Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Enner Strom 1.2

 
Enner Strom 1.2
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
Fräie Gebrauch op der Wikipedia, ënnert der Conditioun datt den Numm vum Auteur ugi g�tt.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.09.2006
  • Gekuckt:
    22924
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    30/1
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1000x666
  • Späicherplaz:
    274 KB
  • Originaldatum:
    2006:09:22 22:04:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 350D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Digital Art »» DRI - Dynamic Range Increase  
Extras:
Stativ an Gudd Schong

Fir anzesetzen: [pg_img=10530]
Kommentar vum Fotograf:
Ok hun d'Photo no den Kritiken nach eng Keier iwerschafft...

Besser???
sanitel 28.09.2006 - 21:30
besser?! kloer äntwert jo smile
Huesdu wierklech supper hikruut desskeier, mee hun bessen daat gefill als geif se besse rauschen am eischten drettel lenks (vun ennen no uerwen)
Ansonsten gudd verbessert!
Ochiniwa 28.09.2006 - 21:32
Merci,

Ass meiglech mam rauschen... hätt missen vum Raw ausgoen fir se ze verschaffen, dess hei ass villäicht ze oft am JPG verschafft gin :/...

Trotzdem Merci smile
Kwitchibo 29.09.2006 - 02:54
mmh wees et net mee geif soen daat gebei rechts do sin e pur esou Blo Flecken dran an dei fannen ech net guud
an daat mam Rauschen...
Ochiniwa 29.09.2006 - 21:31
Jo daat stemmt...smile
Kwitchibo 29.09.2006 - 21:51
leider ...
Buba 29.09.2006 - 11:22
Eng wierklech flott foto. Gefällt mer. Scheint faarwenspill.
Ochiniwa 29.09.2006 - 21:32
Merci
MarcGerard 29.09.2006 - 13:08

also, ech well 't stëmmung hei net versch****en, mee ech fannen, dass dat ganzt absolut onnatiirlech ausgesäit. een DRI soll jo keng verfriemung sin, mee einfach schéin ausgeglache luucht op alle méiglechen hellechkeetsberäicher schafen. ech wees elo net genee, wéi schwiereg et war, mee dat doe geet secher coh esou dass et méi natiirlech ausgesäit.

an dann nach eng perséinlech meenung: wanns de schon een DRI mess, da kanns de dech och nach emeséieren dem himmel eppes ze verpassen.

ech sin also leider dogéint, sorry unhappy
Ochiniwa 29.09.2006 - 22:00
Merci!

Kleng Erklärung, desen Site gesäit Owes wirklech esou aus, ass extrem schwiereg en besser hin ze kreien well dei Luuten ganz hell sinn.

Huelen mer awer däin Rotschlo zou Härz an ginn secher nach eng Keier dohinner.

Eng Fro hun ech awer, wen defineiert dass en DRI net entfriemdend soll sinn (och wann daat hei net meng Intentioun ass)? DRI ass fir mech eng Technik wei eng aaner fir am Endeffekt eng Photo ze hun wou Leit soen, dass se hinnen gefällt.

Mat Kritiken kanns de bei mier näicht verschäissen, au contraire, waat mei Kritiken waat ech mech besser fillen, virun allem wann se berechtecht sin smile also w.e.g. nach mei Kritiken vun dir smile

Lo nach ganz kuerz zum Himmel smile et waar stack däichter an keng Wollek um Himmel, deen war schwarz... esou guer op der 30s Photo war en schwarz smile Ausser deen Ufo deen do laanscht geflunn war, deen hun ech missen ewech retoucheieren :oP

MarcGerard 29.09.2006 - 23:29

cool, also gin der recht: ech hun net wierklech eng ahnung wéi een en DRI definéiertbigsmile mee dat woar bis elo méng usiicht iwwert dat ganzt. ech fannen immens vill DRIen déi een esou gesäit fir ze ka**en, an dat heiten as een dervun. (ech soen dat elo nemmen, wëlls de méng kritik esou wëllkomm geheescht hues ;D )
wat ech neemelch vill gesin, dat sin DRIen déi einfach onnatiirlech sin. se stellen net duer wat dat mënschlecht aa am kapp produzéiert. neemlech eng intelligent mëschung aus +/- 4 biller vun enger ënnerscheedlecher dicht! bei sou vill geruchter an sträifen as dat schwiereg ze simuléieren, awer et as net onméiglech. ech wollt dat doen coh scho lang mol DRIséieren, mee kommen net derzou:( muss mer et mol rem op een neit firhuelenbigsmile déi éischt DRIen déi ech gesin hun hun ech genial font, an ech hun se Genial font. an haut nach.
http://www.fotocommunity.de/pc/pc/cat/4335/display/6516735 dat doen passt bei däi bild, an ech fannen e als DRI gudd.
http://www.fotocommunity.de/pc/pc/cat/4335/display/6426879 dëssen dogéint fannene ch net esou gudd.... fläit gesäis de wat ech mengen.. bigsmile
cya ;D
Ochiniwa 30.09.2006 - 09:17
Jop, ech gesinn waats du mengs, mäin Ziel wär et schon daat selwescht wei däin eischt Beispill ze produzeieren... muss daat emol mei genau analyseieren...

Falls de eng Keier op deen Site wells goen, Owes, fir Photoen ze maachen, dann so mer Bescheed, villäicht kommen ech dann nach eng Keier mat...smile
Kwitchibo 30.09.2006 - 14:43
ech och ech och!!
MarcGerard 01.10.2006 - 22:29

ech woar elo grad do, an hun elo emol gemierkt dass du op der anerer säit stungs bigsmile mee hun se elo vun "fir" gemach. kucken emol wéini ech dozou kommen se zesummen ze setzen smile
Ochiniwa 01.10.2006 - 23:57
hmmm einfach so , ouni mech ze froen :/

;oP
MarcGerard 02.10.2006 - 00:04

gneebigsmile net well ech dech net gäeren hun, mee well dat éischter eng spontan aktioun woar ;D
Kwitchibo 02.10.2006 - 08:13
jojo... smilebigsmile
Graziano 01.10.2006 - 21:57
also d'foto un sech fannen ech gudd. an dat mat deem onnatirlechen do kann ech neicht sohen hun dat gebei na nie gesinsmile geseit awa flot aus.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 463 Gäscht online