Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Letzter Beitrag | Erster ungelesener Beitrag Druckvorschau | Thema zu Favoriten hinzufügen
Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Thema ist geschlossen
Zum Ende der Seite springen Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen 2 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,002 Bewertungen - Durchschnitt: 10,00  
Autor
Beitrag « Vorheriges Thema | Nächstes Thema »
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sou also vu, dass jo emmer sou vill Leit mengen mer geife just Fotoen einfach nemme jugéieren no eisem Gefalen, géif ech elo déi jeenech emol bieden hier Firschléi hei ze schreiwen wéi mer daat solle maachen. Ech ginn de Link op dest Thema verschiddene Leit, an dei jeenech sollen och w.e.g. elo eppes schreiwen, net just denken "oh mol kucken waat dobäi räuskennt", well daat bréng tjo kéngem eppes smile

Also waat kloer MUSS sinn, mir kënnen op kee Fall all Fotoen direkt an dei normal Galerie stellen, äus folgende Grënn:
- PG ass gratis, an wann jidfereen kann Fotoen roplueden komme Leit dei just Saache roplueden fir aneren ze weisen, woubäi et net em d'Fotografie geet.
- Wann Leit dei, huele mer als Beispill, Fotoen vu Blummen maachen, ouni iergendeppes derhannert wéi Bildopbäu, Perspektiv, speziell Idee oder sou déi Fotoen direkt um Site hun, kréien se ganz warscheinlech mol guer kéng Kommentarer, an daat hëlleft och kéngem, dann si se matt de Refuséier-grënn nach besser drunn

Ech hu mer dofir eng Léisung firgestallt déi tëscht der elo steet, an der direkter Fräischaltung vun alle Fotoen. Loosst är Ideen an Firschléi kommen, an fängt KENG Diskussioun un elo waat nach aktuell gutt oder net gutt ass. Kommentarer dei dodrop bezunn sinn gehéieren elo net heihinner.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 14:28 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
patrickr
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Hei eng Idee:

1. Den Admin kontrolléiert op d'Foto näischt enthällt wat géint d'Riichtlinne vum Site verstéisst, z. B plakesch Fotoen (Akt?), pornografesch Fotoen, rasisstesch Fotoen oder idiotesch Fotoen, wéi z.B e schwarzt Bild oder Texter als Bild. Wann d'Foto nët an des Kategorien fällt get se d'Office aktivéiert.

2. D'Useren kennen dann d'Foto wéi üblech kommentéieren, sollen dann awer bei hierem éischte Kommentar gezwonge gin e Vote ofzegin, firwat nët op der üblecher 0-10 Skala.

3. Wann d'Foto no engem gewessen Zäitraum (2 Wochen? 1 Mount?) nët e gewesse Mindestvote (6 - 7 ?) vun enger gewesser Mindestzuel Voteren (5 - 12 ?) errescht huet flitt se eraus a get vum System gelöscht. Esou huet d'Community se refuséiert a nët een Admin dee vläit e schlechten Dag a keng Loscht hat.

Duech des Methode ka jiddfereen säi Bild weisen, och wann et "Schrott" as, an d'Usere kennen beim Progès vum jeweilegen Fotograf bäidroen. Nei Usere wessen dacks nët das hiert d'Bild näischt wert as. Et get ee motivéiert ze evoluéieren an emmer besser Biller eropzelueden, well nëmmen déi och um Site bleiwen.

Als Nodeel kann een eventuell soen, dass esou di agefleichte Photogen-Clique fläit befierdeelegt get a manner begabten (oder beléifte) Useren esou erausgemobbt gin.

Mee just eben eng Idee. Patrick.
06.07.2007 15:09
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Scho mol fir d'alleréischt villmols Merci fir däi Firschlag! Ass och emol guer net esou schlecht, wubäi déi eischt Etapp net muss sinn: Et keint een och en Button bäimaan fir d'User den se kënnen gebrauchen wann se emngen eng Foto geif geint d'Reegelen verstoussen. Wann 2 Leit den gebraucht hu bei enger Foto ka se jo deaktiveiert ginn soudass en Admin daat checken kann ob et och wirklech esou ass.

