ech mengen ech hun eng nei Leidenschaft fier Fotoen am PS ze verschaffen... ech sin allerdengs nach net op der Héicht et richteg gudd ze maachen ... dofier hei nach ee Versuch ... all Hellef ass wellkomm :-))
deen effekt ass einfach nemmen hammergeil!! ech kann et net aanescht beschreiwen...et geseit sou...bombastesch, apokalyptesch aus...gefällt mer mega mega gudd...
daat eenzegt waat mech hei lo irriteiert ass, dass tescht den blieder vum baam...zumols op der lenkser seit vum stamm...do ass et su hell ronderem...an dertescht...daat geseit nawell en bessen lusch aus...
mee trotzdem...et ass geil...verdammt geil!
also...wanns de welles hues nach mei fotoen sou ze verarbeschten...ech freen mech drop!!
Also, ech sichen och eng methode, daat auszewielen, waat ech well.
Hai gesin ech, dat den himmel, deen tescht den blieder erausguckt nach am original zoustand ass, mee hai leider bessen zevill, och wann et den baam erausstiechen leist. Wei een daat maan kann, fier den himmel och hannert dem baam ze beaabeschten, ouni den baam, wees ech net...
Wei een tool hues du benotzt fier den himmel mam recht oofzegrenze.... Magnetic Lasso'?