Schéinen doucen Hauttoun. Leider wirklech kleng. An wisou steht do "copyright by Minaa"??? Mengt wirklech een, eng grouss Agence de Publicité géing hei eng Foto schuppen kommen, fir se dann an der Stad an de Busheischer opzehänken? Äeren Numm huet den JohnyG schon dohinnergeschriwen. En den se huelen well, huet den Numm méi séier weg, wéis du en dohinner geschriwen hues. As emmer schued fir d'Foto....
merci! Jo em zum RivanerJoe... daat mam Copyright haat ech dropgemaa well ech di Foto op menger Hp haat an se deck oft geholl gouf fir op aaner HPen,mee dun kee Mensch mer méi gegleewt huet daat et mein Aan wier (jojo di hun et all bei google fond... oO)
An Joelle, ass awa keng Computeranimatioun, ass eben just souee liichten Verweschungseffekt drop
dei foto hud mer well emmer op denger homepage faszineiert.....imens schein fuarwen,interessant schaarft,scheinen hauttoun an virunallem e bewonnernswert aen!!
wimperen kinten just vleicht e bessien mei schaarf sin mais vir de rescht - chapeau!
also lo hun der schon 7 laid en vote fier des foto gin an ech wollt daat schon sou lang man also hun ech mer geduercht dat ech daat dann lo mol nohuelen! deng aaen sin genial schein!!!!!
also du kris daat bestemmt 100 mol den daag gesot also sin ech dann nummer 101!
just schued dass an der foto dain numm steht! mee verstin dass de se net wells geklaut kreien!
Wow merci fir all déi Komplimenter!
Mat der Schreft op der Foto, ech haat deemols eben mein Numm dropgeschriwwen an d'Originalfoto net gehaal, hun mettlerweil och eng Versioun wou ech de Numm weggemaa hun mee wollt déi awer lo net nach extra hei roplueden, well daat un der Foto selwer jo amfong naicht ännert.