1 Mount schengt mer bessen laang als Zäit. Mee lo den riesen-nodeel: Dann lueden d'Leit eng Foto rop, soen 2 Kolleegen se sollten se matt 10 bewärten, an dann ass se drop. Emgedreint geet et och, wann 3 Kolleegen eppes geint ee sollen hun, dass dei anerer hier souzesoen kënnen räusgeheien. Hei misst vläicht firum Läschen oder dranbleiwen, wann Zäit ofgelaf ass (ech soe lo mol 1 Woch well daat geet duer, no 1 Woch kritt eng Foto sws scho bal keng Comments méi), nach en Check vun engem Admin oder sou gemaach gin, dee muss dann awer just Bestätegen an net wei et lo ass Grënn derzou schreiwen.

D'Vote Skala geif ech dann nach bessen upassen well 1 - 10 ze "breet" ass, mei age'enkt wessen d'Leit sech besser ze orienteiren.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 15:19 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Lorryson Lorryson ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 24.06.2007
Beiträge: 20
Herkunft: Medernach

Idee Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Moien

Also, ech soen mol merci dat doriwer geschwat get.
Am Gronndprinzip fannen ech dem Patrick seng firschlei ganz gudd, well et ass einfach ze schweier driwer ze desideiren op eppes Konscht ass oder net den Picasso gouf och am ufank ausgelacht an haut sin seng Billen Milliounen wert.

Zum Patrick sengem Firschlo.

Punkt 1. ass total korekt an do sin ech och vollkommen afferstann domat.

Punkt 2. ass och an mengen Aaen gudd ,wei dei Sach mat der Skala elo gehandhabt get muss een nach kucken.

Punkt 3. geif ech mech op 1 bis 2 Wochen beschränken, natierlech huet een dat Problem mat den Groupenbildungen ,mee dat ass jo neischt aneschters wei elo , wann eng Group sech Bewärtunge hin an hier schiebt fir eng Foto an Toplescht ze kreien, konnten sie dat jo och elo schon machen, ech mengen alles kenn een net äneren mee Chancen geifen einfach mei grouss, (ausser get een Teammeschterschaft) *lol*
Ech mengen dat ass een Problem den een nemen mat engen Fair play vun all den User errechen kann.

Ech perseinlech bewärten eng Foto wanns se meg gefällt, ouni op den Numm opzepassen, den ass zwetgangesch.

Dat brengt mesch indirekt op eng Idee, wei wier et mat enger Seit fir Firselektioun wou Fotoen drop sin ouni Nimm vun den Useran do muss een dann voten,
Natierlech kennen User sech enernen verstäneschen wem seng Foto wou ass, awer et ass schon nes mat mei Opwand fir den onfairen User.

Mat den durno eraus huelen ass vollkommen oke, wat och gudd fir den Speicher vun äerem Server ass.

Lorry
06.07.2007 15:54 Lorryson ist offline E-Mail an Lorryson senden Beiträge von Lorryson suchen Nehmen Sie Lorryson in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Dei "Gruppen" kënnen daat zwar elo scho maachen, allerdings bréngt hinnen d'Bewärtung am Moment guer an glat näicht, et ass just eng Zuel, an gëtt neirens berücksichtegt oder sou. Heimat géif daat eben änneren, daat ass de klenge Problem.

Ech gleewen dir wanns de sees dass de net op den Numm oppass, wanns de bewärts, mee et ginn eben Leit dei et maachen, meeschtens relativ jonker (<15). Se verschwannen no 2 Wochen zwar rem, mee stéiren geif et an desem Fall trotzdem. Vläicht eng kleng Grenz dramaan, dass een 100 där skill Punkte brauch fir dass de Vote mattgezielt gëtt, wir eng Idee, mee ob et gutt ass ... schwéier soen.

