Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

7,91m

 
7,91m
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.01.2007
  • Gekuckt:
    22267
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    56 mm
  • ISO:
    1600
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x419
  • Späicherplaz:
    286 KB
  • Originaldatum:
    2007:01:27 19:39:17
  • Fotoapparat:
    NIKON D80
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=14255]
Kommentar vum Fotograf:
Den Roman Novotny beim Wäitsprong um PEDUS indoor meeting



Ech wes, si ass net ganz scharf an wir frou fir all Tuyau wéi ech bei sou Fotoen besser Resultater kréien.
(elo komm ower ken mat méi kuerzen Bellichtungszäiten oder méi klenger Blend)
yannhellers 30.01.2007 - 15:07
ok all mensch geseit dass daat do weitsprong ass mee menger meenung feelt hei awer den sand... deen een jo praktesch guer net geseit
GrAl 30.01.2007 - 15:20
E bessi méi Sand op der Foto huet gewëssen Viirdeler (hun dat elo grad ausprobéiert) me et ass eng Decisioun vu mir op den Sand elo wichteg ass oder net. Ech hun et net als wichteg fonnd.
yannhellers 30.01.2007 - 16:33
jo dann fro net no aaner meenungen?
GrAl 31.01.2007 - 08:21
Dach dach, ech respektéieren deng Iddi, ech wollt et jo wëssen. Ech hun et jo och direkt ausprobéiert an mat méi Sand huet jo och säin Viirdel: et lenkt méi vum Hannergrond of an et konzentréiert en sech méi op den Sprénger. Domadder get ower och den breden Format verluer den ech perséinlech hei gudd fannen.
Ech wollt amfong just soen, datt ech keng nei Versioun vun der Foto waert eroplueden me all Propos an Iddi bei denen nächsten Fotoen probéieren ze berücksichtegen.
Val 30.01.2007 - 16:55
gans gutt Fotto
Paukl 30.01.2007 - 17:23
gefällt mer mega gudd. du hues den Roman schein agefruerclosed_eye
CK 30.01.2007 - 19:06
"wéi ech bei sou Fotoen besser Resultater kréien": Hannergrond kontrolléieren.

Den Sujet soll den Weitsprënger sin, net d'Leit déi d'Hürden opriichten, mee déi sin hei relativ prominent mat drop.


GrAl 31.01.2007 - 08:27
Den Problem hei ass, datt ech net nach méi eng grouss Blend kann huelen. Et ass mat 2.8 schons extrem Chance fir wéinstens den Sprénger e bessi schaarf ze kréien. Dat ass et och wou ech net weiderwes. Wat soll ech man fir den Sprénger nach méi schaarf ze kréien an eben den HG nach méi verschwammen ze loossen?
Secher kann en mam Photoshop den HG verschwannen loossen me ech wëll dat no Méiglechket schons bei der Opnam realiséieren.
CK 31.01.2007 - 18:27
Et get e puer Méiglechkeeten fir den Hannergrond:

Méi weit weg stoën an mat méi groussem Zoom schaffen

Eng Kompositioun am Portrait-Format.

En Fotoapparat, deen keen 1.5x FOV-Crop mecht, mee 1.3x oder 1x (mee fro mech net no techneschen Grënn dofir, daat kënnen anerer vlait besser erklären).


Fir den Sprënger scharf ze kréien, weess ech net waat d'D80 kann, duerfir ass et schwéier fir mech, ze soën wou d'Limit vun hierem Autofocus ass, respektiv waats du als Photograph do eventuell kënns besser machen.

Ech haalen net vill derfun mat esou extremen Filteren (selektiven Blur, etc.) am Photoshop ze spillen.
GrAl 01.02.2007 - 07:12
Merci CK. Ech waert mol probéieren mat méi enger laanger Brennwäit ze schaffen souwäit et méiglech ass.
faragerri 08.02.2007 - 21:20
Also d'Schuarfstellen vun Sprenger ass net sou einfach. Am beschten du kucks firdrunner eng Keier wei weit en kennt an sou. Well an der Coque kennt et io wierklech op all Millimeter un wann een net grad en mega deiert Objektiv huet.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 618 Gäscht online