Ass dach super Wieder fier Fotoen ze maachen, flotten Himmel, Buedem naas, Beem an den Wand gebeit... waat wells de mei?
Also ech wiederhuelen, >> Super Fotoswieder...
>Foto: kennt cool eriwer, an proper verschafft, wei den Muz seet, eventuel e beschen mei riets croopen, awer dann hues de empweder den halwen Beemchen oder nach just eng Spetzt fum Desch drann. Fier mech ass se esou gudd..., bon afg...
Ech hätt se riets mi eng gecropt, den halwen Präpeli an di Persounen soen näischt aus, droen net zum Bildopbau bäi... ouni dat kriss de eng flott Balance an däin ambient Bild. Den Glanz an den Plättecher an den speziellen Himmel, souwéi d'Gesamtfuarwverdeelung vum Pic sin awer iweraus interessant.
Déi Fro hat ech mer am Ufang och gestallt, ob ech den Del ewechschneiden soll oder net. Wann ech en ewechhuelen dann ass et riets zimmlech eidel an den Prabbeli lenks stet dann sou verlooss an der Landschaft wat a mengen Aen och net onbedengt gudd ausgesäit.
Ech probéieren mol déi nächste kéier bei sou enger Prise un dëst ze denken an mer méi Spillraum ze loossen.