Matt denger Firselektioun ouni d'Nimm ass awer e Problem: Soe mer d'Zäit wir elo 1 Woch, no der mer geife kucken ob d'Foto gehal gëtt oder net. Daat heescht jo esoulaang misst se och dodrann sinn. Also kann een eng Woch laang net gesinn vu wem d'Foto ass ? Daat ass och net de Sënn vun der Saach, och wann et d'Bewärtung liicht mei fair geif maachen.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 15:59 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
spako
Tripel-As


Dabei seit: 14.06.2006
Beiträge: 226

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ALso vum Prinzip hier fannen ech daat mat de Bewweertunge vun all de User jo mei "demokratesch", wann ech dann aawer zreckdenken un dei onendlech vill Diskussiounen dei et well gouf iwwert TopFoto a Bewertung wei se et lo gett (an dei jo ausser "Ruhm" naischt beaflossen) da froen ech mech ob dee System herno net nach fier mei Streidereien an Diskussioune waert suergen well et jo dann drem geet iwwerhaapt eng Foto kennen eropzelueden...

entweder et mecht een eng Selektioun an da muss eben een an de saueren Aapel beissen an dei Decissioun huelen oder et daerf einfach jidfereen alles eroplueden... natierlech kommen da vill Fotoen erop di an de Familjenalbum geife passen ... mee och do keint ee sech jo vlait derduerch hellefen dat een zb daat ganzt mat Skillpunkten aggrenzt.. wa lo een nemmen Fotoen eroplued an nie iergendswou ee Kommentar schreift, dann dreiht e jo net wiirklech zur Community bei ... do keint ee jo sou eng Grenz maachen... dei eischt 6 Fotoe sin "gratis" duerno muss een op mannst 30-40 oder sou Skill Punkten hun fier dei naechst aktiveieren ze kennen (doduerch geet een dann gezwongen op mannst e puer Kommentarer ze schreiwen an sech e bessi mei aktiv hei ze investeieren ... Leit dei ee Familjenalbum maache wellen dei loossen daat da seier bleiwe well et ustrengen ass mengen ech ) no engem gewessenen Skill-level keint een dann jo dei Limite mei eroofsetzen...(also mathematesch sin ech deck schlecht... ech wees och lo net weivill Comments een dann am Prinzip misst oofgin fier eng Foto kennen eropzelueden mee daat kann ee sech jo iwwerleen)

Waat lo nach ee Problem ass, ass dat da schnell d'Foto vun der eischter Sait eroofrutschen wann permanent Fotoe kennen eropgeluede gin ... doduerch verleiert ee vlait perseinlech un Publique deen seng Foto kuckt... ech maachen daat net mee ech denken dat aawer vill Leit nemmen dei eischt Sait kcuken an da war et daat ...wa vill Fotoen eropgeluede gin dann gin der och vill Iwwersinn..

mee och do kann et jo sin dat dei Funktioun vun Favourites deem oofhellef verschaaft ... ausserdem keint ee jo och ob der eischter Sait 3-4 Fotoe mat deene meeschten Hits aus deene leschten Stonnen uweisen ... respektiv sou random fotos, mee eben aus deene leschte stonnen...
06.07.2007 16:41 spako ist offline E-Mail an spako senden Homepage von spako Beiträge von spako suchen Nehmen Sie spako in Ihre Freundesliste auf
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also den Home wollt ech sws och änneren Augenzwinkern

De "Problem" bei den Topfotoen ass just dass d'Leit mengen hier Foto wir net gutt wa se an dem Vote net ugeholl gëtt, an se mengen se missten d'Jury a Fro stellen. Hei gin et keng sou ausgewielte Leit, an et sinn, sou wei emmer jiddereen et wollt, d'User dei entscheeden. Daat heescht, krass äusgedréckt, kënnen dei dann net mei meckeren kommen smile

Dass Fotoen direkt drop kommen ouni Waardezäit gesinn ech eischter als Virdeel wei als Nodeel. Ass mei verdeelt an nie vill op ee Koup.

Also ech geif mer scho mol e Kommentar firbereeden den ech dann emmer pasten bei schlechte Fotoen à la "Et muss ee sech Gedanke maachen firun der Foto, net nemmen drop lass knipsen, Bildopbäu a Perspektiv haaptsächlech si wichteg" Augenzwinkern (sorry mee daat trëfft bei 80% vun de refuséierte Fotoen zou)

Fir Fotoen roplueden ze kennen nemme wann een besse Skill mei huet ... Daat mengen ech brengt mei onsenneg Kommentarer matt wei der, dei engem wirklech hellefen, dee Risiko stufen ech als ze grouss ann, och wann d'Grondiwwerléung op kee Fall falsch ass, mee mer mussen einfach drun denken wei dei meescht Leit eben sinn.

