lichtmalerei ((;
einfach super gema
eps klengs wieklech buzzeges wu mech stéiert as dass den pinsel nach su bewegend ausgeseid .. mee soss wieklech nix ze meckren .. einfach cool an probéiren dierf een et jo mol emmer
Der Fairness halber muss de d'Original ugin:
http://www.dpchallenge.com/image.php?IMAGE_ID=55938
Ech sin net frou iwwer déi hei Foto, well du hues just imitéiert amplatz der e puer Kreativ Gedanken ze machen wéi een et ka besser man. Kreativitéit = 0.
hmmmm
also sou eng Kritik hun ech och schon krut an hun dei nach nie fair fond egal ween se krut!
Se ass jo awer net genau d'selwescht!
An et därf een sech dach inspireieren?!
Den Mudam ass och schon 1000 mol geknippst gin därf lo keen en mei knippsen?
merci mee et ass jo och sou ech wees net mei ween et wuar mee deen huet och gemengt en misst soulang siichen bis dat en d'original vun menger Foto fond hat!
Naicht geint dech Gloda et ass dain gudd Rescht daat heihin ze schreiwwen!
Mee et geht bei baal all Motiv en ''Original'' en eppes waat et schon sou ''änelech'' geet...
Hei as awer net probéiert gin eppes Ähnleches ze machen, mee dat selwecht. Dofir get et en Wuert: Plagiat.
Et as en Ënnerscheed op ech an den Mudam gin an do Fotoen machen sou wéi mir se gefalen an mech dobäi un aner Fotoen erënneren (wat mir un denen gefall huet an wat ech besser gemach hätt) oder ob ech mech mat engem Fisheye genau dohin leen wou den Pinoccio fir séng "Mudam 9" loung.
ech gesin awer leiwer eppes waat gudd nogemach gouf wei en schlecht orginal an mier gefällt des besser wei d'Original!
Domadd soen ech awer lo net dass d'Original schlecht ass et ass en Beispill!
Ok daat as lo meng Mehung!(An dem Pelz seng)
An ech respekteieren och deng wann dier d'Original besser gefällt!
Op d'Original oder déi nei Versioun besser gefällt as irrelevant. Wanns de vun déngem Bänknoper géifs ofschreiwen an deem säin Schreiffehler net matschreifs, hues de awer gefuddelt.
<<Kommentar vum Fotograf:
Loosst mech sou eierlech sin a soen dat et net meng Iddi war.. ech hun eng Keier eng aehnlech Foto gesin a wollt daat mol probeieren >>
Hat huet jo selwer gesot dat d'idée net vun him ass!...
Ech well lo guer naicht zu dengem Verglach schreiwwen -->
Jop ech hu probeiert daat selwescht Resultat ze kreien, d'selwescht wei all Mensch deen sech dohinner stellt an probeiert eng Drepps ze fotographeieren... daat ass och ee PLagiat eben just sou oofgelutscht dat et mol kengem mei opfaellt
Drësen sin fotographëschen "Public Domain" Nee, am Eescht, mach eng Drës sou no dass se ausgesäit wéi déi op enger anerer Foto, dann bas de zwa gudd. Däi Beispill klappt net.
Majo ech muss der Recht gin doranner dat ech net d'Iddi vun der Foto haat an ech hun der fairness halber gesoot dat ech d'Iddi net selwer haat... an deem Senn kann ech der also net zoustemmen dat ech do net fair gewierscht soll sin.. wanns de d'Quell vun mengem Bild wells kennen da muss ech der leider onrecht gin.. et ass net daat "Originaal" waats du hei ugess mee een aanert... (Woubei alt rem bewisen ass dat et schweier ass ze soen ween als eischt eng IDDI haat a ween net...)
Meng Quell war dei heiten
http://dgrin.smugmug.com/gallery/1076987
ee ganzen Tutorial fir sou eng Foto ze maachen direkt derbai.. ech gin zou dat ech dobei keen sonnerlech kreativen Beitraach vu mir selwer geleescht hun, mee eischter probeiert hun eppes mam Photoapparat a mam Photoshop (wou ech nach zimlech onbehollef dra sin) ze produzeieren,woubei ech mech ob eppes baseiert hun waat et get...
ech gesin et aehnlech wei wann een eng Reih "A"en oder "I"en an der Schoul molt... jidfereen muss mol als eischt üben, a waat get et do mei einfaches eppes nozemaache waat ee gewise kritt...
et kann ee stonnelaang dirwwer streiden an sech opreegen dat een einfach eppes nogemaach huet mee mir ass et einfach dremgaangen eppes ze probeieren an ze kucken ob ech et kann... wenn huet daat nach net gemach?
Ech gin der zu engem Deel Recht gloda, zu deem aaneren Deel muss ech der aawer och soen dat ech fannen dats de eng zimlech "ruppeg" Aart a Weiss hues engem daat ze soen (net fir Ongudd!)
Voila, Quell ugin, Problem geléist. Verlang awer net vu mir dass ech duerch d'Blumm schwätzen.
Edit: Sou ruppeg wa ech amfong net. Als Verglach: Hätt ech dat do hei an engem Essay gemach wier ech aus dem Cours verbannt gin.
ech gesin aawer nach emer dai Problem net... ech hu vu fier era gesoot dat et net meng Iddi war (waat scho vill mei ass waat viller maachen dei eng Foto "nomaachen" dei et scho gouf (huel dei Foto vum Haerz am Buch deis du gemaach hues, ausser dei faellt jo vlait och enner "public domain" ech wees et jo net) daat ass och keng originell Iddi vun dir an een deen net sou bewandert ass deen keint nawell denken du haess do eng super Idii gehaat an dech derfier luewen... neierens steet dats de dech un eppes inspireiert hues (ech well der lo net ennerstellen et wier net deng Iddi gewierscht et ka jo sin, mee ech hun schon 100 daer selweschter Fotoe gesin an ech si secher du och)
ech war mir net bewosst daat ee bei all Foto misst Quell ugin wou een sech un enegr aanerer inspireiert huet. ech hun einfach gesoot dat ech dat gemaach hun, net präziseiert bei weem do hues de Recht, aawer muss een daat?
An dai Verglach mat der Uni fannen ech hei och net zoutreffend, haett ech net gesoot dat ech eppes nogemaach hun an mech mat menger "origineller Iddi"gebretzt haett geif ech et jo verstoen, wann een aawer eng Foto weist wou ee probeiert huet eng Technik an ee Motiv emzesetzen waat ee gesin huet da gesin ech persinlech kee Problem doranner.. ausserdeem fillen ech mech absolut net ob Unis-Niveau waat Fotoen ugeet, me eischter Primaerschoul .. ech leieren nach an daat heiten waar eng gudd geleegenheet eppes beizeleieren ...
"edit": ech fannen eis Diskussioun richteg interressant )
D'Iddi vun dem Book of Love as keng nei, méng Ëmsetzung dovun allerdings as eng eegestänneg. Dat as keen groussen Ënnerscheed sees de? Dann hues de Recht, mee en as do. Et as den Ënnerscheed vun sech op eppes baséieren an eppes kopéieren.
naja.. da soen ech elo mol einfach ech hu mech op deen tutorial baseiert, deen ech virun 3-4 Meint gelies hun an elo emgesaat hun... )
ech fanne meng Emsetzung naemlech an deem Senn och eng Eegestaenneg
den glanz! liichtmolerei fum FEINSTEN!!!
super idee super emsetz.....nah....ebn sou alles waatsch schon bei dengen bieren...bon...kuasi ALLEN fotoen fun dir gesoot hun...