Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Allée à l'Infini

 
Allée à l'Infini
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.12.2006
  • Gekuckt:
    22519
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    13
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    812x592
  • Späicherplaz:
    281 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Ir-filter

Fir anzesetzen: [pg_img=12478]
Kommentar vum Fotograf:
Wéi d'Schëff ët veréit , zu Damme bei Bruges.
JADE 05.12.2006 - 00:25
... no comment ... just ... oh-lolo-lolooooooo ...

fir den Rescht ... loossen ech dem Nicon07 d'Wuert ... smile)
elmuzo 05.12.2006 - 00:30
A mär net ... sniff.
JADE 05.12.2006 - 00:35
wéi? ... dir sidd och all hei?? ... ech gesin ... ech gesin ...
déi üblech ganz "Late-Night-Show"-Band ass online ... ma dann los matt den Comments !!
Kwitchibo 05.12.2006 - 00:41
Ir Filter as einfach interessant !! et as emmer schuet das dei Beem bewegen!!an awer esou impressionant sin!!
uewen den Himmel as awer zevill drop !!
Scheff keint fir mech besi mei no recht sin am Bild !!
Spieglung as och flott!

P.s: dei Wandmillen dohannen wars de och do??
elmuzo 05.12.2006 - 00:53
Ech gesin den Kwitchibo gesäit sech och schon do Pics maachen bigsmile
No_Saint 05.12.2006 - 22:47
Ech war och do , ... kënnt nach.
elmuzo 05.12.2006 - 00:51
Mat IR hun an haat ech alt emol meng Problemer (Ass jo selbstverständlech och deeemno wéi en agesaat gett) an dat ass hei hoergenee den doremmerhopsenden Komma (sporttreibenden Satzzeichen huet den Tom dann nach emmer drugehang, tjo, den setzt lo an der Schwäiz, nu je) ee, wou woar ech .. ajo... zu Bruges (ech mengen dat kritt een Accent circonflexe, fannen den awer elo net)
Dovun oofgesin dat den IR-Effekt deng Prise skurrill mecht, sin et awer dräi iweraus irdech Teppelcher um I di dem Effekt engéint wirken... Di nostalgesch, idyllesch Harmonie (Boot, rouhescht Waasser doduerch een härrlecht Spiggelbild vun de Beem an esou, genialen Fluchtpunkt mat enger Dänn um Änn (huch) oder ass et eng Kiirch oder een Tuerm), d´Wandmillen di steet (an dann och nach quasi riiit) ... an ...
d´Wolleken si wäiss mmh (a jo, IR dat ass jo net negatif)

En echten No_Saint, no question.
Nicon07 05.12.2006 - 06:48
Mir sin net an den ArDännen, also as et ee Kiirchtuurm.bigsmile
elmuzo 05.12.2006 - 11:33
Um Enn mengt een nach d'géifen nemmen Dännen Anden Ardännen.
Nicon07 05.12.2006 - 15:33
Sou laang se net alpennen anden Ardennen...
Nicon07 05.12.2006 - 06:58
Ech sin zwar a läschter Zäit net mi Member vun der Late Night Band op PG, méng Insomniën hun séch an di fréi Moiesstonn verlagert, dofir hun ech alt mi dax moies um sechs d'Erfahrung gemaach, datt ech deen eenzechen Onliner op PG war, an domat deen éischten (oder dee läschte) sin, deen eppes zu Fotoën ze soë kritt. Lo awer: IR a Gring, do wësse mir jo mëttlerweilen, dat een domat Schnéi op Beem am volle Laaf kann zauberen, an datt deen Efekt ëmmer neess een AHA-Erliëfnes ausléist. Dofir ganz kuurz e puer Wuert zur Foto. De Kadrage as fir méng Begrëffer gudd, d'Schëff brauch net mi rechts ze sin, mol dervun ofgesin, wat do soss nach lénks mat op d'Bild komm wier, wat gestéiert hätt. Mir gefällt och d'Bewegung déi mäi Bléck durch d'Bild huet vum Schëff erof an d'Waasser, dem Kanal mo op de Kiirchtuurm, a vun do aus no riets d'Beem erop laanscht d'Wandmillen an dee grousse Baam a vun do aus an d'Wolleéck an dann erem no lénks zréck un den Ufangspunkt: Also: ee Krees, donc onendléch. A well hei an desem Bild den Opbau an d'Verschaffen an den Titel harmonéieren, dofir gefällt et mir sou gudd.
Jefferson 05.12.2006 - 11:31
eng absolut geil Foto gefällt mer ganz gudd
wer awer och fleit beis gewircht wann dei Wandmillen do ganz drop gewircht wer (also daat irwecht vun der Wandmillen )
No_Saint 05.12.2006 - 23:00
Merci fir all är comments, an den "échange culturel".
Déi Dänn ganz hannen kéint de beffroi (Klackentuerm) vu Bruges sinn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Passerelle

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: MandyM
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 596 Gäscht online