wierklech net...sry :/
Fir eng Photo dei net gudd ass huet se vill "hit" kritt, huelen Kritik awer gaeren un and waert et an zukunft bestemmt besser machen, meng drei anner fotoen sin zwar och e puer mol gekuckt gin, leider awer ouni commentaire bliewen
io du hues vleit vil hits kritt awer iwwerlee mol firwaat! daat kann mega positiv sin awer och zimlech negativ...ech mengen dei meescht leit hun des photo ugeklickt well se geduert hun :wat ass daat!!?????????
Jo bon.. "hit" well net direkt heeschen dass eng Foto gudd soll sin. Wei ech dess Foto am klengen gesin hun, hun ech se direkt missen uklicken, hällt och vlait dorunn dass ech een Mann sin hehe Wees net, mee op alle Fall sprengt engem dess Foto direkt an d'Aan.
Bon ech perseinlech brauch neicht mei beizedroen, dat meecht ass schon gesoot gin. Kanns jo einfach nachengkeier probeiren esou eng ähnlech Foto ze maachen, dann pass de dorobber op wat hei gesoot gouf, an dann get se beschtemmt ganz gudd
Wanns du aplaz d'Gesicht sou zentral op der Foto ze hun, éischter de Reck gewisen häss, da kéint ech mir virstellen, dass dat eng vill méi interessant Foto wir.