Daat matt der Limit gëtt mengen ech gemaach wei den Treverer soot, 2 pro 20h bleift an zousätzlech ennerhalb vu 7 Deeg just 7 oder 8 Fotoen.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 16:54 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
coolpix
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Aaaalso,

ech geiw proposeieren, Photogen feiert esougenannten "Screener" an.. eng Grupp vun 20-50 User dei wierklech aktiv ass, an wann eng Mindestzuel vun den Screener (z.B. 60%) fier d'Foto stemmt, da gett se akzepteiert.

1. Fier ze verhenneren daat esou een Stau opkennt an keng Fotoen mei akkzepteiert ginn, soll d'Zuel vun den User variabel sinn, an wann en Screener mei wei 24h (z.B.) net mei ageloggt wor soll d'Zuel deen Moment automatesch eroofgesaat ginn.. Wann dann engkeier nemmen 12 Screener do woren ginn 7/8 (op- oder oofronnen) Votes duer. Waat de Prozentsaatz mei heich ass, waat de Risiko mei kleng ass daat e Stau opkennt (manner Screener mussen hier Stëmm oofginn).

2. Et sollen ausfeierlech formuleiert Grënn ginn, mee well Photogen nun eben och emol wiisst (OT: Weivill Photoen ginn den Dag eropgelueden, an weivill ginn der dovunner an der Moyenne aktiveiert?), sollten daat haaptsaechlech Standard-Grënn sinn (eng Lëscht vun 10-15 Critèren), an deenen "Tips" dra stinn wei een et dei naechst Keier soll besser maachen. Dann soll ausser deenen Checkbox-Grënn nach all Screener e klengen perseinlechen Kommentar kennen derbäi setzen, wann hien et fier neideg haellt.

3. D'Screener mussen User sinn, dei vill aktiv op Photogen sinn, an och motiveiert dei Aarbecht ze iwwerhuelen. Se mussen aus allen Beräicher kommen (Ufänker, Mettelklass, an nach besser.. [ech schreiwen elo net "Profi]). Wann dei User motiveiert sinn, an kapabel sinn Kommentarer ze schreiwen, da kreien d'User mat den oofgelehnten Photoen och Kommentarer zu net-aktiveierten Photoen...
06.07.2007 16:54
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

coolpix: Mer hu just 50 Leit dei iwwerhaapt aktiv sinn, dei Leit dei richteg vill aktiv sinn sinn der 10 - 15 vläicht. Daat sinn emmer di selwecht an herno gëtt dee Krees ze kleng, dann kennt wirklech rem genee daat Gemeckers op wei bei den Topfotoen. Wire mer zu mei User, soen mer 2 - 3 mol méi, wir de Firschlag gutt, mee hei, mengen ech ass en leider net esou ze gebräuchen, deet mer leed.

Däin 2. Punkt ass iwwregens genee waat mär scho maachen, mer schreiwen jo waat net gutt war un der Foto etc.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 16:57 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
-Laurent-
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

bon ech sin mam system am moment ganz zefridden, mee dann giff ech eng funktioun anbauen dadd een den eischten mount net voten duerf, dann kann een sech keng spontan accounten machen fier fotoen ze kicken, hmm woubei fotoen dei guer keng comments kreien dann och gekickt giffen gin unglücklich
06.07.2007 18:23
yoshi yoshi ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech fannen dei idee mat alleguer d'fotoen roplueden gudd, ech geif se awer dann gären gesin an engem eenzelnen deel um site, wou nemmen dei fotoen stin dei nach net ferdeg mat voten sin (op se bleiwen kennen oder net). des fotoen sollten dann och anonym sin.

op der plaaz kennen dann schon natierlech kommentarer geschriwen gin, flaicht awa och votes ouni kommentarer, demno wei dleit domat emgin...

wann lo genuch leit vir eng foto gestemmt hun, dass se um site bleiwen dierf, kennt se dann an dei normal gallerie ran, mam numm natierlech, kommentarer an votes bleiwen dobai. waat do den virdeel ass: op der home sait kommen nemmen dei drop dei scho sorteiert gi sin. an et gesait een d'fotoen flaicht mei laang, et kann een se jo schon kucken op deem eenzelnen raum an herno na eng keier ganz normal, wei een se och elo kann kucken.

schätzen mol domat geifen fotoen och bessi mei kommenteiert gin.
06.07.2007 18:29 yoshi ist offline E-Mail an yoshi senden Homepage von yoshi Beiträge von yoshi suchen Nehmen Sie yoshi in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie yoshi in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von yoshi anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Yannick wei stells de der daat fir? Dann kommen d'Fotoen reischt an dei normal Galerie no 1 Woch, an no 1 Woch interesseiren se keen méi. An anonym helleft och näicht well als Fotograf wëll een emmerhin reageiren op Kommentarer, dann därf een daat jo net maachen well soss d'Anonymitéit rem flöten ass.

"genuch Leit fir eng Foto gestemmt" daat geet iwwert en jo/nee System, mee net matt Bewärtunge vun 1 - 10. Wa mer geife soen: No 5 Votes gëtt entscheed, also gëtt dann no der Moyenne gekuckt ob se gehale gëtt oder net, dann kennt et oft derzou dass d'Foto mol kéng 5 Votes huet, oder eben et seet een 3 Kolleegen se sollen 10 voten dann geet et och schonn duer.

En plus, wann et getrennt ass, dohinner geet kéng Säu fräiwelleg kucken, an dann sehc nach midd maachen andems een bei immens schlecht Fotoen äusféierlech Kommentarer schreiwt. Déi besser, kommen natirlech normal ewech, mee daat ass lo scho genee esou.

__________________
404 - Not found
06.07.2007 18:36 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
Lydie
unregistriert
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also ech fannen d Haaptidee fir dassen all d User oofstemmen och guer net sou schlecht MEE
1. Denken och wei den Yannick dass et wichteg ass dass dei Fotoen wou dann nach net ganz oofgestemmt sin NET an der Gallerie sin well ech fannen datt dann den Foto niveau zimlech roof geet, ech wees jo waat dann alles sou hei drop wärt sin.. Fläit kinnt een do och eng Kategorie maan nierft Topfotoen an Nei Fotoen dei "oofstemmung" heescht oder sou..
2. Fannen ech et trotzdem wichteg dassen d Fotoen net direkt all Public sin ech fannen et wichteg dassen Rasistesch oder pornografesch saachen GUER NET ze gesin sin, daat heescht mer Admins missten d Fotoen menger Meenung no awer nach freischalten awer eben just ganz large. Geif et an dem Senn och net schlemm fannen dassen eng Grupp vun aner Leit des Aufgab mat iwerhuelen eben just soll et net fir all d Leit siichtbar sin, der wesst jo wei seier haut eng Pleinte kennt..
3. Ech fannen et och een Nodeel dassen dann dei mei jonk User onfair Fotoen rof respektiv roofvoten, daat misst een kucken weiweit daat gemaach gett, fläit ass et jo net sou schlemm.. Just wann et ausart sin mer rem mei domadd geploot wei mat Leit dei sou schon meckeren.
4. Ech froen mech allerdings och ob vill Leit zu "schlechten" Fotoen komentarer oofgin well wann ech sou kucken dann gin am allgemengen vill mei Kommentarer zu Fotoen geschriwen dei gudd unkommen. Jo an wann baal keen sech dei Mei mecht dann sin et schlussendlech rem emmer dei selwecht dei dann och rem den Schwarzen peiter mussen spillen..
06.07.2007 18:49
yoshi yoshi ist männlich
Tripel-As


Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 232
Herkunft: Echternach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

ech wees zwar net op do keng sau kucken geet, et sin der vill do dei soulaang op photogen drop sin, dass se dei nei fotoen aus langweil 3 mol kucken gin. en jo/nee system ass o net schlecht...
mee dann kann een dann nach keng kommentarer dobaischreiwen mat vote, an daat hällt dann flaicht eichter dleit oof.

doduerch dass se reicht an enger woch an d'gallerie kommen, an virdrun op enger anerer plaaz waren, intresseieren d'fotoen grad dann. also do ass jo dann keen ennerscheed zum aktuellen system, an do schengen d'leit jo awa un den neien fotoen intresseiert ze sin.

du hues do bessi an widdersprech geschwaat. du sees et geet keen se kcuken an deen separaten deel an dann sees de no enger woch reicht an gellerie dann intresseiert et keen mei, wann jo awa keen se kucken war, dann geif et jo keen ennerscheed maan.

an ech geif e bessi mei leit wei nemmen 5 ofstemmen loossen, 12 steck oder sou.... souvill ugemellten kollegen hun dei meecht net Augenzwinkern
06.07.2007 18:56 yoshi ist offline E-Mail an yoshi senden Homepage von yoshi Beiträge von yoshi suchen Nehmen Sie yoshi in Ihre Freundesliste auf Fügen Sie yoshi in Ihre Kontaktliste ein MSN Passport-Profil von yoshi anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Jo mee matt esou enger, soen mer, temporärer Galerie, verréckelen mer souzesoen d'Neitst Fotoen dohinner. Entweder geet keen oder ze weineg dohinner kucken, da kommen net genuch Votes zesummen oder et bräuch ze laang. An wann daat net de Fall ass, an et ginn der genuch dohin kucken, dei sinn dann no enger Woch net mei un de Fotoen interesseiert. Ech wollt domat eben soen dass et weder den ee Wee, nach den aneren, wirklech gutt ass.

Bei 12 Leit dei mussen oofgestemmt hun, ginn der 5 matt 10 duer dass d'Moyenne praktesch bei der Halschent läit (dei aner musse jo op manst 1 voten). A 5 Leit geif ech z.B. zesummerafe kënnen dei daat maachen smile

D'Lydie huet am fong de Problem schonn indirekt ugeschwaat, eigentlech wir et besser se net direkt an der Galerie ze hun mee als 4. soot et eben ob iwwerhaapt d'Leit do eppes geife maachen. A wann ee keng Comments schreiwen kann, dann huet et jo och kee Wärt, dann ass den aktuelle System besser, well dann geifen d'Leit hier Fotoen ouni Grond refuseiert kreien.

Wei ee mierkt, läuter Dilemma'en ...

__________________
404 - Not found
06.07.2007 19:04 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
MarcGerard MarcGerard ist männlich
Kaiser


images/avatars/avatar-192.gif

Dabei seit: 26.09.2005
Beiträge: 1.395

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

also déi vote-galerie gefällt mer éierlech gesot net smile
mee ech gesin as dass fotoen net mat engem automtesche script kënne geläscht gin. do muss een oder méi mënschen derhannert fir ze urdeelen ob fotoe wierklech geläscht gehéieren.

__________________

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von MarcGerard am 06.07.2007 20:57.

06.07.2007 20:53 MarcGerard ist offline E-Mail an MarcGerard senden Homepage von MarcGerard Beiträge von MarcGerard suchen Nehmen Sie MarcGerard in Ihre Freundesliste auf
Lorryson Lorryson ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 24.06.2007
Beiträge: 20
Herkunft: Medernach

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Et kenn een jo och sou machen ,wei schon gesoot gin ass mat engem Bottem nieft Topfoto an Neisten Fotoen ,Vierselektion,
Ech gesinn dat Diskutioun doraner leit dat se zelang net an der normale Galerie ass, ech mengen och elo gouf relativ seier driwer entsched op se eran komm oder net.
Meng Propos.
Foto kennt an dei Vierselektioun vier een oder maximum 2 Deeg, wou User mat engem kurzen jo/nee desideiren op se an dei normal Galeri kenn oder net.Dann leet een eng moyen fest (beispil 70%) fir jo ,dannget se opgehol.
Fir ze vermeiden dat Hummpuck gediwen get an User eng Foto kennen extra pushen, bleiwt vote resultat nemmen firAdmin sichtbar.

Iwer Pornographesch Fotoen asw. ech mengen datasskloer do get et fir mech keng Diskousioun ,dat ass Tabou an sollen och net op den Site.
07.07.2007 11:02 Lorryson ist offline E-Mail an Lorryson senden Beiträge von Lorryson suchen Nehmen Sie Lorryson in Ihre Freundesliste auf
Sam Sam ist männlich
Jungspund


Dabei seit: 11.09.2006
Beiträge: 22
Herkunft: Heisdorf

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Also fier dem Problem aus den Feis ze goen, dass d Schold emmer bei den Administratoren gesicht gett, gett et nemmen eng Meiglechkeet an dei ass, dass dei aaner User mat doriwwer kennen bestemmen...
Ech fannen perseinlech dem Yoshi seng Idee zimleg gudd, dass teschend dem Upload an dem Unhuelen an der Galerie nach eng Teschenetappe ass, wou eben d'User (eventuell mat 100 skillpunkten an mei), mat jo an nee kennen ofstemmen op d Foto an d Gallerie opgeholl soll gin oder net. Ech menge schon dass d Leit dohinner kuken gin... an wann net kann een se quasi nach emmer forceieren dohinner kuken ze goen. Et keint een jo maachen, dass all eropgelueden Foto an eng waardeschlaang kennt an reicht an d Teschenetappe kennt wann eng aaner dei 5 (oder weivill et der dann och gin) Votes kruut. Ech geif soen, dass dat sollten maximal 6-8 Fotoen sin.
Ech geif allerdengs soen, dass een net mat Nee dierft stemmen ouni en Kommentar oofzegin. Fier Kommentarer ze eviteieren dei einfach neicht wellen heechen, dei dann just geschriwwen gin fier, dass dei eegen Foto meiglechst schnell ugewisen gett, keint een jo och an hand vun Checkboxen en kommentar per click erstellen. Wei zum Beispiel:
Den User ass der Menung, dass deng Foto net soll ugeholl gin, well: Den Bildopbau net klappt an d Motiv schlecht en scene gesaat ass.
Sou ass menger Menung no hidderengem gehollef! Net sou gudd Foto kreien gesoot wat net gudd drun ass an dei emstridden oder bessen besser, iwwerd dei kann dann jo nach an der Rubrick nei Foto gestridden an diskuteiert gin Augenzwinkern wat och secher den Fall wert sin, well jo emmer nemmen eng gewessen unzuel vun Fotoen an der Teschenetappe sin, an een dei jo awer net 10 mol brauch ze kukn Augenzwinkern
Wann dei Fotoen dei net ugeholl gin sin gelöscht gin geif ech soen, dass den User d Grenn gepmst kritt, well sos jo den Risiko besteht, dass en se nie werd liesen.

Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Sam am 07.07.2007 11:27.

07.07.2007 11:23 Sam ist offline E-Mail an Sam senden Homepage von Sam Beiträge von Sam suchen Nehmen Sie Sam in Ihre Freundesliste auf MSN Passport-Profil von Sam anzeigen
Johny Johny ist männlich
Foren Gott


images/avatars/avatar-1.gif

Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976

Themenstarter Thema begonnen von Johny
Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Sam, deng Idee matt 6 - 8 Fotoen, an dass een dann reischt dei next gesäit wann dei eischt an der Rei fort ass, gefällt mer guer net sou schlecht. An technescher Sprooch ass daat en Buffer smile An selbstverständlech MUSS ee matt uginn waat net gutt ass, soss bleiwe mer beim ale System. De User geif daat zwar net iwwer PM gesot kreien, mee iwwert System Messagen dann, dei mam Update agefouert ginn Augenzwinkern

En plus haat ech geduecht fir eng extra Sektioun ze maan matt mei prezisen Erklärungen waat ee genee muss besser maachen, wann een aus dem an dem Grond eng Foto refuseiert kritt. Daat geif souzesoen zimlech gutt matt denger Variant harmoneiren geif ech emol sou soen.

Merci fir dee Firschlag.

__________________
404 - Not found
07.07.2007 17:38 Johny ist offline E-Mail an Johny senden Beiträge von Johny suchen Nehmen Sie Johny in Ihre Freundesliste auf
gloda
König


Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926

Auf diesen Beitrag antworten Zitatantwort auf diesen Beitrag erstellen Diesen Beitrag editieren/löschen Diesen Beitrag einem Moderator melden       Zum Anfang der Seite springen

Johny, dat mam Button as eng gudd Iddi. Evtl. kann een dat och bei Kommentarer setzen, sou dass Frechheeten kënne gemellt gin (ech krut op aneren Siten alt schon emol den konstruktiven Kommentar 'you're an idiot') mee ech weess net ob mer dat brauchen.

