Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

The Dome 2

 
The Dome 2
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    07.04.2007
  • Gekuckt:
    25260
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    30
  • Beliichtungszäit:
    70/1
  • Blend:
    f/22
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1100x743
  • Späicherplaz:
    263 KB
  • Originaldatum:
    04.04.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase  
Extras:
en Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=16878]
Kommentar vum Fotograf:
Hei eng aaner aus der Serie....bessen aanescht
The Dome(reloaded)
krautheim 07.04.2007 - 13:35
Beim Dome (reloaded) ass alles perfekt. Hei gefällt mir d´Perspektiv immens gudd, mee déi blo Reflektioun am Waaser ass fir mech e bessen zevill present. Trotzdem eng super Foto!
Paukl 07.04.2007 - 13:39
Jo ech duecht mer dat dei Kritik kenntsmile Daat ass eng Haal niewt der Gare, wou momentan den Queen Muscical leeft, an dei ass mat UV Luuchten beliicht, dofir dei Reflecktion. Aus der anerer Perspektiv huet een dei manner gesin. Merci awer
Masterpii 07.04.2007 - 13:36
Dei aaner gefällt ma vill besser. d'luuchten vun der Gare (dei blo) dei steieren bessen!! AN et kent mir fir wei wann den Dom net gaanz riicht wier, kippt liicht no riets!
Paukl 07.04.2007 - 13:40
Also gleew mer ech hun alles probeiert. Wann den Dome riicht wor, wor d'Breck kromm an emgedreit. Ech duecht ech hätt elo en gudden Mettelwee fonntsmile Me recht hues de.
Masterpii 07.04.2007 - 14:26
Also ech geng soen, wann Breck lo rechts een mm mei an der Luucht as, daat mescht net sou vill aus (wann iwwerhaapt eppes) wei wann den Dom kippt!
Rabicop 07.04.2007 - 13:40
bis op puer kleng scheinheetsfeeler huet d'foto absolut postkarten flair!
ech gin mol dovun aus, dats de mer den dom nach doheem schein riicht setz an d'foto dofir net emol nei muss roplueden.

dofir vu mir ganz kloer 9/10!
wonnerbar nuetopnaam, eng vun denge beschten bis lo!
Paukl 07.04.2007 - 13:43
Merci Rabicop. Hun em Masterpii ochs chon aklärt, dat et aus der dooten Perspektiv relativ schweier ass fir alles riicht ze kreien....also mat mengen Kentnisser mol. Wees och net genee un waat et lait, mee entweder ass den Dom riicht an daan gefällt mer d'breck net mei oder en ass kromm an Breck riicht...?
Rabicop 09.04.2007 - 05:19
ma, probeier folgendes:
markeier ee bord rondrem den dom, an dann wiels de frei transformieren un, an dann entzerren, dat misst well hellefen, dat just den dom sech ànnert an de rescht vum bild bleift wi en as.
ech hun dat zwar selwer na net ausprobeiert, mee no mengen puer PS kenntnisser misst dat klappen
Charly 07.04.2007 - 15:35
Cadrage, Beliichtung, Fuerwen, alles perfekt.
Paukl 07.04.2007 - 15:58
Merci Charel
Jefferson 07.04.2007 - 16:14
Eng super Foto
Sie gefällt mer mega gudd spigelung am wasser ass genial d´faarwen sin och super
sie ass och iwerall schaarf
wirklech gudd geschaft
Paukl 07.04.2007 - 16:17
Thx Jefferson
JADE 07.04.2007 - 18:26
ass jo nach besser gutt !!
Paukl 07.04.2007 - 18:39
ass sech sin eng kleng Affaire de gout, mee sin eng kleng besselchen frou wann et dir mecht eng gefälltsmile
JADE 07.04.2007 - 18:41
pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... hrhr ...

hun awer elo eng Zäitchen gebraucht fir ze schalten ...
ech duecht ... hmmmm ... deen iwerliest nët waat hien schreiwt ... unhappy()))
Paukl 07.04.2007 - 19:11
dach dach maach der keng Suergen, just heinzdo geschitt mer daat am Eifer des Gefechts
Nicon07 07.04.2007 - 18:32
Klassescht Motif, awer genial gudd ëmgesaat. Bravo!
Paukl 07.04.2007 - 18:40
Jo typech Postkaart mee firwaat kaafen wann een se selwer maan kannsmile
spako 07.04.2007 - 21:49
OOHhhh.. dei ass jo nach baal mei schein wei dei aaner... dat mooft gefaellt mir hei extra gudd...
Paukl 08.04.2007 - 11:46
smile Denen engen gefällt et denen aaneren net.Emmer rem flott ze gesin, wei ennerscheedlech Gouten sin. Merci Spako
Rolacro 08.04.2007 - 14:53
Boah, genial fannen ech desst! Dei aaner hunn ech och schon gudd fonnt, mee desst vlait na besser! Stemmt errennert wierklech bessen un eng postcard! Mir gefaalen dei verschidden luuchten immens, an och d'waasser, mat der beliischtungszait schengt eng eispist ze sin, oder eng danzpist ka, mee sou eng glaat haard uewerflech... an d'formen schein kloer! d'kierch an d'breck... ass dat mat Bulb, oder wei? well 70s... Relax!
Paukl 08.04.2007 - 15:14
Merci Rolacro
Fredd mech dat se der gefällt. Ech hun d'Foto ganz Manuel gemaach, awer och mat extremen Waerter. Ech haat d'Blend 22 domadder hun ech den Staereneffekt bei den Luuchten arrecht. Fir se dann schein hell ze kreien hun ech mam Bulb geschafft. Anduerno aus engem Raw 4 oder 5(keng Aahnung mei) JPEg gemaach, fir esou en DRI ze maan.
yoshi 11.04.2007 - 17:21
gefällt mer rem vum bildopbau ganz gudd, am fong wei dei aner och, mee dei blo-violett... ech fannen et net schlecht dass se do ass, mee se ass ze staark, den bléck gett direkt dorop geleed, an en kennt nemmi richteg fort op daat gesamt bild.
Paukl 11.04.2007 - 21:15
Jo gin der recht Yoshi, mee wanns de mech frees, mir gefällt dei heiten nach besser wei dei aaner, ebengraad weinst der blo moofer Faarw. Mee daat ass wei sou oft Affaire de goutsmile
yoshi 11.04.2007 - 21:42
ech fannen des ass net su equilibreiert, lenks ass eppes helles, an der mett ass o eppes helles an riets ass daichter, gesait bessi komech aus... obwuel ech dovun oofgesin net wierklech fannen dass dei hei mei schlecht soll sin wei dei aaner smile
Paukl 11.04.2007 - 21:44
Freed mech wann der se gefällsmile
yoshi 11.04.2007 - 21:49
daat bot steiert mech trotzdem... grml.. wees net waat ech denken soll vun der foto...
lösch dei foto, dei mecht mech duercherneen tongue haalen lo besser op mat kommentarer hei schreiwen, et gett einfa naicht uerdentleches closed_eye
Paukl 11.04.2007 - 21:53
smile nee dann läsch du se....du Chef ich nix
yoshi 12.04.2007 - 09:22
lol nö, ech traun mech net tongue
Focus 27.04.2007 - 17:41
excellent Aerbech Paukl. Déi mauve as vum Musikal "We will rock you" vun Queen. Absolut kukenswert. Mech stéiert déi Farf net; am géigendeel; et gët deem Bild richteg Pep! Bis glaich um Jonglenster Beach closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 460 Gäscht online