Dat hei as déi Kéier awer keen DRI, ne? Ech fannen di Foto hei och ganz staark. Di blo Luucht vun den Tüben bréngt eng mysteriéis Stemmung an dat Ganzt, an di tags un de Kefferen verstärken dat nach. Besonnesch well di blo, giel a schwarz tags am Fong d'Farwe sin, mat deenen een dat Gro-blo-gringt vun der Passerelle mësche kann. 9/10 fir déi Leeschtung.
En excellent Bild! Sou Photoen gefale mer einfach. Do passt einfach alles, faarwlech, Cadrage, super! A genial mat der Persoun déi do geet.
Hm, just eng Fro, gesäit een do nët normalerweis eraus tëschend dene Staangen? Hues du dat mat schwaarz opgefëllt? Mëscht nämlech immens gudd esou. Fréier huet een do op alle fall ëmmer erofgesin, ech wees allerdéngs nët wéi dat lo ass, si scho laang nët méi doriwer gaangen.
Ups ma dat ass jo awer nët schlëmm, ass jo och just marginal wats de wegretouchéiert hues. An ech fannen ët sou wéi ët lo ass souwisou besser. Ass jo nët verbueden dat ze maachen. Du krus sou op alle fall e genialt Bild zustanen, an ët ass dat wat zielt. 1A !!!
Widderhuelen lo bestemmt eppes waat hei well geschriwwen gouf mee hun déi Kommentarer hei ennendrenner lo net ganz gelies
Mir gefällt d'Foto wierklech immens gudd, flott Motiv, flott Faarwen an flott Symmetrie. D'Schreft uewen um Metall mecht d'Foto nach méi flott an och déi Persoun déi do treppelt ... wierklech flott Foto!
bei des Foto wollt ech schon emmer eppes schreiwen: einfach Genial! Ouni di Persoun wier d'Foto nemmen hallev sou gudd. d'faarwen genial gewielt. an och wann's de eng ganz geweinlech rumm gesicht hues, gefällt dei mer och irgendwei genial zu allem! Top einfach!