Patrickr, den Problem mat engem System wou Fotoen vun der Community gekickt gin: dat as fuerchtbar demotivéierend, well dann kritt den Fotograf d'Gefill dass di aner et op en ofgesin hun. Wann dësen System trotzdem sollt aplizéiert gin géif ech soen, amplatz vum Voting, deen problematesch as (an wat as dann mat Leit wéi mir wou en ëmmer ofschalten), géife mer en Buzzer huelen (wéi bei Popstars) deen een uklickt wann eng Foto soll fléien. Den Problem vun der Demoraliséierung bleiwt.
Eng Karantänezäit fir Fotoen fannen ech net gudd. Ech wëll elo wëssen wat déi aner vun ménger Foto halen, an ech wëll elo op hir Kommentarer réagéieren kënnen, net eréischt no enger Woch. Ausserdem as et praktesch ze gesin vun weem eng Foto as, well een sech iwwer d'Usergalerie en Bild vum Fotograf machen kann an gezielt kommentéieren kann wéi den Fotograf sech nach verbesseren kéint, respektiv firwat en eng Gaffe bei sénger Foto gemach huet.

Dem Spako säin System kléngt interessant. Déi wou sech engagéieren, weisen dass se un der Community interesséiert sin an bäiléieren wëllen dierfen den System notzen, déi wou "schmarotzen" kréien Limiten. Den Problem: sou regelt een Quantitéit, net Qualitéit. Et hëlleft also just géint Massen-uploads.

Coolpix, Screener géifen op dem selwechten Prinzip baséieren wéi Topfotoen, dat wëllen mer jo évitéieren. Déng "Lëscht vun 10-15 Critèren" fannen ech gudd. Déi géif ech als Lëscht accessibel machen, beim Upload nach emol eng Checkbox setzen ("Ech hun d'Lëscht gelies an sin domat averstanen"), an bei engem Refus op en Punkt an der Lëscht verweisen. Den Virdeel par rapport zum momentanen System as dass d'Admins méi séier duerch d'Fotoen kommen.

Den Buffer fannen ech net immens. Ech kucken d'Fotoen selektiv, oft gesin ech schon um Thumbnail dass se mech kee Meter interesséiert. Ech hu keng Loscht forcéiert ze gin ze voten fir aner Fotoen ze gesin.

Ech resuméieren:
-D'Admins sollen net méi d'Miesepeter sin un denen de Frust kann ofgelooss gin
-D'User sollen matdécidéieren
-D'User sollen net forcéiert sin eng Foto ze acceptéieren, et soll en Privileg sin.
-Voting kann mëssbraucht gin, Cliquen kënnen sech bilden.
-Eng separat Gallerie spléckt PG an zwee, an d'Fotoen kämpfen weider ëm dem Viewer séng Opmierksamkeet, net vill anescht wéi elo, just dass et drëm get op d'Foto do bleiwt oder geläscht get.

Mäin Virschlag:
Amplatz eng Foto ze refuséieren, schéckt den Admin se, wann se d'TOS net verletzt, an d'PG Recycling Bin. Se flitt no enger Woch definitiv, ausser zwee User benotzen hiren Veto (1 Veto pro Mount fir "Neulinge", 12 Vetoen d'Joer fir Leit mat e bëssen Skillpunkten.)
-Den Admin as net méi den Miesepeter wann eng Foto gelöscht get, well d'Community huet décidéiert se net ze recycléieren.
-D'User kënnen Afloss op d'Refuséieren huelen.
-Den Voting kann nëmmen eemol de Mount mëssbraucht gin - fir eng Clique geet dat net duer sech géigesäiteg déi ganzen Zäit ënnert d'Ärm ze gräifen.
-Mir sortéieren weider d'"Spreu vom Weizen", an d'Qualitéit vun den Fotoen op PG bleiwt assuréiert.

__________________
www.gloda.net
07.07.2007 19:43 gloda ist offline E-Mail an gloda senden Beiträge von gloda suchen Nehmen Sie gloda in Ihre Freundesliste auf
Seiten (4): [1] 2 3 nächste » ... letzte » Baumstruktur | Brettstruktur
Gehe zu:
Thema ist geschlossen
Photogen.lu Forum » Allgemeng » Kritiken an Verbesserungsfierschléi » Fotoen unhuelen oder net, nei Ideen

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH