Naja, ech wes aus secherer Quell, datt déi Foto um halwer dräi mettes gemet gin ass
Et fret mech ower, datt ech den Androck vun Owesliicht vermëttlen konnt, dat bedeit wuel datt meng Veraarbechtung net sou schlecht ass.
merci
Dat heescht da wuel, dat mer awer, sprochlech, famous vun eisen groussen Noperen geprägt (imprégnéiert) sin, well ech hun et esou, bewosst, nach néierewou gelies/gesin/begéint.
Merci fir deng Recherche an...
sorry Lex, sorry dat ech un der gezweifelt hun... MaanNiiMéi ...
hui!immens bearbeschtung do!
den kontrast zwescht dem (baal) faarwlosen himmel an dene präschtech rouden scheffer haifier gefellt mer...wierklech gelong!
daat ganz lenks steiert mech allerdengs well et zimlech heftesch verzerrt ausgesait (hun lo just nik direkt eng aklärung derfier wisu NEMMEN daat sou kromm ausgesait...)
gefellt!
Ech kann der ower eng Erklärung dofir gin, ech hun am Photoshop d'Perspektiv verännert (dofir digital art) well an der Originalphoto en zevill groussen "vide" am Viirgrond wor. Leider muss en dann verschidden Verzerrungen a kaf huelen.
aha, do huet nach een digital art glies virun puer wochen
idee ass wuel gut, mee et gin nach sachen ze verbesseren! zB den deel waasser hannert de booter ass nach zevill roudelzech. dat mam himmel fannen ech lo net sou schlem...ass halt adg, mee bei de bieger häss de kennen deen een deel (deen nach mi blo ass) och kenne mi daischter man, da geif en net sou rausstiechen!
awer e flotte versuch dat do
Et wor eigentlech "digital Photo" me secher haten se déi selwecht Beispiller. Mat den Faarwen hues de vollkommen recht me u sech huet mech dat roudelzecht Waasser net sou gestéiert me secher, do kann en nach gaaaaanz vill verbesseren. Hei wor mäin éischten Versuch an daer Gréistenuerdnung an mam Elements ass d'Veraarbechtung e bessi anescht wéi an der Zeitung.