patrickr unregistriert
|
|
Ech stelle mer a leschter Zäit emmer méi dacks d'Fro, ob et iwwerhaapt nach e Wert huet hei am Land an e Fotosbuttéck ze goen fier Material ze kafen. Ech versti jo dass den Internetversandhandel mier ausser gudde Präisser an enger super Verfügbarkeet esou gudd ewéi keen Service Avant et Après-Vente ka liwweren. Ech hun dofier och absolut kee Problem dermat op 500 Euro vläit 50 Euro méi ze bezuelen wann de Service stemmt.
Mee wat fier e Service bezuelen ech dann, wann e Buttéck 35 Euro fier eng Späicherkaart (Sandisk UltraII 2Gb) well di praktesch iwwerall bei de Versandhäiser em di 20 Euro kascht. As et dat derwärt, oder anescht formuléiert, as dat nët komplett iwwerdriwen? Wann een dann d'Läit frendlch em eng Reduktioun freet , mat der Begrennung dass 35 Euro awer ze vill sin (30 Euro hätt ech nach vläit dofier gin, an ech wollt 2 bis 3 vun de Karten), da kennt emmer erem di selwescht Litanei: "Mier kennen do nët mathalen, di aner si kriminell, bei eis get et awer e Service asw". Ech ka just soen, dass ech fier eng Späicherkaart op all Service verzichte kann.
Verlangen ech zevill?
|
|
24.05.2007 16:19 |
|
|
-Laurent- unregistriert
|
|
nee du verlangs net zevill, ett schengt den butteker hei am land souwisou ze gut ze goen, emmerhin gett lo hei zu dikkresch wou ech emmer kaaft hun schon refuseiert schwartz weiss filmer ze entweckelen mat der begrennung sie krieten der net genuch ran, bon sie verkaafen och keng mei, kann een och keng bestellen... sou sachen machen mech dann och rosen well genee sou detailer sin daat waat den ennerscheed zweschent internet an geschaeft ass, du kanns op den klient angoen... mee bon gett jo och nach treier wou een super service kritt an gudd preisser ^^ hei am land wellen se meng suen jo net ....
|
|
24.05.2007 16:36 |
|
|
Alphonse_M
Mitglied
Dabei seit: 11.02.2007
Beiträge: 31
|
|
Ech wees zwa lo net a wéiengem Geschäft's du wars mee ech wees mol dass en zimmlech groussen Praisennerscheed zwescht zb. dem Fototrade an dem Mirgain bei der Post besteet. Mathematesch ausgedréckt: Px(Ft)<Px(Mg)
Et misst een do nach zweschent Geschäfter ennerscheeden déi einfach nemmen deier sinn an dem Recht.
|
|
24.05.2007 16:44 |
|
|
Penguin
Mitglied
Dabei seit: 30.09.2005
Beiträge: 42
|
|
Bei deene méi klénge Geschäfter as et jo sou, datt se hir Wueren a klénge Quantitéiten akaafen & dodurch as de Präis am Akaaf schon méi, wéi wann een elo an groußer Quantitéit bestellt. En plus, waat huet dee kléngen Endverkeefer dovun engem riesen Stock, wou en net sëcher as, op en sénger Wuer lass gët. Zummols an dem Beräisch vun der Technik démodéieren d'Saachen relativ schnell.
Gréisser technesch Deeler kaafen ech an engem Butték, wou ech wees, datt ech en Service aprés-vente hun, och wann ech wees datt ech vielleicht bessi méi bezuelen muss. Kléngegkeeten kaafen ech do, wou se dee beschte Präiss hun.
__________________ .oO geh' deinen weg und lass' die leute reden Oo.
|
|
24.05.2007 17:15 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
also, normalerweis kaafen ëch narwëll ganz gären hei am Land,
wann den Preis - éenegermoossen - stëmmt !!
Ech hun schon Objektiver hei kaaft, dei , bei engem Preis vun ca. 800 .- Euro hei zu Lëtz. an Deitschland (Internet ) mind. 80 .- Euro mei belleg waren.
Wann éen dann mam frëndlchen Verkéefer , wei zB. beim Mirgain, en besselchen streit, pardon, handelt, dann kritt éen nach en UV - Filter derbei , déen jo ëmmerhin och sou (wei bei mengem 17-40 L ) mind. 60 .- Euro kascht.
Lo as ët awer sou, dat ëch mir eng Eos 5 D kaafen wollt.
hei am Land = 2. 600-2. 700 .- !!
An Deitschland, zB. bei AC-Foto , déen jo ganz bekannt as vir 1 A Service = 2. 499 .- !!
weider an Deitschland , zB . bei Alpafoto zu Neuwied = 2. 270 .- Euro , wuelgemierkt, Deitsch Wuer mat Deitscher Garantie asw..............
sou, 3 x duerft dir lo rooden, wouhin ëch deslëscht Samschdes hingefuer (hin an hier, ronn 340 km ) sin, fir
a. d'Kamera unzekucken
an
b. sëcher ze sin, dat och alles richeg as, wëll, wat éen mir um Telefon erzielt oder per email - bestätegt - .......... bei déenen Preisser sin ëch awer immens viersechteg !!! !?
Déen Ënnerschéed , déen war mir lo awer dach zë gewallteg , wat ëch unhuelen, dat dir daat och verstidd !!!
