Jhust virun Kayl ass een Weiher bei der Autobunn ... mee d'Autobunn gesäit een dem heiten net un
et woar méi kaal wéi een mengt dat et wiir
awer woarm em d'Häerz gouf et miir
hmm jo do hues de och rem recht. well daat gett dem bild eng gewessen bewegung an et geseit och net sou eidel aus..hmmm tjo dann wees ech elo och net meiloos et einfach esou
Déi as tip top, wéi se ass. mat oder ouni schwongvollt Spigelbild, dat as Adg. Ech géif et loosse, well et wi eng point bei engem Witz as: Lauter riicht Elementer virun deem warmen hannergrond, an dann ...., do wou et aus dem Bild raus geet, déi geschwonge Linn, sou wéi en Signature. Gudd gesin!
Merci Nico, dat mat Ennerschreft, hehe, ech hat genee den selwechten Gedanken. Fillen mech bestätecht. Thank You very much an feier nach schéin an drenk en Patt op mech.
great, déi zitt richteg un déi doten,
schéi, waarm Owesfaarwen,
d'Stauden (oder wat och ëmmer déi Planzen vir lénks sin) sin e richtege point d'attrait, si leeden d'Aen vun der Mëtt zum lénke Rand: mir gefällt den Ausschnëtt sou wéi en ass,
Mais où va-t-il chercher ces couleurs ?
Superbe, le genre de photo que l'on aime regarder en laissant son esprit s'envoler.
Rien à dire, si ce n'est : encore !
Ech hätt d'Perspektive ganz en bëssen geännert. Ech hätt mei vun uerwen fotograféiert (soufern dat iwwerhaapt méiglech war), soudass een dei Planzen mam laangen Still (wees net wei dei heeschen) ganz gesäit, an hieren ierweschten Kierper net mat der schwaarzer Spiggelung vun den Beem verschmëlzen. Dei schwongvoll Spiggelung rechts passt perfekt an d'Bildkompositioun, well d'Massen esou gudd équilibréiert sin.
D'Faarwstëmmung ass immens schéin! D'Bild gefällt mer am groussen Ganzen ganz gudd.