Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Tamron Model

 
Tamron Model
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.09.2006
  • Gekuckt:
    28255
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/640
  • Blend:
    f/2.8
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    800
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    533x800
  • Späicherplaz:
    264 KB
  • Originaldatum:
    2006-09-28
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 20D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: MĂ«nschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Events »» Misc
Extras:
Am JPG geschoss, am Lightroom developéiert an am Photoshop bessi be- an veraarbescht.

Optik: SIGMA 24-70 f/2.8

Fir anzesetzen: [pg_img=10538]
Kommentar vum Fotograf:
Ech hun een klengt Bild vun der Photokina mattbruecht. Dësst Model hued um Stand vun Tamron poséiert.

Ech hun d'Foto bewosst bessi méi an eng aal Fassung gesaat - wéinst dem Kleed (dofir och keen NeatImage fir ze entrauschen).

Waat haal dir dervun?
MadSir 29.09.2006 - 14:42
Waat ech unsech direkt wollt wëssen - well ech selwer driwer zeifelen: Sin d'Téin gudd? Ass et net ze donkel?
patrickr 29.09.2006 - 14:58
(geläscht)
MadSir 29.09.2006 - 15:10
Wéi ass deen "majo dann ..." ze verstoen? smile

Also se nennen et halt developéieren, well een am Lightroom daat digital mecht, waat een am analogen Beraisch halt an der Donkelkammer mecht.
MarcGerard 04.10.2006 - 13:39

developéiert soen ech z.b. wann ech vun engem réie fichier ausgin. (raw) mee fir correkt ze sin kann een einfach "gefiltert" soenbigsmile da mess de normalerweis näischt falsch;D
JADE 29.09.2006 - 16:15
Madsir, ech sin jo elo wierklech nët den Spezialist vum S/W/Gr ... an schon guer nët vun "Lightroom" (ech wees emol nët waat daat ass ...) an Portraiten ...

mee ...
° an mengen Aan ass déi Foto ganz gutt gelongen (an verschafft), d'Téin gefaalen mir esou wéi se sin ... méi Kontrast dran géing ech hei ze "hard" fannen (zemols wous du jo och den "aal Touch" wolls erfirsträichen ) ... an daat Rauschen passt gutt zum Stil vum Outfit an zum Stil vun der Pose ...
°déi Hand op der Hëft, d.h. wéi d'Fangeren een "Fächer" machen, ass ganz flott esou ...
° säin Gesiichtsausdrock passt zu senger Pose (ët ass jo och een Profi Model ... an daat mierkt een och ... Erfahrung, nët verkrampft, usw ...) ... verschiddener werten iwwer den oppenen Mond diskutéieren ... mee daat ass jo wéi ëmmer "aff**** de g***" ... closed_eye

Just: déi riets blo "Rumm-Partie" ... hmmmm ... huelen un, dass du se iwersin hues iers du se eropgelueden hues ...

Am Resumé:
schéinen Portrait, wéi een se an den "Vogue"-Stil Zeitungen an an den Model-Portfolioen fannen kann ... smile)
MadSir 29.09.2006 - 17:33
Hi Jade,
Merci fir dain Comment, vum Kontrast hier fannen ech se unsech selwer gudd, befroen mech just ob se net ze donkel ass.
Also ech kruut vun alt mol professionellen Fotografen gesoot, ee Model soll de Mond emmer minimal ophun, bon hei ass elo schon bessi méi wéi minimal smile
Mee waat mengs du elo matt déier bloer "Rumm-Partie"?? smile An dann och nach blo? Huch smile
JADE 29.09.2006 - 18:54
Hmmmm .... komesch ... wou ech se virdrun grouss geklickt hun, war do riets an der ganzer Héicht eng dënn blo Rumm do .... se ass awer elo nët méi do ...
???? hängt daat un mengem Computer ???? ... oder awer un mengen Aan ??? (hun just 2,5 Stonnen geschloof ... unhappy( ...)

Ech fannen se nët ze donkel ... au Contraire ... ganz gutt esou ... bei mir um Ecran ass se éischter an den hell- bis mëttelgroen Téin ... an daat ass daat waat ech hei eben graad gutt fonnt hun (dass se nët zevill kontrastéiert wier) ...

Wéi gesoot säin Mond, genau esou, passt zu senger Pose/Haltung, an gefällt mir och genau esou ...
Ah jo an d'Bildformat fannen ech och gutt
MadSir 29.09.2006 - 19:31
Hehe, keng Aanung un waat daat lait, fillaischt haas du hannert der Foto eppes selektionnéiert, ouni et gewollt ze hun. Keng Aanung smile
Ech mengen net dass een matt 2,5h Schloof schon kommech Saachen gesait smile)
JADE 29.09.2006 - 19:45
An mengem Fall dach ..... well daat war nähmlech meng Schloofstonnenmoyenne pro Daag dëss ganz Woch ... unhappy((( ... dofir wonnert mech näischt méi ...
yannhellers 29.09.2006 - 21:58
eigentlech hun ech neicht drun auszesetzen... mee well der awer soen dass ech se ganz gudd fannen smile top
Luc_69 04.10.2006 - 13:21
Salut, MadSir,

Gefaellt mer gudd. Kann et sin dass ech schlecht gesin oder leit den Focus net um Gesicht ?

Luc
MadSir 04.10.2006 - 17:57
Am Prinzip misst en um Gesicht leien closed_eye Ech misst am EOS File Viewer nokucken, wouhin ech fokusséiert hun. Et kann natierlech sin dass en net um Gesicht lait, well ech am fong relativ séier déi Foto gemeet hun.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 587 Gäscht online