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Knolles am 24.05.2007 19:02.
|
|
24.05.2007 19:00 |
|
|
Garry unregistriert
|
|
hmm.. as eng kniffeleg Fro daat dooten :S ...
also ech sin do folgender Mehnung: photographesch accessoiren dei lo keng richteg hardware sin dei kaafen ech all am internet. Se si bellesch, schnell do, mus neierens hifueren, Service as top et voila....
Suulaang ett Markesaache sin as normalerweis keng grouss Gefoer do datt eppes freckt as.. Normalerweis....
Bon... meng Bletzanlaach hun ech och am net kaaf. t as weder Broncolor, nach hensel, nach hedler oder Multiblitz asw... mee su eng low budget Mark eben... ha... 1 Mount domadder geschafft... e Mol ze fest un der Klemm gezunn..paetsch... freckt war de Greff.. plastik s***..... mee daers war ech mer d'office bewosst... de choix war: +-5000 E bei broncolor a co. oder 800 E mat Compromiss... :S an ech hun eben net d'Gleck d Suen ze s*******...
Kameraen hun ech nach all hei am Land kaaf..daat as mer mei secher weinst dem service apres vente mee deen huet een och am Ausland.... :p
klenge pS: verschiddener vun eise Buttiker am Land bestellen d'Saache selwer iwwert internet ...
.... psssst...
ech geng soen d mus een einfach oofweie wei kriddelesch de produit as an deem no dann entscheede wou kaafen..mee as och rem liit gesoht....
|
|
25.05.2007 13:24 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also informeiren maan ech mech sws emmer iwwer Internet eiert ech an e Geschäft ginn, d.h. bei mir spillt dem Verkeefer säi Gebraddels mol meeschtens keng Roll
Wann den Präis-ennerscheed dann kleng ass, kafen ech hei am Land am Geschäft, wann en grouss ass, gëtt bestallt. Ech hun allerdings bis lo meng nei Saachen alleguer hei bestallt, bis op mäi Rucksaak. 2 Objektiver hun ech iwwer Internet gebräucht kaaf, an sinn och domat deck zefridden (hun der och schonn selwer zwee esou verkaf)
Waat d'Späicherkaarte ugeet deis de direkt ugesprach haas, sin d'ënnerscheeder enorm. Ech hun am Internet 3x2GB Cf bestallt woubei ech dann fir net mol 150€ haat, hei am Land hätt ech 180 fir ENG bezuelt. An dass do daat Argument mam Service feelschléit, ass kloer, an an dem Beräich geif ech net soen dass de ze vill verlaangs
__________________ 404 - Not found
|
|
25.05.2007 13:32 |
|
|
Penguin
Mitglied
Dabei seit: 30.09.2005
Beiträge: 42
|
|
Souwisou as am läschten halwe Joer de Präiss vun den CF Kaarten enorm gefall. Souwuel am groußen, wéi am klénge Buttek (et gin ëmmer nach Ausnahmen). Virun e puer Méint huet een mool nach ëm déi 120€ fir eng CF 2GB (x-treme3) missen blechen, & elo as et +/- d'halschent dovun.
__________________ .oO geh' deinen weg und lass' die leute reden Oo.
|
|
25.05.2007 15:08 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Penguin: Eben net. D'CF Präisser ware virun engem Joer schonn niddreg. Mee just um Internet. Ech wees et well et war dei Zäit wou ech meng kaaf hun.
__________________ 404 - Not found
|
|
25.05.2007 15:11 |
|
|
Penguin
Mitglied
Dabei seit: 30.09.2005
Beiträge: 42
|
|
hun den internet net konsidéréiert! ech hun just de präisfall an de geschäfter gekuckt.
__________________ .oO geh' deinen weg und lass' die leute reden Oo.
|
|
25.05.2007 17:34 |
|
|
ploro
Routinier
Dabei seit: 07.01.2006
Beiträge: 274
Herkunft: Dikkrich
|
|
hei uewen kascht eng 2gb ultra II !!!! emmer nach 70 euro am internet krit een dei fir 3 mol mei belleg, an denen fäll kafen ech kloer internet!
|
|
25.05.2007 18:50 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
hun den Metteg mat engem Verkéefer zu Ettelbreck geschwaat,
op meng Fro hin, virwaat ët ën Ennerschéed vun ca. 500 Euro op eng 5 D geif gin huet hien mir geäntwert, - keng Ahnong - et on plus , kreien mir eis Canon's och aus Deitschland.
Wien verstéet do nach äppes ??
hun sie nët och nach mei eng heich TVA ?
|
|
25.05.2007 21:34 |
|
|
gloda
König
Dabei seit: 02.10.2005
Beiträge: 926
|
|
Get d'TVA net eréischt op den Endverkeefer berechent? An deem Fall géif et keen Ënnerscheed maachen wou se hierkënnt.
__________________ www.gloda.net
|
|
25.05.2007 21:44 |
|
|
Kwitchibo
Dabei seit: 23.06.2006
Beiträge: 441
Herkunft: Eng PERSON WOU MA IMMENS VILL BEDEIT!!!
|
|
kaafen kaafen kaafen
KONSUMEIREN YEAH
|
|
25.05.2007 21:45 |
|
|
Knolles unregistriert
|
|
Zitat: |
Original von Kwitchibo
kaafen kaafen kaafen
KONSUMEIREN YEAH
|
wann den Jean-Claude dëch heiert
|
|
25.05.2007 22:09 |
|
|
|