Nu so net, du wiers och gëschter, de 14.8. an der Stad um Tour gewiescht... Dann hätte mir eis jo kéinten iwwert de Wee laafen, well ech si gëschter Mëtteg mat eisem Matthieu genee deen dote Wee an di aaner Richtung komm.
Ass dat gewollt, datt di Foto hei ee "Soupçon" iwwerbeliicht ass? Dat keënnt nämléch gudd riwwer sou. Dat passt bei d'Motiv.
Ech wor haut den 15.8 um Wenzeltour ennerwee. Du hues Recht si ass effektiv liicht iwerberliicht 0,3 EV, ass esou gewolt, soss wär den Himmel ze vill an ounéideg dramatesch gin, waat net zur Harmonie vum Bild gepasst hätt. Ech hätt eventuell kéinten selektiv viirgoen an den Himmel dann nees separat ophellen, mee ech wollt mech net méi laang wéi néideg op der geféierlecher Plaaz ophalen
Dat ass natirléch net vun der Hand ze weisen... Emmerhin duerf een hei op eege gefor drënner laanscht goen. Op aanere Plazen an der Welt wier et lo ganz einfach verbueden, dohinner ze goen, och wann d'Probabilitéit, datt ee Stee gefall kéint, 1/10 000 000 ass.