Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Mac, wou kaafen? » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Mac, wou kaafen?  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
mikE
Tripel-As


Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194

Fragezeichen Mac, wou kaafen? Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Metteg,

wollt mol esou eng kleng Emfro starten ween wou säi Mac kaaft huet an wei et do mam service après vente steet (SAV)?
Wollt mer nämlech en MacBook zouleen an ech wees net wou ech goe soll. Den SAV ass mer immens wichteg. (weem net?)

Waat ech awer well präziseiren: et ass eng einfach Fro an jiddereen huet jo seng erfahrungen mat de Buttéker gemaach. Ech well hei elo net een Geschäft vis à vis vun engem aaneren schlecht maan oder eppes an dei Richtung.

mikE

__________________
"Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!" großes Grinsen
20.09.2007 13:09 mikE ist offline E-Mail an mikE senden Beiträge von mikE suchen Nehmen Sie mikE in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also an dem aneren Thread hues de de Problem bei der Onlinebestellung schonn op de Punkt bruecht: Et wees een net weiee clavier ee kritt smile

Ech hu meng Apple-Saachen all bei Lineheart kaaf, déi sinn zu Leideleng an an der Stad. www.lineheart.lu sie sin den eenzege Premium Reseller den Apple hei am Land huet.

Sie hun dei normal Präisser déi Apple ugëtt an déi meescht sinn och ganz fäin smile

__________________
404 - Not found
20.09.2007 13:12 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
mikE
Tripel-As


Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194

Themenstarter Thema begonnen von mikE
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Fein sin se, jo. Mee kritt een %-er wann ee léiw freet? Oder ass daat just fier schüler, proffen an asbl'en?

ahjo an à propos: waat ass en "Aplle Premium Reseller"?! Waat därf/kann deen mei (?) maan wei en "Aplle Authorized Dealer"?

EDIT:
Daat mam Clavier hätt ech effektiiv keinten och heidrann schreiwen...ass mer awer reicht mi speit agefall fröhlich

__________________
"Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!" großes Grinsen

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von mikE am 20.09.2007 13:21.

20.09.2007 13:17 mikE ist offline E-Mail an mikE senden Beiträge von mikE suchen Nehmen Sie mikE in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Ech si Student a kréien dofir souwisou % dofir kann ech der do net vill äntweren drop. Mee eben well sie dei offiziell Präisser vun Apple hun, kënne sie selwer net sou vill dru fréckele goën.

Ech wees net genee weieng verschidden reseller et ginn, mee den authorised ass eischter op service bezunn net op produit'en, sou wei bei lineheart um site och steet "authorised service provider".

__________________
404 - Not found
20.09.2007 13:45 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Johny
Also an dem aneren Thread hues de de Problem bei der Onlinebestellung schonn op de Punkt bruecht: Et wees een net weiee clavier ee kritt smile

Dat ass net ganz richteg, et kann een am Apple Store zwëscht 2 verschidden Clavieren wielen. Dat ass entweder "Clavier Anglais International" oder "Clavier Belge", also allenzwee Azerty.

Ech hun mäin Laptop am Lineheart City kaaft. Ech sin net ganz zefridden well ech individuel Komplikatiounen haat. Dei meescht Verkäfer wëssen vun waat se schwëtzen an sin féin.

Wanns du keng Qwertz Tastatur brauchs oder vläit souguer eng Azerty Tastaur wëlls (wat ech net unhuelen, cf. Froo am Forum) dann sprëcht näicht dergéint online ze bestellen, do ass et mei bëlleg an den Service Aprés-Vente hues de beim Lineheart trotzdeem.

Als Student kridd een 2%, als Proff 6% (bei Bestellung iwwer Schoul 8%). Wanns de weder Student nach Proff bass kriss de keng Prozenter, egal wei. Et gëtt néierdëngs och netmei mei bëlleg wanns de Cash bezills (firun engem Joër kruut een dann nach zousätlech 2-3%). Nierwenbäi: Bei Telindus kridd een als Student 3%.
20.09.2007 15:57
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Mojoo
Zitat:
Original von Johny
Also an dem aneren Thread hues de de Problem bei der Onlinebestellung schonn op de Punkt bruecht: Et wees een net weiee clavier ee kritt smile

Dat ass net ganz richteg, et kann een am Apple Store zwëscht 2 verschidden Clavieren wielen. Dat ass entweder "Clavier Anglais International" oder "Clavier Belge", also allenzwee Azerty.


