Fenster ass dreckeg, ech wees... hun awa keng Loscht mech lo éiweg dohin ze setzen vir se propper ze maan, Sonn huet halt dran geschéngt, an d'Kaatz bleiwt och net éiweg setzen ;) Bitte bitte Komentarer :)
mein éischten Gedanken hei war iergentwéi daat et net wierklech no Foto ausgeseit ... Warscheinlech wéinst der Fenster, wanns de lo net heihinn geschriwen häss daat se dreckeg war dann hätt ee bal kennen mengen daat wier iergenteen Effekt oder sou an och déi Rousen baussen...geseit iergentwéi deck komesch aus (net onbedengt negativ) An d´Kaatz kuckt liicht midd dran hehe
Also ech géif se nach besser fannen wann da d'kaatz d'Fensterrumm net äus dem Kapp stoen hätt! Ass daat éicht wat mer opgefall ass wu ech d'Foto gesin hun! D'kaatz ass awa ganz léiw
Merci Lex Bei mir stin emmer Saachen aus dem Kapp Gesin daat iergentwéi ni, ass flait well ech mat 2 Aen kucken, dass mer daat net su opfellt? :P
Op jidferfall wollt ech hei op 3 vun 4 Punkten den gellene Schnett drop kréien, dofir setzt se eben och just do virun der Rumm. Kaatz riets am Eck hätt net gudd ausgesin.
PS: Daat mat den Aen soll net den Geck gema sin, ech versichen mer eechthaft ze erklären wisous du daat emmer gesais an déi aaner/ech net
Jo, gleewe käum dat daat u méngem aan läit, vu dat de Bildschiirm jo och 2D ass Oda mängs de dee moment wus de d'Foto gemaat hues?
Mam gellenen schnett hues de scho rescht!
Fir all di di daat hei sollte liesen an sech froen ''hä ? waat soll daat?'' Ech gesinn nemme mat engem aan
Majo eben net mat deenen 2 aan zesummen wi all normale mesnsch, just mat engem... mee bon wat wells de maan... sin awa bis lo ganz gudd duech d'liewe komm
Lex, wees o net genau wéi ech daat gemengt haat, mee kann mer virstellen, dass de d'Welt einfach aanecht kucks wéi een, deen mat den 2 Aen glaichzaiteg kuckt.
So Yoshi ...wees du dass dei Fenster beis knaschteg ass ? ...lollll Nee lo seriö ! D'Motif un sech mat der Plantz dei durcht Fenster schenkt ass tiptop !Erennert mech e bessi un Kreschtdaagskaarten an deem Genre ....mais dei Fenster ...args ...leider lenkt se of !
D'Kompositioun vun der Foto (gëllene Schnëtt pattati, pattata) gefällt mir gutt. OK, déi Fenster mißt dem Kullanghues net aus dem Kapp kommen.
Mee am meschten gefalen, fir net ze soen beandrocken mech d'Farwen. Also déi vum Holz a vum Déier.