Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Jeanny

Derbäi säit dem 26.06.2008
Allgemeng Informatiounen & Kontakt
  • Läschte Login: 22.08.2016 - 7:51
  • Schléift meeschtens zu Haassel
  • Ass gebuer den 20.06.1952
  • Interesséiert sech fier molen, liesen, de Gaart
  • Ass am Moment Hausfraa
  • Fotograféiert am léifsten Makro
  • Online-doheem: http://jeanny-marx.unser-fotoforum.com
Technësch gesinn ...
  • Vertraut am Material op Canon
  • Schafft mat der 5D Marklll (DSLR)
  • Nach gehéiert him:
    Canon 24-70 2,8
    Canon100mm
    Canon EF 70-200mm 1:2,8L IS II USM Objektiv
    Canon Extender EF 2x II
    Canon Speedlite 380 EX
    Canon Macro Twin Lite MT-24EX
    Stativ Manfretto
    Einbeinstativ Manfretto
Concours Resultater
2. Plaz
Foto vun der Woch Resultater
Moosblüten
Schwarz-Weiss-Gro
Neist Fotoen
     
Shantideva 28.07.2008 - 21:16
Aha, ech gesin ech sin deen eischten deen dir eppes hei hin schreiwt! Ma, ech begréissen dech awer dann, nodréiglech, hei bei PG an hoffen dass du vill Spass hei hues an eis nach vill flott Makroen eroplueds. Déin Paiperlek gefällt mir schon mol immens gudd. An ech soen dir och Merci fir dein Kommentar bei menger Foto.
antoine_spautz 30.07.2008 - 20:30
vun mir och herzlech welkom ob photogen
TomEwert 31.07.2008 - 09:37
huiiiiiiuuiuiiii ...hei wor nach net vill lass. ma en schéinen dag gewenscht
Kiichiii 10.08.2008 - 19:12
Heyyy (:
hun grad gesinn hun dech nach gur net angelueden vir mein Meeting smile majo dann man ech daat mol
also den 23. August ass Lagerfeuermeeting smile kanns jo mol enner meeting kucken goen smile
wär cool wannst de darbei wärs
MFG
Jeanny 19.08.2008 - 17:28
Hallo Kiichiii. merci fir deng Anluedung, 30 Joer mei jonk, da wär ech derbäi. Ech wenschen iech vill Spass.
Kiichiii 23.08.2008 - 06:54
okay smile merci smile me keins awer och wannst de weils den owend just helfen grillen kommen an dann vir 10 ness fuhren smile
Jeanny 23.08.2008 - 07:18
Dass ganz leiw vun dir. Villeicht dei nächste keier, da schmeissen ech ere Grill,smile))) giff scho Spass machen smile))) merci
Kiichiii 23.08.2008 - 07:28
Okay ech huellen dech beim Wuert, nextenkeier bass du eisen Grillmächter smile)
DannyPix 18.02.2009 - 17:57
Hy merci dass du en Komentach gin jues bei meinger Dauf, so wollt froen ops du och Fotographe bas oder Models du besii.
Ricky 24.09.2008 - 15:39
Do hast de Chance fier deen ze erweschen well dest Joer sin schéi Pätongueerlécken e raren Artikel.
Einfach schéin.
steel 10.10.2008 - 17:01
Moien

Deng Foto'en hat ech mir bis elo nach nie sou richteg ugekuckt,
se sinn wierklech kloer, propper an de Farwen, scharf
gefaelt mer

smile
Jean-Jos 10.09.2009 - 22:29
Jeanny, et gëtt Zäit mech hei och emol ze veréiwegen; déng Fotogalerie gefällt mer exzellent, besonnësch déng Makroen, frée mech op déi nächst Biller!
Jeanny 11.09.2009 - 06:34
Merci Jean-Jos, dat freet mech, Makroen ass och dat was ech am leiwsten fotografeieren.
Hu mol guer net mei, un dess Sait geduecht unhappy schlemmsmile)
Wënschen dir e scheinen Daag
Leiw Greiss vun Haassel
Jeanny
Maxx 30.09.2009 - 08:13
Deng Galerie ass super, déi kéint ech emmer erem kucken, an ech hun oft deng Makroen bewonnert, déi käum ze iwwerbidden sin. Ech sin schon gespaant op weideres.
An en décke merci dass de mech an déngen Favoriten veréiwecht hues!!!!
Jeanny 01.10.2009 - 16:56
merci Maxx, also deng lescht Serie war super.
Ech machen och, elo gleich Schluss mat den Insekten. knipse keng mei, verschaffe nach dei lescht., et ass 1 Oktober, Hierschtsaison ass un, matt Mullen, Hierken, an Treipen, an, an, an,smile)))
Nach e scheinen Owend Maxx
LG Jeanny
elmuzo 17.10.2009 - 15:11
En Tsaliii vu Rëmëléng ... shame on me ... woar jo nach guer nie moien soen komm ;O(
CHEERS
MUZ
Jeanny 17.10.2009 - 20:18
Hallo Muz, dat freet mech, dass du mech besiche kenns,
soen dir villmools Merci, a schécken ganz leiw Gréiss op Rëmeleng a wënschen dir e schéine Sonndeg et soll jo herrlecht Grillwierder ginn, huet RTL lo grat gesoet smile ech glewen et netunhappy
Jeanny
elmuzo 18.10.2009 - 01:09
Lo nach grillen .. haha. Merci ... dir och.
OK-Photography 12.01.2010 - 00:47
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.

Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.

Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php

Hoffentlech bis en Sonnden dann.
Kwitchibo 30.04.2010 - 17:42
Phototalk

Den 5 Mäi 2010 ass et erëm esou weit PHOTOTALK an eisem Studio ab 19h30.

Des kéier hu mir eis geduecht mir schwätzen mol iwwert Fotoen wou Dir mat bréngt, esou wei den Numm et seet "Phototalk"

An wei enger Form as iech frei iwwerlooss d.h : Op Pabeier oder Digital !(as méiglech eng Projektioun ze man)



Mir freeën eis mol engkeier net Virtuelle iwwert Photoen ze schwätzen!
Kwitchibo 02.06.2010 - 00:41
Phototalk
De Mëttwoch as wéi gewinnt de Phototalk. Bréngt masseg Foto'e mat an Diskussiouns-Stoff. Mäer wärten och nachengkéier e puer Foto'e verschaffen. Natiirlech as de PhotoTalk och genau dat richtegt vir Froen ze stellen zur Photografie an Photo-Material. D.h. bréngt roueg Material mat wat der net 100% am Grëff hut, well et sin emmer Leit do déi hëllefe kënnen!

Bis e Mëttwoch closed_eye
deSir 10.06.2010 - 12:10
moien Jeanny
ech sin seid haut erem beim Photogen ugemeld Nick as deSir
bis speider de John vun Hesper
Jeanny 10.06.2010 - 12:33
daat freet mech John, hunn dech direkt un denger Foto erkannt
LG Jeanny
deSir 10.06.2010 - 12:39
bis speider Jeanny
merci


Kleent 15.09.2010 - 01:48
Den 19. September 2005 um 20.05h war et esou wäit: www.photogen.lu ass als éischt lëtzebuerger Fotocommunity online gaangen.

Ab do konnt een sech ganz einfach um Site umellen an seng Photoen der Community weisen, fir Kommentaren, Luef oder Kritike vun anere Memberen ze kréien.

Dat sinn elo genee 5 Joer hier, a säit deem ass vill geschitt.

Mir wëlle mat Iech all zesummen dëse besonneschen Dag feieren. Treffen as den 18. September 2010 ab 14.00h zu Jonglënster am Centre Culturel an eisem fonkelneien Clubsall (ënnert dem Dag).

smile
sylvie 29.09.2010 - 20:15
Deng Foto'en sin sou schéin, ech sin einfach nëmmen ewech dran. Super Makro Foto'en, an die hei ass och einfach top.
Jeanny 29.09.2010 - 21:34
Oh merci Sylvie, dat freet mech, dass se dir gefalen.
Leiw Greiss vun Haassel
Jeanny
Focus 29.12.2010 - 12:48
Du hues schéi Biller op denger Sait Jeanny. My Favorit:

http://jeanny-marx.eu/seite13.htm

img91gross
Jeanny 30.12.2010 - 12:11
Villmools merci, dat freet mechsmile
Jo, molen mécht mir och ganz vill Spaass. Spill mat de Faarwensmile
dat gréngt do, misst nach am "Restaurant Il Pavone" hänken.
Hu wëlles am neie Joer mol erëm eng Ausstellung mat Biller a Fotoen ze maachen.
Wënschen dir e gudde Rutsch an dat neit Joer.
LG Jeanny


Maimonides 05.02.2011 - 15:30
Co.: "Givre sur capot",
Merci fir de Fav, Jeanny.
Jeanny 06.02.2011 - 07:56
ma gär geschitt Charel, fannen se immens flott.
Wënschen Iech e schéine Sonndeg
LG Jeanny
Maimonides 06.02.2011 - 16:40
Dat nämlecht vun eis, Jeanny.

Charel.
Killertik 23.03.2011 - 22:09
salut jeanny.
merci fir deng visite an de fav.
Jeanny 25.03.2011 - 07:15
gär geschitt, a nach e schéine Weekend LG Jeanny
Pixelman 21.04.2011 - 20:03
Déi hues de am richtegen Moment erwëscht, extra gut.
Jeanny 22.04.2011 - 06:20
villmools merci René, och fir de Fav.
Wënschen iech schéin Ouschteren,
an iess der net ze vill, soss gëtt et Bauchwéi smile
LG Jeanny
bigmama19420205 26.04.2011 - 09:59
ei flott Jeanny, nach ee Kuu Loft da war et ze speit,,
gut erwëscht bigsmile
Jeanny 26.04.2011 - 19:14
merci Bigmama, jo se sinn elo bal all verbléit, an nächst Joer bléien der nach mäi, bei deene Somen däi dorëmmer fleegen smile
bigmama19420205 04.05.2011 - 07:16
all drei Biller , einfach schein smile
Jeanny 04.05.2011 - 13:17
merci Margot smile
Jacques 07.09.2012 - 04:38
Villmools Merci fir den Fav. smile
Am seidenen Faden
gemu 23.09.2012 - 20:14
Een decke Merci fir den Favorit zum !Dës Foto ass net méi am System!
Dat huet mir vill Freed gemach
Léiw Gréiss
Georges
gemu 29.09.2012 - 20:29
E grousse Merci Jeanny fir den Favorit bei !Dës Foto ass net méi am System!
Léiw Gréiss aus dem Syrdall
Georges
JC1967 16.11.2012 - 15:42
En decken Merci fir de Fav.
!Dës Foto ass net méi am System!
Jacques 14.12.2012 - 04:42
Villmools Merci fir den Fav:
E Kaweechelchen
marker 28.12.2012 - 19:32
..e grousse Merci fir de Fav. Jeanny

Um Foossenhaff
marker 30.12.2012 - 15:21
..e grousse Merci Jeanny fir de Fav.

Haupeschbaach


Léiw Gréiss,
Marc
TC 31.12.2012 - 09:12
merci Jeanny fir den Favorite smile
gemu 29.01.2013 - 06:54
Villmols Merci Jeanny fir däin Favorit bei menger !Dës Foto ass net méi am System!
Et huet mech immens gefreet
Bescht Gréiss
Georges
gemu 07.03.2013 - 07:34
Ech hun mech immens iwert däin favorit gefreet
Merci Jeanny
Léif Gréiss
Georges
!Dës Foto ass net méi am System!
jps 21.05.2013 - 08:48
Villmools Mereci fir den Fav Jeanny
!Dës Foto ass net méi am System!
Nicon07 24.05.2013 - 19:35
Merci fir de favorit, Jeanny.
D'Ae si méi grouss wi de Bauch
gemu 06.01.2014 - 06:45
Merci Jeanny fir den Favorit
!Dës Foto ass net méi am System!
Et mécht mir Freed dat se dir esou gud gefällt
Léif Gréiss
Georges
marker 15.11.2014 - 18:24
E grousse MERCI Jeanny fir dëse Fav.
Mario Botta


Léif Gréiss,
Marc
marker 17.11.2014 - 20:09
Merci villmols fir dëse Fav. Jeanny
Cascade de Tendon..


escht Gréiss,
Marc
Zora 14.02.2015 - 18:28
Merci villmols fir den Favclosed_eye
Resident Decay
Painter 21.08.2015 - 13:56
Ech bewonneren deng Makroën alleguer .
Ech probéieren et och mee meechtens sin d'Déiercher schon erem fort bis ech bereet sin . Hun nach vill ze léieren .
Jeanny 22.08.2015 - 06:40
Moie Fernand.
Et ass dat watt ech ëmmer wollt fotografeieren, dei verzaubert kleng Welt vun eisen Insekten am leifsten Pimpampelen smile jo, et muss e schnell sinn a vill Gedold hunn smile fotografeieren awer och aaner Motiver dei sech mir ubidden.
Ech soen Dir villmools merci, du wäers och nach eng etlech Makroe vu mir gesinnsmile
Och deng faszinant Deierewelt gefällt mir immens gutt, hunn dat och mol probeiert, duerfir brauch e vill Zait, an dei ass bei mir de Moment begrenzt.( Enkelkanner)
Wënschen Dir e scheine Weekend
Leif Greiss vun Haassel
Jeanny
Painter 22.08.2015 - 12:58
Merci Jeanny , also fir eng " Foto " brauch ech tëschent 2 a 4 Stonnen . Et as Aarbecht , mecht awer Spaass . Ech schenken der e Pimpampel , menger een .

!Dës Foto ass net méi am System!

Dir och e schéine Weekend a vill Freed mat den Enkelkanner .
Léif Gréiss vun Osper
Fernand
NikonD80 23.08.2015 - 09:07
Merci Jeanny
Blaugrüne Mosaikjungfer
Maimonides 27.09.2015 - 21:23
Co.:

Je me fous


Merci for de Fav, Jeanny.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 355 Gäscht online