Säit wéini ass Englesch azerty?

Gesäis de, du hues just bestätegt dass ech Recht haat Augenzwinkern

Nee also et geet och hei net just em azerty oder qwertz! Et geet em déi aner Knäppecher, eng däitsch Tastatur ass jo och qwertz mee Saachen wei [], {} oder éàp si ganz aanescht. A genee waat dei Saachen ugeet wees een eben net wéi et um Engleschen z.B. ass, dofir soot ech daat smile

Et ass scho komesch, Tastaturen selwer kann een TONNEWEIS Sprooche wielen, also wann ee se eenzel bestellt. An beim Mac derbäi ass daat net de Fall. Also scho komesch...

__________________
404 - Not found
20.09.2007 20:09 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Salut Mike,

Ech hun mein Mac bei CBC op der Cloche d'Or kaaf. CBC ass een offiziellen Support Center an si depannéieren och bei Problemer. De Bletz hat mol bei mir ageschloen an do ass mein Bord eweggefuer. Si hun mir daat deen selwegten Daag ersaat wou ech en dohin bruecht hun.

Du kriss als Student 5 %, an als Prof 8 % Reduktioun (komesch, nee?). Sin zwar kee Student me et huet mech awer arrangéiert well ech eng Informatikabteilung leeden wou mir och Formatiounen oofhaalen. Do konnt ech vun deenen 8 % profitéieren...

An der Belle Etoile ass och nach een interessanten Buttek deen och Apple verkeeft (Computer Home). Do hun ech och gudd Erfahrungen gemeet.
20.09.2007 22:45
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Nee et ass net komesch, well Studenten ginn et der deck vill, an dann hu se et sou gemaach dass Kolleegen anerer gefrot hun, dei nach Student waren, fier fier sie de Mac ze kafen just fir dei % ze kreien. an well domat iwwerdriwwe gouf hu se % fir Studenten rofgesat, an di vun de Profe si bliwwen.

An der Belle-étoile de Computer home, daat ass Deel vun Telindus, eng ganz bekannt belge Firma, an secher kéng schlecht. Hu selwer awer nach kéng Erfahrung matt hinne gemaach. Den nodeel bei hinnen ass einfach, dass een emmer muss franséisch schwätzen. Lineheart huet vun all de Verkefer an denen déi am Büro sëtzen de client'en op d'Froen ze ämntweren, just eng Fra do déi franséisch schwätzt smile

__________________
404 - Not found
20.09.2007 22:48 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Stemmt, daat ass secher een Argument.
Ech hat meng Bildschirmer beim Computer Home kaaf, well daat deen eenzegen war deen se op Stock haat. Waat ech fir sou e klenge Buttek erstaunlech font hun. De Vendeur (Gérant vum Buttek) ass e ganz sympateschen Kärel.
Dann get et jo nach den Exell. Do kann een relativ preisgönstëg un e Mac kommen well si alles méi agressiv verkaafen. Et dierf een awer keen Problem drun hun deen een net selwer reparéieren kann oder dierf, well sie schecken alles an. An daat kann daueren. Fir den Service après Vente ass CBC einfach déi besten Léisung. CBC ass just e bessi méi professionell orientéiert. Si verkaafen awer och un privat Leit.
21.09.2007 06:54
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@mikE: Wanns de een Proff kenns (Famill, Frënn, Nooper, etc) bestell iwwert hien/hatt (hien/hatt muss natiirlech dermadd averstaan stin), sou kanns du vun mei Prozenter profitéieren. Ech giff mech emol beim CBC informéieren goën an och do kaafen wann d'Geschäft zefriddenstellend ass; firwaat 2% wann een och 5% Reductioun kréien kann.

Ganz nierwenbäi ass et effektiv komesch, an och net verständlech mam Johny senger Erklärung, dass Schüler manner Prozenter kréien wei Proffen (seif d'Froo firwaat Proffen iwwerhaapt Prozenter kréien dohingestallt). Mäin Art Graphique's Proff huet sech schon oft genuch bei Lineheart doriwwer beschwéiert. Jiddfereen wees dass graad d'Schüler net dei allermeeschten Suen hun an schon guer net vun enger decker Péi profitéieren kënnen (esou wei d'Proffen). Ech verschtin et iwwregens guer net firwaat Proffen iwwerhaapt esou befierdeelegt gin, een normalen Aarbeschter/Schwammmeeschter/Bäcker an waat et net nach alles gëtt kréien och keng Prozenter, an lo soll keen mer soen "Proffen stin jo awer am Dëngscht vun der Bildung/Gesellschaft, dofir sollen dei een Computer mei bëlleg kréien". Schüler sin hier zukünfteg Clienten, dorobber sollen sie sech baséieren. Mee emmerhin kridd een jo elo am Apple Store een 130 Euro Rabatt Coupon (iPod Nano) als "qualifizéiert Eenzelpersoun am Bildungsberéich".

Mam Telindus (Belle-Etoile) hun ech eng ganz schlecht Erfahrung gemaach. Ech wollt mech informéieren goen wei et mat den Prozentätz bei hinnen steet. Ech hun knapps gesoot dass ech mech fir een MacBook Pro interesseieren dun war den Vendeur schon am Lager fir ze kucken ob en een do hätt. Ech hun gesoot ech weilt keen direkt mathuelen, ech weilt mech nëmmen iwwert d'Prozenter informéieren kommen. "Ah oui oui" war d'Äntfert. Noodeems ech dun gesoot kruut dass ech 3% kréien giff wollt en dass ech dei Offer ënnerschreiwen giff, firwaat och emmer. Dat hun ech natiirlech net gemaach. Noodeems hien nachengkeier kucken war ob se wierklech keen MacBook Pro mei ob Lager hätten sin ech gaangen. Dat war dei eenzeg an läschten Keier wou ech dobannen war. Mee bon, et sin eben och "nemmen" Geschäftsmänner. Anscheinend (ech betounen ob anscheinend) leeft Telindus soulues ob eng Failitte eraus, verständlech dass sie dann alles sou schnell wei meiglech lass wëllen gin.
21.09.2007 16:14
mikE
Tripel-As


Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194

Themenstarter Thema begonnen von mikE
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

N'owend,

merci @ll fier d'Äntwerten. smile

Wor emol an den Exell kukke: boff! Kennen engem net vill erklären an fier d'Reparaturen schéken se d'Macen fort. Wouhin? ça je ne sais pas tout de suite vous dire, monsieur...
Fier mech wor daat Äntwert genuch...keng loscht en herno musse selwer an den Timbuktu sichen ze goen.

Waat d'Prozenter u'geet, verstinn ech dei Politik och net. Well wei den Mojoo scho geschriww huet, sin et d'Schüler dei se am meeschten bräuchen an net d'Proffen.

CBC hunnsch net kannt, gin dann mol bei dei kukke. An dann Lineheart, dei si jo relatiiv no beieneen.

Ob allefall merci fier d'Infoen an d'Meenungen. Eppes wees ech secher: %ter kann ech an de Wand schreiwen! fröhlich Sin weder Student nach Prof....

__________________
"Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!" großes Grinsen
21.09.2007 19:36 mikE ist offline E-Mail an mikE senden Beiträge von mikE suchen Nehmen Sie mikE in Ihre Freundesliste auf
Shantideva
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

@Mojoo: Hei mol nach eng aaner Erkärung déi ech vun engem vun mengen Formateuren de Mëtteg kritt hun: Et ass jo kaum een Cadeau deen Apple den Proffen machen wellt. Mee wann se et färdeg brengen den Maart am Bildungssecteur ze kréien, dann sin hier zukünfteg Clienten mat grousser Wahrscheinlechkeet och déi Jugentlech déi am Moment wärend der Schoulzeit domat konfrontéiert gin.
Mee daat huet jo lo net méi vill mat der Fro vum Mike ze din... smile
Ech schaffen schon etlech Joeren mat der Telindus zesummen, an ech kann mir net virstellen dass deen Betrieb (also domat mengen ech d'Mamenhaus) faillite mecht. Du mengs do bestemmt just deen klengen Buttek (Computer Home) an der Belle Etoile...
Also, schlussendlech sin ech mat CBC och voll denger Meenung... daat ass och mein absoluten Tip.
21.09.2007 19:36
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von mikE
Eppes wees ech secher: %ter kann ech an de Wand schreiwen! fröhlich Sin weder Student nach Prof....


Net onbedengt. Am Lineheart kriss de effektiv keng Prozenter wanns de keen Schüler oder Proff bass well sie sech un Regelen vun Apple haalen mussen, allerdings kann Telindus oder CBC dir als, erlaab deen Ausdrock, "Autonormalverkäfer" (also weder Student nach Proff) Prozenter gin, do muss de noofroen an handelen. Wanns de natiirlech näicht sees kriss de mat grousser Warscheinlechgkeet och keng. Wei bei all aaner Produiten och kann d'Geschäft engem emmer een gewëssenen Prozentsaatz als Reductioun verschréiwen (d'Conditiounen hänken natiirlech vun Geschäft zu Geschäft oof).

@Shantideva: Ech verschtin dei Erklärung net ganz mat den Prozenter fir d'Proffen/Schüler.

Zitat:
Original von Shantideva
Ech schaffen schon etlech Joeren mat der Telindus zesummen, an ech kann mir net virstellen dass deen Betrieb (also domat mengen ech d'Mamenhaus) faillite mecht. Du mengs do bestemmt just deen klengen Buttek (Computer Home) an der Belle Etoile...

Richteg, ech hun vergiess ze préziséieren. Iwwregens hun ech dei Remarque vun engem aus dem Lineheart kritt, also hun dat net aus der Loft gegraff. Ob et wouer ass oder net wees ech net, ass mir perséinlech och net wichteg.

Ech hun haut nach mat engem Proff geschwaat an hien huet mir nach een Probleem vum Lineheart bestätegt: Sie haalen hier Waardezäiten oft net an. Ech hun ob mäin Laptop 4 Wochen missen waarden, amplaatz vun 2 ugekënnegten Wochen. Ob sie selwer elo dofir kennen wees ech net. Muss awer derbäi soen dass deen Probleem warscheinlech och an aaner Geschäfter gäeren fiirkennt, wann een allerdengs ob seng Bestellung während engem gewëssenen Zäitpunkt ugewisen ass, ass dat keng gudd Reklam wann dei ze spéit ukënnt.

@MikE: Exell fällt also schon emol vun denger Lëscht ewësch. Huel der engkeier Zäit, gei an den CBC an an den Lineheart, informéier dech gudd an kaaf do wous de deen bäschten Androck hues. Du wees jo waats de wells an brauchs.

//Edit: Ech woll nach eppes zu der Onlinebestellung à propos Tastatur schreiwen. Ech sin den Moien gewuer gin dass een anscheinend Qwertz (Schwäiz, Franséich) Tastaturen fir den Laptop online bestellen kann. Een Proff haat beim Service clientèle ugeruff fir een Laptop mat Qwertz Tastaur ze bestëllen. Noodeems hien schon bezuelt haat hun se him zereckugeruff fir ze soën dass et awer net giff goën well den Laptop net standartmässeg ausgerüst sollt gin mee mat mei grousser Späicherkapazitéit. Wann een den Laptop esou giff kaafen wei en wier ouni weider individuel Wënsch wäer et keen Probleem gewierscht. Ob dat haut nach esou ass oder net, keng Ahnung, misst een probéieren, respektiv noofroën.
21.09.2007 20:02
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also d'Waardezäit dofir kënne sie zwar wirklech wuel an 95% vun de Fäll näicht. an och meeschtens Apple selwer mol net, well och hier Saachen kommen nemmen äus Asien vun "normalen" Fabrikanten. Dofir hun ech op mäin iMac och mei laang musse waarden (Grafikskaart war de Grond)

a wisou d'Schüler manner kreien wei d'profen hun ech jo erklärt, verstoen muss een daat jo net smile

__________________
404 - Not found
21.09.2007 21:12 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Buba
Eroberer


Dabei seit: 18.03.2006
Beiträge: 54

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Waat beim Linehaert och gudd as beim Service, daat krut ech vun hinnen erklärt, daat as, dass well se en Premium Reseller sin, sou hues de d'Rescht, falls de mol enkeier am Ausland wiers, dain Mac och direkt do an engem Apple Reseller repareieren loossen. D.h. vue que dass ech lo zu Namur studeieren an jo d'Woch iwer do sin, sou kann ech dohannen falls ech en Problem hun, bei den Abelsys goen (sou heescht daat Geschäft dohannen) an bei hinnen alles repareien loossen.

Mee daat hues de halt just beim Premium Reseller.
22.09.2007 12:24 Buba ist offline E-Mail an Buba senden Beiträge von Buba suchen Nehmen Sie Buba in Ihre Freundesliste auf
FranzMacN
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hi,
ech haat biselo nemmen gudd Erfahrung mam Telindus/ComputerHome aus der Belle-Etoile. De Gilles Costa (elo Gerant) haat sech gudd mat Macs auskannt. Si hun elo och weinsten 1 aaneren Mac kennegen.
Deemols (1999) wei Apple vun ABD op USB emgestiegen ass, duerft ech souguer >2 Stonnen laang op engem ausgetallten G4 eng 3d Software lueden an probeieren ob den ADB-Hardkey och iwwert een ADB-USB Adapter funktionierert huet. Deemols war daat net evident. Ech hun daat ee super Service "Avant"-vente fond an duerno och do kaaf.

Dee leschten Mac hun ech 2005 do kaaf. Kee Problem. An sie haaten sech druginn fir de Computer schnell ze kreien an et huet och geklappt.

mfG
Franz
22.09.2007 17:49
mikE
Tripel-As


Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194

Themenstarter Thema begonnen von mikE
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech mengen ech waarden einfach nach e bessi fröhlich

http://www.9to5mac.com/apple-to-release-...acbooks-7456543

__________________
"Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!" großes Grinsen
25.09.2007 16:00 mikE ist offline E-Mail an mikE senden Beiträge von mikE suchen Nehmen Sie mikE in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

An der Hoffnung dass een vun ierch firun kuerzer Zäit am Computer Home oder Excell war, eng kleng Zwëschenfroo: Kritt een an een vun deenen zwee Geschäfter den néien Logic Studio?

Ech war den Mëtten am Lineheart an war enttäuscht wei ech hun missen feststellen dass sie guer net vill Software ob Stock hun, den Logic Studio haaten se iwwerhaapt net. Ech wees dassen se am Computer Home deen aalen Logic Pro ausgestallt haaten.

Merci!
08.10.2007 20:14
mikE
Tripel-As


Dabei seit: 05.10.2006
Beiträge: 194

Themenstarter Thema begonnen von mikE
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Zitat:
Original von Mojoo
An der Hoffnung dass een vun ierch firun kuerzer Zäit am Computer Home oder Excell war, eng kleng Zwëschenfroo: Kritt een an een vun deenen zwee Geschäfter den néien Logic Studio?

Ech war den Mëtten am Lineheart an war enttäuscht wei ech hun missen feststellen dass sie guer net vill Software ob Stock hun, den Logic Studio haaten se iwwerhaapt net. Ech wees dassen se am Computer Home deen aalen Logic Pro ausgestallt haaten.

Merci!


Olà,
sin graad äus der Concorde (geland, hehe): den Äxzell huet keen Logic Studio do leien an et wor graad kee Vendeur bei Hand fier ze froon wisou an ob e rakennt, etc...

MfG
mikE

__________________
"Echte Männer essen keinen Honig, sie kauen Bienen!" großes Grinsen
09.10.2007 12:43 mikE ist offline E-Mail an mikE senden Beiträge von mikE suchen Nehmen Sie mikE in Ihre Freundesliste auf
Mojoo
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Merci mikE smile ! Ech war haut bis an d'Belle Etoile an Concorde, kritt een en nach néierens.
09.10.2007 18:01
Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Offtopic » Multimedia » Mac, wou kaafen?

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH