Ech mengen rechts geséis du den Himmel ofgestuft...daat phänomen hun ech och op engem aneren Computer gesin, bei mir ass ët allerdengs nët de Fall. Muss awer soën dass immens vill vun der Qualitéit verluer gangen ass beim verklengeren. D'Schärft ass och nët méi grad daat wéi am Original!
Un déi Saach mat der Loft hun ech eréicht méi spéit geduecht...wéi gesoot ët war een éischten Versuch... :o)
bon op mengem schirm gesin ech hei keng ofstufung am himmel.
du muss op passen beim DRI, dass du noschärfen gees, daat ass normal dass do qualiteiet verluer geet.
cadrage tjo haess riets kennen bessen mei cropen.
ajo denk drun nächste keier den WB op Kusntlicht ze stellen oder am RAW ze fotographeieren. de rescht kann de kola zielen
géi d'Photo bei den Här vu Steinheim kucken...geséit béis krass aus d'ofstufung. Riets déi donkel Beem gefaalen mir wann ech e bëssen méi genee kucken och nët esou
Also, däin éichten DRI-Versuch fanen ech nët esou schlecht.
Waat ech elo nët gudd fannen, daat ass dass däin Haaptmotif ze vill zentréiert ass, an dass die zwee Heiser lénks an riets iwerbeliicht sin.
Wirwaat den WB op Konschtliicht, do muss du schon den Alma oder de Kola froën, daat giff mech och schon interesséieren.